· 

De falsche Prophet...

... oder de Wollef am Schofspelz

Kaum ee Politiker polemiséiert am Moment méi wéi de #Luc. Ma fir de #Luc ze verstoen, muss een och seng Vergaangenheet kennen. Ee jonke Mënsch huet sech d'Méi gemaach, dem #Luc seng politesch Carrière opzeschaffen. De #Luc ass doriwwer guer net frou a jéimert. Hie schreift sengem Frënd, dem Jean-Claude.


Léiwe Jean-Claude,

 

Firwat kënnen se mech net einfach mat Rou loossen?

 

Du weess jo, ech wollt dem Land dee neie #Luc schmackhaft maachen, dee mat sengem fréiere Liewen ofgeschloss a seng 30 Joer laang politesch Carrière hannert sech gelooss huet. Eng Neigebuert, souzesoen.

Dee leschte Sondage hues de sécher gelies. Fir mech war d'Resultat eng batter Enttäuschung. Souguer mam ganze Persounekult, géifen mir, déi mam #Luc, awer nach zwee Sëtz am Verglach zu de Wahle vun 2018 verléieren, a vun 21 op 19 Sëtz zréckfalen. Dobei wollt ech d'Partei dach aus dem Keller eraus an d'Gewënnzon an dann nees zréck an d'Regierung féieren.

 

Ech hu mäi Bescht ginn fir dem Land ze erklären, dass mer trotzdeem um séchere Wee sinn. Ouni mech wären d'Verloschter dach nach vill méi héich. Fir déi frustrant Emfroewäerter schéinzerieden, hunn ech de Wieler einfach wäissgemaach, mir géifen trotzdeem zu de Gewënner zielen, well mer jo schliesslech zwee Sëtz zouleeën. Wat ech de Wieler net gesot hunn ass, datt déi zwee Sëtz, déi mer guttmaachen, sech op dee virleschte Sondage bezéien, bei deem D'Resultat nach méi miserabel war, an net op d'Wahlresultat vun 2018. De Wieler soll d'Illusioun kréien, déi mam #Luc hätten d'Wahle scho sougutt wéi gewonnen. Am Manipuléiere ware mir zwee dach nach ëmmer gutt, gell?

 

Easy come, easy go, oder anescht ausgedréckt: Wie gewonnen, so zeronnen.

 

Ech kéint baschte vu Roserei an ech iergere mech gréng a giel a blo a rout. Firwat? Ma lo kënnt sou een dohirgelafene, jonke Karrierist vun de Sozien a wëllt mir an d'Zopp späitzen. Dee Bretzaarsch huet eng Recherche iwwert mech gemaach, huet dobei meng ganz Politikerlaufbahn opgeschafft an se a Form vun engem Bichelchen mam Titel "Das Einmaleins des #Luc" ënnert d'Leit bruecht. Dobäi wollt ech dach de Passé hannert mer loossen an de Wieler arieden, si hätten et mat engem fonkelneie #Luc ze dinn.

 

Mäi léiwe Frënd Jean-Claude,

an deem Bichelche sti Saachen, un déi ech mech selwer net méi erënnere kann. War ech da wierklech esou eng brutal Sau géintiwwer de Flüchtlingen an de Moslem? Mir ass deemols net bewosst ginn, datt d'Mënscherechtskommissioun an souguer Amnesty International sech ageschalt haten. Et war dach alles legal, oder éiren net? Lo hunn ech nees de Numm vum Politiker mam kalen Häerz, deen op rabiat, onmënschlech Methoden zréckgräift fir Auslänner, dorënner souguer Kanner, aus dem Land erauszeekelen, ze verjoen an ze deportéieren!

Déi Canaille huet och souguer aus mengem Buch "Europa 5.0", dat's du mir geschriwwen hues, zitéiert. Alles gëtt am Detail beliicht - an dat zwou Woche virun de Wahlen!

 

Wéi soll ech als neie #Luc dee nächste Premier ginn, wann d'Wieler mech nees mat der Politik vun de leschten drësseg Joer a Verbindung bréngen?

 

Dee Bolschewist stellt mech duer als ee Mann vu gëschter, dobei hate mir dach ee Plang, an zwar deen, mech als fortschrëttlechen, ugesote, feinfühlegen, smarten an dialogbereete Wohltäter an Erléiser ze presentéieren. Déi al Konzepter sollte bäibehale ginn a just an enger neier Verpackung presentéiert ginn. D'Eropsetze vum Rentenalter, den Ausbau vum Polizeistaat a vun der Law-and-Order-Politik, de soziale Kahlschlag, d'Ofschafe vum Index, d'Ofschafe vum Sozialdialog, d'Privatiséierung an d'Liberaliséierung vu staatlechen Servicer a Betriber, d'Weiderentwécklung vum Steierparadies fir déi grouss Konzerner an d'Multimilliardären, den Engagement fir den Tripple-A an d'Ofschafe vum Ëmweltschutz sinn dach nach ëmmer déi Wäerter, fir déi ech stinn. Dorun huet sech jo näischt geännert. Dat Ganzt sollt ebe just anescht verpaakt ginn fir dass d'Vollék et besser verdaut. Ech war souguer bereet, den "C" aus dem Numm ze sträichen, mee domat war den Hollerich net d'accord.

 

Wat soll ech elo maache, Jean-Claude?

 

Ech brauch deng Hëllef, léiwe Frënd Jean-Claude.

 

Waart awer net ze laang, well an zwou Wochen ass et sou wäit. An du weess jo: Wahltag ist Zahltag.

 

Däi #Luc


Download
Broschür "Das politische ABC des Luc Frieden"
Livre_Frieden_Final (1).pdf
Adobe Acrobat Dokument 692.4 KB

Och interessant:

Kommentar schreiben

Kommentare: 0