· 

Kaviarsozialismus

Brout a Spiller fir d'Vollék - de Kaviar fir mech !

Deier Restaurantsrechnungen, deier Hotelen, deier Wäiner, deier Reesen - an alles op Staatskäschten: wat ass nëmme lass mat eiser Gauche caviar? Mir hu mam sozialistesche Wirtschaftsminister geschwat.

Luxembourg Jungle: Här Minister, wat ass drun un der Kritik, dir hätt op Ären Déngschtreesen systematesch deier Wäiner konsuméiert, wäert an deier Luxusrestauranten an Hotele gaangen? Ass Är Virgehensweis kompatibel mat Ärem Amt als Kooperatiounsminister? 

Franz Fayot: Un deene Virwërf ass guer näischt drun. Ech gesinn net an, dass ech mech an der Drëtter Welt vun Aarmeleitskascht soll ernähren, schliesslech kommen ech dach scho mat den Einheimeschen a Kontakt.

Luxembourg Jungle: Et gëtt och behaapt, Dir géift dat Berufflecht mam Private vermëschen an Dir géift Är Concubine mat op d’Rees huelen a gifft an de frieme Länner haaptsächlech Tourismus maachen amplaz ze schaffen. Selfien, déi Dir op de soziale Medien gepost hutt, beleeën déi Uschëllegungen. Gesitt Dir äre Feeler an?

Franz Fayot: Bon, Dir nennt et Tourismus, ech nennen dat Schaffen. Ech muss mer schliesslech ee Bild vun deene Länner maachen, an déi mir Geld fir d’Entwécklungshëllef stiechen. Et geet Iech och näischt un, mat weem ech ginn. Ausserdeem bezillt meng Frëndin ëmmer alles aus eegener Täsch. Ob et ee Feeler war? Jo, kloer war et et Feeler! Ech hätt déi Fotoen ni däerfen op Instagram posten. Hätt ech dat net gemaach, géif haut kee Mënsch driwwer schwätzen.

Luxembourg Jungle: Dir sot, Är Frëndin hätt hiren Deel aus hirer Täsch bezuelt, dat trëfft awer net op Iech selwer zou. Béis Zonge behaapten, Dir hätt ëmmer deier Wäiner vun e puer Honnert Euro d’Fläsch konsuméiert an Iech och soss onnëtzen, luxuriéise Schnickscknack op Staatskäschte geleescht. Een, dee klaut, huet net genuch, soen d’Leit. Geet Är Pei vun 18.000€ de Mount net duer fir déi zwee Enner beieneen ze kréien?

Franz Fayot: Virun e puer Deeg hunn ech héich an helleg versprach, dass ech dat net méi maachen an hunn an der Tëschenzäit alles zréckbezuelt, wat ech mer op Käschten vun der Allgemengheet geleescht hunn. Ee Gléck ass d’leschte Mount eng Indextranche erfall, sou dass ech elo de Kapp iwwer Waasser halen kann.

Luxembourg Jungle: Ass et net ze vill haart fir Iech, d’Idealer vun der Gauche ze vertrieden? Erwaart der Iech Problemer, Ärt Verhale bei de Memberen vun der Sozialistescher Aarbechterpartei ze erklären?

Franz Fayot: Nee absolut net. Mir maache jo awer vill fir déi kleng Leit. Nach am Mäerz hu mer den drëtte Solidaritéitspak ofgeschloss. D’Solidaritéit gouf bei der Gauche nach ëmmer grouss geschriwwen an ech hu mech perséinlech dofir agesat, dass dee Pak Solidaritéitspak an net einfach Mesürepak genannt gouf. Et muss een der Realitéit an d’Aen kucken. D’Gauche huet sech geännert. Bei der LSAP ginn et sougutt wéi keng Aarbechter méi an zanter dem Marcel Schlechter, dee bis 1989 Transport- a Bauteminister war, maache mir alles, wat an eise Méiglechkeete steet, dass keen Aarbechter méi an d’Chamber oder d’Regierung sëtze kënnt. Mir hunn nach e puer Aarbechter bei eise Memberen, déi mer haaptsächlech elo während dem Wahlkampf brauche fir d’Wahlplakater pechen ze goen. Ech selwer hat nach ni ee Pinsel am Grapp, weess och net, wéi de Pech an den Eemer kënnt a wëll mer, éierlech gesot, d’Fangeren och net knaschteg maachen. Fir op Är Fro ze äntweren: Nee, et ass net ze haart fir mech, d’Idealer vun der Gauche ze vertrieden. Eis Memberen hu mer am Grëff an déi ënnerstëtzen eis Regierungsvertrieder. Déi kritesch denkend, idealistesch ugehauchte Memberen, déi ëmmer geduecht hunn, mir wären eng kämpferesch Partei vun der Gauche, hunn d’Partei jo scho längst verlooss, sou dass ech ganz zouversichtlech sinn, dass déi Banalitéit, déi momentan héichgespillt gëtt, sech als Stuerm am Waasserglas wäert erausstellen.

Luxembourg Jungle: Här Minister, mir soen Iech Merci fir d’Gespréich.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0