· 

De François Bausch outed sech

"Ech war ni ee pazifist"

D'Schlagzeil vu Wort online vum 16.2.2023 huet et a sech: de Krichsminister François Bausch gëtt zou, ni ee Pazifist gewiescht ze sinn. 

Heescht dat dann am Umkehrschluss, dass hie schonn ëmmer ee Krichsdreiwer war?

Seng politesch Laufbahn huet de Bausche Fränz bei der LCR (Ligue communiste révolutionnaire) ugefaang, déi hiren Ursprung an de Studenteprotester vun 1968 hat a bei deenen d'Protester géint de Vietnamkrich ganz uewen stungen.

Seng zweet politesch Heemecht war d'LSAP, déi hir enk Verbindung mat de Gewerkschaften gären ënnersträicht. Traditiounsgeméiss hunn sech d'Gewerkschaften ëmmer fir de Fridden a géint Krich ausgeschwat. Nach haut thrount am Festsall vum Fränz senger Gewerkschaft FNCTTFEL de Slogan "𝑷𝒂𝒊𝒏. 𝑳𝒊𝒃𝒆𝒓𝒕é. 𝑷𝒂𝒊𝒙."

Duerno ass de Bausche Fränz bei déi Gréng gewiesselt, well dat am Trend vun der Zäit louch. Am Ufank haten déi Gréng sech géint Oprëschtung a fir de Fridden an der Welt agesat an si haten an hiren Ufanksjoren souguer d'Fuerderung vun engem Austrëtt vu Lëtzebuerg aus der Nato am Programm stoen.

Huet de François Bausch seng Komeroden a seng Wieler déi lescht 50 Joer éire getäuscht? hh.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0