Gestëppels · 15. Oktober 2021
"Op der Eecher Plaaz goung eppes schrecklech schief: de Bus ass nët stoe bliwen! Ech hu séier op mobilitéit.lu nogekuckt: Demno haett ech missen an 41 Minute aus der Staad zu Jonglënster ukomment, waat nach ëmmer a main Timing gepasst hätt. Mä wéi ech dun vun der Badanstalt op den Hamilius getrëppelt sen, koume mir Zweifel: Ech hu weder Jonglënster, nach Ierchternach op engem vun de Panneau gesin. Ech hu bei mobilitéit.lu ugeruf, mä d'Leitung war doud."