impressum

Moien! Schéin, dass der bis luusse komm sidd. Mäin Numm ass Hubert Hollerich. Gebuer sinn an der Stad gebuer, awer am Minett grouss ginn, a wunnen elo am Éislek. Als Péitenger hunn ech mech eigentlech ni als richtege Minettsdäpp gefillt, obwuel ech ëmzéngelt war vu Schmelzen a Minièren, an d'Arbedsaarbechter mäin Ëmfeld geprägt hunn.

1967, wéi ech gebuer gouf, war ee beweegtend Joer: grouss Studenteprotester am Ausland, de Vietnamkrich, de 6-Dages-Krich am Noen Osten, Rassenonrouen an den USA, Kulturrevolutioun a China, de 50. Joresdag vun der Sowjetunioun, de Wettkampf ëm de Weltall, de Militärputsch a Griicheland, den Hin an Hir ëm d'Mitgliedschaft vu Groussbritannien an der EWG.

Zwar hunn ech dat Joer selwer natiirlech näischt vun dësen historeschen Ereegnesser matkritt, mee et ass opfalend, dass d'Nowierkunge bis haut undaueren a verschidde Konflikter nees nei opflamen.

Nom Lycée sinn ech als Stagiär bei d'Redaktioun vum Républicain Lorrain komm a war duerno als Freelancer bei verschiddenen Dageszeitungen aktiv. Computer an Internet stoungen als Aarbechtsmaterial an den 80er an Ufank de 90er Jore kaum zur Verfügung. Schreifmaschinn a Bicher waren ugesot. Als quasi (Schäin)Selbstännegen ass et allerdéngs net evident, iwwert d'Ronnen ze kommen.

Am Januar 1990 hunn ech bei der Gewerkschaft FNCTTFEL-Landesverband ugefaange wou ech mech berufflech als Gewerkschaftssekretär fir den Transportsecteur fir déi sozial Besserstellung vu Bus-, Camions- an Taxichaufferen agesat hunn. 2001, wéi den Transportsecteur bei den OGBL iwwergewiesselt ass, war dunn den Onofhängege Gewerkschaftsbond Lëtzbuerg mäi neie Patron. Vun 2001 bis 2020 war ech fir d'Beräicher Aviatioun, Schëfffaart a Logistik zoustänneg. E puer Leit erënneren sech vläicht nach un déi eng oder aner gréisser Affären aus menger berufflecher Laufbahn: d'Affär Kralowetz, am Joer 2001, bei där en onéierlechen Transporteur aus Éisterräich méi wéi véier Dausend osteuropäesch Camionschaufferen iwwert säin Escher Geflecht vu Bréifkëschtefirmen zu mënschenonwierdege Konditioune beschäftegt hat,  an d'Affär Cargolux, bei där et ëm de Versuch vum Golfemirat Katar goung, sech mat Hëllef vun eiser Regierung d'Cargolux an de ganze Findel ënnert de Nol ze rappen.

Haut liewen ech mat menger Fra Karin am Éislek a genéissen d'Rou an d'Natur. D'Schreiwen hunn ech net opginn, dofir dëse Blog.

De Mainstream war ni menges. "Nur tote Fische schwimmen mit dem Strom", hat ech am Lycée mat der Nol vum Zierkel an d'Bänk geritzt. "Maach ewéi d'Leit, da geet et der wéi de Leit", krut ech gepriedegt. A wann d'Leit falsch leien? Wichteg war fir mech ëmmer, "deenen do uewen" genau op d'Fangeren ze kucken an "deenen do ënnen" genau nozelauschteren, a wann et néideg war, hunn ech mech zu Wuert gemellt. Mat där Astellung sinn ech bis elo duerch d'Liewe gaangen a genee dat wëll ech mat dësem Blog weiderféieren.