· 

Büffelsmann geet mat an d'Chamberswahlen

De Roy Reding bitt him eng Plaz als Spëtzekandidat un

De Roy Reding, ADR-Dissident a Spëtzekandidat vu senger eegener Politbeweegung „Liberté Chérie“, jubiléiert: hien huet et fäerdegbruecht, de Büffelsmann Jacob Anthony ze iwwerrieden, op der Lëscht vu "Liberté Chérie" ze kandidéieren.

▲ De Büffelsmann Jacob Anthony (ënne riets am Bild) geet mat an d'Chamberswahlen
▲ De Büffelsmann Jacob Anthony (ënne riets am Bild) geet mat an d'Chamberswahlen

De Verschwörungstheoretiker Jacob Anthony, deen sech selwer als Schaman vun der QAnon-Beweegung gesäit, ass berühmt ginn wéi hien zesummen mat aneren de 6. Januar 2021 de Kapitol gestiermt an sech et dunn am Büro vum US-Vizepresident Mike Pence bequeem gemaach huet. No senger Verhaftung gouf de Büffelsmann veruertdeelt an agespaart. Virun zwee Méint gouf en op fräie Fouss gesat. De Roy Reding, deen den 1. Dezember 2021 op Facebook matgedeelt huet, hie géif den „doucen Omicron“ aus Südafrika mat op Lëtzebuerg bréngen, huet sech direkt nom Jacob Anthony senger Fräiloossung bei him gemellt an em eng Lëschteplaz fir d’Chamberswahlen vum 7. Oktober bei „Liberté Chérie“ ugebueden, eng Propositioun, déi de Büffelsmann kuerzerhand ugeholl huet.

▲ Screenshot FB Roy Reding vum 1/12/2021 püblizéiert op der Internetsäit vun Eldoradio.
▲ Screenshot FB Roy Reding vum 1/12/2021 püblizéiert op der Internetsäit vun Eldoradio.

Programm vu "Liberté Chérie"

Domat schléisst sech ee weidere prominente Kandidat der illusterer Lëscht vum Roy Reding un. Weider Kandidaten vu "Liberté Chérie" ginn um Ex-ADR-Mann senger Facebook-Säit virgestallt. De Wahlprogramm vun der neier Beweegung gesäit ënner anerem dës Haaptpunkte vir:

  • Recht op Impfverweigerung;
  • Kampf géint Chemtrails (Gëftwolléken a Form vu Kondenssträifen um Himmel);
  • Schafung vun engem UFO-Ministère fir fliegend Untertassen an hir Besatzungen ze erfuerschen;
  • Ofschafe vun alle Klimaschutzmoossname, well et de Klimawandel jo guer net gëtt.

Aktuell huet „Liberté Chérie“ mam Roy Reding ee Sëtz um Krautmaart. Erhofft gëtt sech mindestens Fraktiounsstäerkt wann net souguer eng Regierungsbedeelegung.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0