· 

Privatsoirée vu Spëtzepolitiker a Promoteuren

Dem #luc säi logementsdësch huet scho stattfonnt

Ween hätt dat geduecht! De #Luc huet scho säin éischt Wahlverspriechen agehalen  ier en iwwerhaapt gewielt ass: säi ronnen Dësch iwwert de Logement.

Endlech geschitt eppes zu Lëtzebuerg a punkto Logement. E Freideg, 22. September, souzen, RTL-Informatiounen no, den CSV-Spëtzekandidat #Luc, an d’CSV-Zentrumskandidaten Claude Wiseler, Laurent Mosar a Serge Wilmes zesumme mat de Promoteuren Giorgetti, vertrueden duerch de Marc Giorgetti, a BESIX, vertrueden duerch de fréiere Vize-Premier an LSAP-Wirtschaftsminister Étienne Schneider, zu Monnerech am Feinschmeckerrestaurant Naga zu Monnerech #zesummen. A fir dass et herno mat de Baugenehmegungen méi séier a méi einfach geet, haten si déi Stater DP-Buergermeeschtesch Lydie Polfer gläich matinvitéiert. #zesummen #blobeidir mam #Luc.

 

Béid Entreprisen liewe wéi d'Mueden am Speck, well se de Gros vun den ëffentlechen Opträg zougeschoustert kréien. De #Luc an den Etienne Schneider hunn eng Gemeinsamkeet: allebéid hunn s'et mam Deontologiecode vu Regierungsmemberen net esou seriö geholl wéi se no hirer Demissioun prompt an d'Privatwirtschaft gewiesselt sinn. De #Luc hat 2014 schonn no zwee Méint eng aner PLaz bei der Deutschen Bank, beim Sozialist Étienne Schneider huet et ëmmerhin véier an en halwe Mount gedauert.

 

De #Luc huet domat als alleréischte Politiker ee Wahlverspriechen agehalen ier en iwwerhaapt gewielt ass, an zwar dee versprachene Logementsdësch. Dat soll mol een him nomaachen ! Sou soll Politik fonktionéieren an net deen Hin-an-Hir vum grénge Kox.

 

Wann de #Luc bis Premier ass, da geet et lass, da gëtt nämlech méi séier, méi vill, méi héich, méi dicht a nach méi ellen gebaut. Den Ëmweltschutz flitt op den Tipp, Impaktstudien a Kompenséierungsmoossnahme gi keng gebraucht. A wat ass lass! Déi al Haiser aus dem leschten a virleschte Jorhonnert ginn all ewechgerappt an duerch proper, zweckméisseg Cuben mat lauter klenge Ställercher ersat. Am ganze Land soll et ausgesinn wéi um Kierchbierg oder op der Cloche d’Or.

 

Et ass ze verstoen, datt d’Haaptleit vun der CSV mat den Haaptpromoteuren iesse waren, well schliesslech profitéiere net nëmme si vun esou Soiréeën, mee mir alleguer. Et gëtt Zäit, datt den CSV-Staat nees opliewe gelooss gëtt, Zäit fir eng nei-al Politik.

Eng trei Lieserin huet et esou formüléiert: "D'Regierung léisst eis zwar wielen, mee et kritt een den Androck, wéi wann am Virfeld schonn alles mat der Wirtschaft ofgeschwat ass."

 

Wi vill aner Verhandlungen hu scho virun de Wahlen am Séparé mat Lobbyisten aus anere Beräicher stattfonnt?

 

Erstaunlech, datt déi Gréng net mat um Iessdësch souzen. Dëst erkläert sech wahrscheinlech doduerch, datt et beim Restaurant keng Vëllosparkplaze ginn oder bannenan kee Kazendësch fir de Chauffeur disponibel war.

Kommentar schreiben

Kommentare: 3
  • #1

    Clemens Marie-Rose (Mittwoch, 27 September 2023 17:41)

    Salut
    Ech vermëssen de Name Dropping vun de Fraen aus der Politik ! Gläichberechtegung w.e.g.!

  • #2

    hh. (Mittwoch, 27 September 2023 19:14)

    @Marie-Rose: Entendu!

  • #3

    Raphael J. (Dienstag, 10 Oktober 2023 02:27)

    Satir un:

    Béis Zonge behapten, de Gréng wieren net wielbar gewiescht well se net vum Gio invitéiert goufen... dat hätt dem Vollek bewise wéi onwichteg si hei am Land sinn.

    Dat Ganzt war anscheinend eng geschéckt Walmanipulatioun vun der Immosbranche mat Hëllef vun RTL...

    Dofir huet een nom Walresultat och keen Daniel Frères op enger Walpartie vun de Pirate gesinn, hien huet mam Wamlresultat seng Interessen am Immossektor an dréchenen Dicher gesinn an huet brav doheem gefeiert a sech an d'Fäischtche gelaach...

    Satir aus