· 

Ee schwarzen Dag

Walen 2023: CSV stagnéiert, erkläert sech awer zum Gewënner

Lëtzebuerg huet gewielt, "Luxembourg Jungle" huet sech bei de Walgewënner a -verléierer emgelauschtert. Fazit: et war ee schwaarzen Dag!

Obwuel de #Luc bal een Drëttel manner Stëmmen am Verglach zu sengem beschte Resultat kritt huet, an d'CSV bei 21 Sëtz stagnéiert, gesäit hien sech als klore Walgewënner. 2004 huet hien 41.908 Stëmme kritt, awer zanterhir ass et ëmmer méi biergof gaangen.

  • 2004: 41.908 Stëmmen
  • 2009: 41.889 Stëmmen
  • 2013: 29.441 Stëmmen
  • 2018: Hien hat d'Flemm mat de Lëtzebuerger a wollt net als einfachen Oppositiounsdeputéierten an der Chamber sëtzen, dofir hat hien sech schonn 2013 duerch d'Bascht gemaach an huet sech eng gëlle Nues an der Privatwirtschaft verdéngt.
  • 2023: 30.399 Stëmmen

A senger Ried um Walowend huet hie senge Sponsoren, de Promoteuren Giorgetti a Besix Red, en décke Merci ausgesprach. Nach virun e puer Deeg huet de #Luc sech zesumme mat der Stater DP-Buergermeeschtesch Lydie Polfer an engem Gourmetrestaurant zu Monnerech mat den Immobilienhaien Marc Giorgetti an Étienne Schneider (Besix Red, LSAP) getraff, wou éischt Koalitiounsgespréicher stattfonnt hunn.

Dem #Luc seng politesch Prioritéit besteet doran, den Austeritéitsprogramm, deen hien 2013 #Zesummen mat der LSAP ugefaangen hat, endlech 2023 mat der DP op en Enn ze bréngen, bis de Sozialstaat geschluecht ass.


Och interessant:


Bis op e puer vandaliséiert Affichen, hunn international Walbeobachter de korrekten a rouegen Oflaf vun de Wale bestätegt.

▲ Beispiller vu Vandalismus u Walplakater.
▲ Beispiller vu Vandalismus u Walplakater.

Obwuel si kee Frënd vum #Luc ass, huet déi fréier LSAP-, SDP- an CSV-Politikerin Astrid Lulling sech zefridden iwwert d'Walresultat gewisen. Si huet hir Freed och op Facebook matgedeelt.

Biarritz: de Grand-Duc war iwwerrascht

Den Nach-Premier Xavier Bettel huet haut den éischtbeschte Privatjet geholl an ass op Biarritz geflunn wou hien dem Grand-Duc d'Demissioun vun der Regierung presentéiert huet. Deen huet sech ganz erstaunt iwwer dem Premier säi Besuch am franséische Midi gewisen, well hie glat a guer näischt matkritt hat, datt zu Lëtzebuerg Wale wieren. 

Reaktiounen

Och wann d'Zozialisten liicht zougeluecht hunn, gehéieren si awer zu de Verléierer. Well elo och eng Koalitioun ouni d'LSAP méiglech ass, bleiwen d'Zozialisten beschtefalls als Köder an als Drockmëttel am Gespréich. Den déngschteelsten Ausseminister vun der Welt, Jean Asselborn, ass guer net op der Walparty vu senger Partei erschéngen, hien huet en Tour mam Vëllo gemaach an sech op déi Manéier säi Frust ofgestrampelt. De Wirtschafts- a Kooperatiounsminister Franz Fayot, deen op sengen Déngschtreesen nëmmen an exquisite Luxushotelen iwwernuecht an sech et mat héichwäertege Wäiner an deieren Iessen gutt goe gelooss huet, ass niddergeschloen. "Wie bezillt lo meng Rechnungen?", war seng éischt Reaktioun um Walowend.


