· 

"Mir hun näischt mat esou Leit ze dinn"

Wéi riets ass den ADR Wierklech?

Beim ADR schéngen se ënner kollektiver Amnesie ze leiden. Kee vun de Spëtzeleit kann sech un déi dubios, rietsextrem Gäscht erënneren, déi den ADR op seng Aktivitéiten invitéiert huet.

Dat hei ass schonn hefteg! Ëmmer méi Meldungen entlarven dat wierklecht Weltbild vum ADR an dat vun enger Rëtsch vu senge Kandidaten.

No den Enthüllungen iwwert d'Verbindungen vum ADR mat de rietsradikalen, reaktionäre Sekten "Civitas" a "Pro Europe Christiana" der Entschleierung vun engem ADR-Ostkandidat senger nationalsozialistescher Gesënnung, dann elo déi neitsten Découverte: en ADR-Kandidat vun der Südlëscht (Escher Gemengerotsmember a fréiere Militant bei der Piratepartei) ass den Administrateur vun der Facebook-Säit "Les amis d'Éric Zemmour - Luxembourg"!

De virbestroofte, franséische Politiker a Skandaljournalist Zemmour ass bekannt fir seng rietsextrem, rassistesch, fraefeindlech, islamfeindlech an antisemitesch (jojo, an dat obwuel e selwer Judd ass) Haasstiraden.

De 25. Juli 2023 huet den ADR-Parteipresident Keup dem LW géintiwer gesot, d'Partei géif sech "sou munches ukucken“, ee genaue Screening vun de Kandidaten, fir sech ze vergewësseren, datt se mat de Wäerter vun der Partei kompatibel sinn, géif et allerdéngs net ginn. "Dat ass net esou einfach", huet hien als Excuse ginn fir déi rietsextrem FB-Posten vum ADR-Ostkandidat ze relativéieren.

Fir der ADR e bëssen op d'Spréng ze hëllefen an hinnen bei hirer Amnesie ze hëllefen: einfach mol d'Messagen vun den dubiose Gäscht liesen, déi se op hir Versammlungen invitéieren. Op der Foto poséiert den ADR-Deputéierten FeKA virun engem ADR-Panneau zesummen mam Éric Zemmour, also deem Mann, deem de Front National net riets genuch war an dunn seng eegen extremriets Partei gegrënd huet. Souvill zu "mir hu näischt mat sou Leit ze dinn."

▲ Screenshot vum EZ sengem Tweet de 27/6/2023 op Twitter.
▲ Screenshot vum EZ sengem Tweet de 27/6/2023 op Twitter.

Et gëtt gelunn, dass d'Fatze fléien. Bei der ADR schéngen se ënner kollektivem Gedächtnisschwund ze leiden, zumindest wat d'Konferenz mam extrem-rietsen Éric Zemmour vum 27. Juni dëst Joer ubelaangt. D'Kiischt um Kuch war de Statement vum President vun der ADR-Jugendgrupp "Testosteron", deen am Interview op RTL-Télé behaapt huet: "Mir hu guernäischt mat esou Leit ze dinn". Dobei stoung hien ee Schratt hannert dem Zemmour. Wann ee scho flunkert, wär et gutt, sech e bësse méi clever unzeleeën. 

Kommentar schreiben

Kommentare: 0