· 

Folter vun eise Bëscher, Hecken a Beem

Den Ënnerscheed tëscht grénger Theorie a Praxis

Kuckt Iech wannechgelift dëse Videoreportage vum Marc Thoma un a maacht Iech selwer een Urteel iwwer gréng Politik zu Lëtzebuerg.

Unhand vun e sëllege Beispiller, dokumentéiert mat Fotoen aus dem ganze Land, kritt een en Abléck an d’Zerstéierung vu Bëscher, Hecken a Beem. Ënnert der Tutelle vun der Ëmweltministesch Joëlle Welfring (déi Gréng), féiert d’Administration de la Nature et des Forêts (ANF) dës Landschafts- a Liewensraumverstümmelungen duerch, oft mat Hëllef vu "spezialiséierten" Betriber.

Mat eise Steiergelder ginn al a gesond Beem einfach ëmgeseet an duerch jonk Fixspéin ersat, déi 50 bis 100 Joer brauchen, bis se den Ëmfang an d’Gréisst vun den ëmgehae Beem erreecht hunn. Hecke gi bis zur Onkenntlechkeet verstümmelt. A ville Fäll gi Beem an Hecke souguer mat de Vullennäschter dran emgesäbelt.

Dat alles ënner der Fuchtel vun der grénger Partei, där hire Kongress virun engem Joer ënnert dem Slogan "Schützen, wat eis wichteg ass!" zu Jonglënster stattfonnt huet.

Dës traureg a skandaléis Virgoensweis werft natierlech d’Fro op: Wat ass da fir déi Gréng iwwerhaapt nach wichteg a schützenswäert, wann net eis Bëscher, Hecken a Beem, déi fir Mënsch an Déier onverzichtbar sinn ?

Wann ee bedenkt, dass all dës Foltermethoden un eiser Natur nëmme méiglech si mat der Geneemegung vun der grénger Ëmweltministesch, da klengt därselwechter Fra hir offiziell Stellungnam zum Internationalen Dag vum Bësch, deen de 24. Mäerz 2023 stattfënnt, wéi pueren Zynismus. Dora bretzt sech d’Ëmweltministesch andeems si behaapt :

📌 "Zu Lëtzebuerg waren d’Sensibiliséierungsefforte fir de Respekt an den Erhalt vun eisem natierleche Patrimoine nach ni esou bedeitend wéi elo."

Nee, Gréng wierkt definitiv net, et sief dann, et bewäert een de Slogan aus dem Bléckwénkel vun de Räichen an der Profitmaximéirung. hh.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0