· 

Abus de confiance

Vun där enger täsch an déi aner

Et sinn anscheinend nach ëmmer Leit der Meenung, si géifen eppes fir ë gudden Zweck maachen, wann si d’Déireschutzorganisatioun “Give us a Voice” ënnerstëtzen. Dobei ginn hir Spendegelder vum verurteelte Spëtzekandidat vun der Piratepartei, Daniel Frères, a Wahlkampffinanzéiererung fir seng Partei ëmgewandelt.

▲ De Walkämpfer Frères - en huet d'Qual der Wahl.
▲ De Walkämpfer Frères - en huet d'Qual der Wahl.

Kretscheft! Lo ass dee Frères, Spëtzekandidat vun der Piratepartei am Osten, Déiereretter an Immobilienhai, schonn nees an d’Schlagzeile geroden, an dat eng Woch virun de Walen! Hie schéngt Problemer mat der Tenue ze hunn, virun allem mat de Kapen.

Dee wéinst Vertrauensbroch rechtskräfteg verurtdeelten Déiereretterpirat kann anscheinend och net richteg mat Finanzen ëmgoen an do kënnt et alt emol vir, datt Suen vun enger Täsch an déi aner wanderen. Mee dat ass jo awer alles net gär geschitt, hien hat ebe just vergiess, wat fir eng Kap e grad dee Moment ophat. Ee “falsche” Klick um Clavier, a scho gëtt Walpropaganda vun de Piraten aus der Keess vu “Give us a Voice” bezuelt. Dobei hätt se grad sougutt kéinte vun der Immobilière bezuelt ginn, mee déi hu jo schonn d’Walplakaten gesponsert.

 

Den Daniel Frères an d’Piraten Clement a Goergen verstinn d’Opreegung an der Press net, a probéieren dat Ganzt erofzespillen.

 

Ee gudde Rot vun der Luxembourg-Jungle-Redaktioun: Passt op, weem der wat spend, net dass der d’Affer vun engem Abus de confiance gitt.


▲ Screenshot, Facebook-Säit "Vir bäi an hanne widder", vum 2/10/2023
▲ Screenshot, Facebook-Säit "Vir bäi an hanne widder", vum 2/10/2023

Kommentar schreiben

Kommentare: 0