· 

ECH!

Kapitän vun der Titanik

De Luc Frieden huet all seng Joben opginn fir kënne Spëtzekandidat vun der CSV ze ginn. Dat huet hien an engem Interview den 29. Abrëll 2023 bei RTL verroden. Mir hunn eis mam prominenteste Chômeur vu Lëtzebuerg ënnerhalen.

Luxembourg Jungle: Här Frieden, vill Leit stellen sech d’Fro, wéi Dir dat maacht fir ze iwwerliewen, well Dir jo op all Ären Aarbechtsplazen gekënnegt hutt fir kënne Spëtzekandidat vun der CSV ze ginn.

Luc Frieden: Jo, ech hu mat all menge beruflechen Aktivitéiten opgehalen a verdéngen iwwerhaapt keng Sue méi, mol kee Chômagegeld. Ech liewe vu menger Fra hirer Pai, muss also de Rimm vill méi enk zéien. Amplaz beim Traiteur, maachen ech meng Kommissiounen elo beim Aldi oder beim Lidl. Beim Aarmebüro hunn ech mer Bongen ugefrot fir kënnen an d’Épicerie sociale akafen ze goen. Et ass eng ganz schwéier Zäit fir mech, awer ech loossen de Kapp net hänken. Ech liewe schliesslech fir an d’Zukunft ze kucken.

Luxembourg Jungle: Hutt Dir eng Kristallkugel oder wéi maacht Dir dat fir an d’Zukunft ze kucken? Vu que dass dee leschte Sondage jo net esougutt ausgefall ass fir d’CSV, wéi gesäit dann d’Wahlresultat vum 8. Oktober aus?

Lux Frieden: D’CSV war scho fréier an ass och haut um richtege Wee, well mir hunn ee Plang. Ech sinn de Kapitän an déi aner sinn d’Leichtmatrousen. Ech lotsen d’CSV an déi nächst Regierung. 2013 hat d’CSV ee super Wahlresultat. Ech iwwregens och. Ech hat ronn 30 Dausend Stëmmen.

Luxembourg Jungle: Pardon, Dir hat dach 2013 nëmmen 29.000 Stëmmen an Dir hat der déi Wahlen virdrun, also 2009, 42.000. Dat ass ee Minus vun 13.000 Stëmmen. 2009 krut d’CSV am Zentrum nach bal 39 Prozent an haut läit se bei 27 Prozent. Dat ass dach awer éischter ee Verloscht trotz Ärer Spëtzekandidatur.

Luc Frieden: Dat do bréngt eis net weider. Ech sinn hei fir iwwert d’Zukunft ze schwätzen an ech wëll net dauernd an de Réckspigel vun der Geschicht kucken. Vergaangenheet ass Vergaangenheet! Ech sinn dee beschte Spëtzekandidat, deen d’CSV je hat. Meng Erfahrung als Justizminister, als Finanzminister, als Verteidegungsminister, meng Erfahrung als Direkter vun der Deutschen Bank, beim Lëtzebuerger Wort, bei der BIL, bei der Cargolux a meng Erfahrung als President vun der Handelskammer hu mech genau zu deem Richtegen gemaach fir d’Spëtzekandidatur vun der CSV ze iwwerhuelen. D’Land huet op ee wéi mech gewaart, well déi aktuell Politik ass een eenzegen Échec. Ech maachen alles anescht an alles besser.

Luxembourg Jungle: Wat maacht Dir dann anescht? Maacht Dir eng Steierreform? Wéi ass et mat der Ëmweltpolitik?

Luc Frieden: Ech lauschteren de Leit no. Haut de Moien war ech um Stater Maart an hu mat de Leit gepotert. Dat mécht soss keen. Ech maachen eng Steierreform wann ech bis Premier sinn. Ech setzen de Betriber hir Steieren erof, well mir mussen den Triple-A behalen. Och a punkto Ëmwelt wäerd ech mech fir eng aner Politik asetzen. Ech schafen d’Ëmweltstudien an d’Kompensatiounsmoossnamen of. Da kann endlech iwwerall dat gebaut ginn, wat d’Promoteure wëllen.

Luxembourg Jungle: Hutt Dir een Team, dat Iech zouschafft?

Luc Frieden: Neen, ech maachen alles eleng. Esou hunn ech et nach ëmmer gemaach.

Luxembourg Jungle: Gitt Dir an d’Chamber sëtzen, wann d’CSV nees an d’Oppositioun geschéckt gëtt, wat jo wahrscheinlech wäerd de Fall sinn?

Luc Frieden: Sou, mir musse leider elo hei ophalen, well ech ginn op den Oktavmäartchen mat de Leit schwätzen, ech muss nach e puer Punkten zesummekréien fir mäi Wahlprogramm ze fëllen.

Luxembourg Jungle: Här Frieden, mir soen Iech Merci fir d’Gespréich.

Kommentar schreiben

Kommentare: 1
  • #1

    Ervin Duscher (Sonntag, 30 April 2023 11:35)

    Hahahahaha �