Och interessant:


Ma virun allem bei de Gréngen ass d'Stëmmung nach méi bedréckt, si fale vun 9 op 4 Sëtz an ginn domat an d'Joer 1989 zréckkatapultéiert, wéi GLEI a GAP zesummen op 4 Sëtz an der Chamber koumen. Deemols waren si nach Idealisten, déi an der Friddensbeweegung, der Antiatombeweegung, der Fraebeweegung an am Emweltschutz aktiv waren. 2023 huet de Krichsminister François Bausch, deen eng Virléift fir Deplacementer am Privatjet huet, an engem Wort-Interview zouginn, ni Pazifist gewiescht ze sinn. Gréng Politik zeechent sech hautdesdags och duerch de Bau vu Schnellstroosse, Landschaftsversigelung, d'Begeeschterung fir d'Juegd an en onverkennbaren Hang zu der Bourgeoisie bohème aus, an d'Obregkeet vun der grénger Partei versteet net, datt dës nei Wäerter bei hire Stammwieler net ukommen. D'Spëtzekandidatin Sam Tanson huet matgedeelt, déi Gréng géngen sech an der Oppositioun renaturéieren.


Och interessant:


Grond fir ze feieren hate se bei der rietsgeriichten ADR, déi et mat klasseschen Themen vun der Lénker fäerdeg bruecht huet, en Deel vun der Aarbechterklass op hir Säit ze zéien an esou hir rietsextrem Themen ze iwwertünchen. Sou funktionéiert eben de Populismus. Bal hätten d'Enthüllungen vun der Press iwwert der ADR hir Verbonnenheet mat faschistesch ugehauchte Sekten hir ee Stréch duerch d'Rechnung gemaach, mee glécklecherweis war d'ADR-Wielerschaft dorun net interesséiert an huet aus Roserei wéinst der Politik vu Blo-Rout-Gréng trotzdeem d'Kräiz op déi "richteg" Plaz gemaach.


Och interessant:


Souguer de Bonvivant an Dissident Roy Reding, deen d'ADR opgrond vu sengen iwwerdriwwenen Absencen souwuel an der Chamber wéi och bei de Parteigremien net méi wollt als Kandidat mathuelen, an deen dofir am Juli seng eege Partei "Liberté, chérie!" gegrënd huet, déi an der Tëschenzäit schonn zwee Mol de Numm geännert huet, konnt der ADR keng Bengelen an d'Speeche geheien. Dem Roy Reding seng nei Partei, bei där sech haaptsächlech Schwurbler opgesat haten, goung bei de Wahlen an der Bedeitungslosegkeet ënner.


Och interessant:


Keng Chance hat och de fréieren CSV-Parteipresident Frank Engel, deem seng nei Partei HokusFokus souguer bei sengem Frëndeskrees keen Uklang fonnt huet. Verbattert, rosen an frustréiert huet hien senger Onzefriddenheet um Walowend op Facebook Loft gemaach. 

▲ Screenshot vum Frank Engel sengem Message un d'Wieler vum 8/10/2023
▲ Screenshot vum Frank Engel sengem Message un d'Wieler vum 8/10/2023

Bleiwen nach déi zwou Oppositiounsparteien Piraten an déi Lénk, déi och weiderhin an der Oppositioun sëtzebleiwe, well et keng nennenswäert Verschiebungen zu hire Gonschte goufen.

D'Piratepartei huet festgestallt, datt och fir si d'Beem net an den Himmel wuessen an datt Ëmfroe vun der  ILRES eppes anescht sinn wéi richteg Walen. Vun de virausgesote 7 Sëtz bloufen der den 8. Oktober schlussendlech nach just 3 iwwreg, wat ëmmerhin ee Gewënn vun engem Sëtz ausmécht. Dass d'Resultat net besser ausgefall ass, hunn d'Piraten ënner anerem hirem Skandal- a Spëtzekandidat aus dem Osten, dem Frère Daniel ze verdanken, dee mat de Spenden fir säin Déierclub d'Walkampagne vun de Pirate bezuelt huet.


Och interessant:


Déi Lénk komme mat hirem realitéitsfriemen, utopeschen an zum Deel widderspréchleche Programm mat engem bloen Aen dovun a behalen, trotz landeswäite Stëmmeverloschter, hir zwee Sëtz an der Chamber. Amplaz sech op déi klassesch Theme vun der Gauche ze konzentréieren, hu si sech, grad wéi 2018, an onverständlechem, onlogeschem Geplänkel verluer.

Lo ass mol Rou mat de Walplakaten, Radios- an Telleesspoten, Reklammeblieder, Ronndëschgespréicher, vu Politiker iwwerlafe Fritten- a Quetschefester, Gadgeten, Heuchelei an Opportunismus. Awer net fir laang. Just bis d'nächst Fréijor, da geet et nees lass, well vum 6. bis de 9. Juni 2024 fannen Europawale statt.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0