· 

Léiwe Jean-Claude

De #Luc schreift dem Jean-Claude

Léiwe Jean-Claude,

Bal siwenzéng Joer laang hunn ech ënnert Dir als Justizminister, Finanzminister, Arméiminister a Kommunikatiounsminister gedéngt an du hues méng exzellent Aarbecht ni wierklech gelueft. Dofir luewen ech mech haut selwer. Sou oft et geet. Et ass zwar ustrengend, well wann een sech stänneg selwer op d’Schëller klappt, huet ee keng Hand méi fräi. Et mécht trotzdeem Spaass an et deet richteg gutt.

▲ Um Konvent sinn ech mer virkomm wéi ee richtege Popstar.
▲ Um Konvent sinn ech mer virkomm wéi ee richtege Popstar.

Du hues jo matkritt, datt ech Spëtzekandidat sinn. Lo ginn ech endlech däi Nofolger, dat heescht wann d’Leit „déi mam #Luc“ och wielen. Ech ginn alles, Jean-Claude, bal all Dag posten ech Fotoe vu mir selwer op Facebook. Nationalfeierdag war ech mat menger Fra an d’Kathedral, ech gi bei eis Jugend, hu mer souguer hir Sprooch ugeeegent a benotze Wierder wéi „mega“, ech hu mech bei de Bauere gewisen, an awer: am leschte Politmonitor kommen ech just op déi aachte Plaz wat de Sympathiewäert uebelaangt. 

De Jang, d’Paulette, den Xav, an d’Lydie leie viru mir, grad ewéi d’Newcomeren Bofferding, Clement an Delles. Ech muss nach méi Fotoe vu mir posten, vläicht hëlleft dat fir am Ranking eropzerutschen. Et deet awer richteg gutt, ze gesinn, datt ech virum Claude a virum Mosar leien. De Woltermischi hunn ech an der Oplëschtung iwwerhaapt net fonnt. Sollen se dee vergiess hunn oder huet dee sou schlecht ofgeschnidden, datt et net emol fir déi leschte Plaz duergeet?

Eise Konvent hate mer immens fortschrëttlech opgezunn, dat häss de misste gesinn! Ech hu mech gefillt wéi ee Popstar, sou wéi de Robbie Williams. D’Blitzlichter vun de Fotografen ware meng Lightshow, d’Parteimemberen meng Fans, an déi hate souguer Schëlter mat mengem Numm an d’Luucht gehalen. Lo hunn ech mäin eegenen Hashtag: #Luc.

▲ Lo hunn ech mäin eegenen Hashtag.
▲ Lo hunn ech mäin eegenen Hashtag.
▲ Mat Begeeschterung huet eis Parteibasis Schëlter mat mengem Numm gewisen.
▲ Mat Begeeschterung huet eis Parteibasis Schëlter mat mengem Numm gewisen.

Direkt nom Konvent hunn ech ee Post op Facebook gemaach an hu lauter Fotoen, wou ech drop sinn, verëffentlecht a krut dofir 146 Liken.

▲ Hei ass mäi Post vum Konvent. Et war "mega", dir wart ee super Publikum.
▲ Hei ass mäi Post vum Konvent. Et war "mega", dir wart ee super Publikum.

Bei der Ried hunn ech et esou gemaach, wéi’s du mer et geroden hues: net ze vill an d'Detailer goen, iwwerflächlech bleiwen an op kee Fall op dat agoe, wat fréier war. Dat ass wierklech déi beschten Taktik. D’Leit dobausse sollen d’Illusioun kréien, ech wär lo ee komplett anere Mënsch ginn. Hoffentlech fänkt eis Press net nees mat deenen ale Geschichten a Skandaler un. Ech weess, all déi Affären, an déi ech verwéckelt war wéi Cargolux, Interbank, Kreditbank, Bommeleeër, Spëtzeldéngscht, Lëtzebuerger Wort a sou wieder, hänke wéi ee Klompfouss u mir. Och meng Flucht an d’Ausland no de virleschte Wahlen, déi mer verluer haten, mäin alen Austeritéitsprogramm vun 2012 a meng Flüchtlingspolitik vu fréier komme regelméisseg op d’Tapéit, mee ech maachen einfach wéi wann näischt wär. Déi onangenehm Diskussioune probéieren ech sou gutt et geet ze vermeiden oder erofzespillen, sou wéi’s du dat och ëmmer gemaach hues.

Elo ginn ech mol an d’Vakanz. Fir d’éischt fléie mer mat der Luxair op Mallorca. Ech weise mech um Ballermann, an der Schinkenstraße, well do sinn ëmmer vill Lëtzebuerger. Dat kënnt bestëmmt gutt un, wann déi mech do gesinn. Da gi ech op Lourdes a posten e puer Selfien. Schliesslech däerfe mer eis Stammwieler net vergiessen. Duerno kënnt d’Fouer, d’Stater Braderie an de Schoulufank, tjo an dann ass et scho bal souwäit.

Hal mer d’Daumen, Jean-Claude!

Däi #Luc

Kommentar schreiben

Kommentare: 0