Gestëppels

Glyphosat
Gestëppels · 06. April 2024
Wéi gesäit ee Feld aus, dat eng Glyphosat-Behandlung hanneru sech huet? Beispill: Munzen (Munshausen)

Stater Gare
Gestëppels · 19. März 2024
Virun e puer Deeg huet et mech op d'Stater Gare verschloen an ech hunn déi Zäit tëschent zwee Zich genotzt fir ee Spadséiergang ze maachen. Ech war erféiert!

Etüden, Etüden, Etüden
Gestëppels · 11. März 2024
Et ass kaum ze gleewen, awer am Staatsbudget sinn iwwer 74 Milliounen Euro fir Etüde virgesinn. Kee Ministère kënnt ouni si aus. Markant ass, datt et oft déi klengste Ministère, déi mat deem klengste Budget sinn, déi proportional am meeschte Geld fir Etüden ausginn.

Wat een Aarmut, Här Gloden!
Gestëppels · 14. Januar 2024
Ausgerechent ee chrëschtlech-soziale Minister spillt sech als Macker op an huet sech op de Fändel geschriwwen, d’Heescherten aus den Uertschaften ze verbannen an d’Aarmut ze verbidden. Dobei huet dee Mann e monatlechtAkommes am fënnefstellege Beräich, wärend en Heeschert grad emol Einnamen tëscht 10 an 30 Euro de Dag huet.

EU beschléisst Sanktiounen géint d'Aggressoren USA an England
Gestëppels · 12. Januar 2024
Nom beispilllose Rakéitenugrëff vun den USA a Groussbritannien op de Jemen, huet d’EU en éischte Sanktiounspak géint d’USA an England ugekënnegt.

Eis léif Jeeër
Gestëppels · 01. Januar 2024
Op eiser Neijooschdagswanderung duerch de Kiischpelter Bësch ware mer zwar frou, kenger anerer Mënscheséil begéint ze sinn, awer dat, wat mer gesinn hunn, ass duergaang fir de Bluttdrock an d'Luucht ze dreiwen.

De Réckbléck 2023 ass do
Gestëppels · 08. Dezember 2023
Ob Dir am Bus oder am Zuch, doheem an der Kichen oder um Canapé sëtzt, grad an der Mëttespaus oder op der Aarbecht sidd: huelt Iech déi zéng Minuten an zitt Iech de Clip mat de meescht ugeklickte Fauxtoën eran, déi dëst Joer op www.luxembourgjungle.lu verëffentlecht goufen.

Uff! De Bestand u Milliardären huet sech erholl
Gestëppels · 03. Dezember 2023
Grouss Erliichterung an der Welt vun de Superräichen: de Bestand vu Milliardären huet sech erholl.

#Luc Hättgär
Gestëppels · 27. November 2023
Mir Lëtzebuerger gebrauchen d’Verb "gärhunn" meeschtens a Säz wéi “Ech hunn dech gär” oder “Du kanns mech gärhunn” an et gëtt éischter seele benotzt. Abee, eise neie Staatsminister #Luc Hättgär verwent et relativ oft an haaptsächlech am Konjunktiv, wat dann esou bei him kléngt: “Ech hätt gär…”.

Wuesstum
Gestëppels · 25. November 2023
An Zäiten vun der Rezessioun, vu Krich a Manipulatioun, vun ugeschlo’ner Konjunktur feire mer eis Leitkultur.

Mehr anzeigen