· 

De Spëtzekandidat vun der CSV

Alles eng Saach vum Geld

Lo ass et also offiziell. Dee Mann, deen an e puer Méint seng 60 Joer feiert, vun der CSV awer zanter zwee Méint ganz bewosst als dynameschen, temperamentvollen, jonken 59-jährengen zerwéiert gëtt, ass um Konvent vum 25. Mäerz 2023 zu Ettelbréck endlech als nationale Spëtzekandidat ugeholl ginn.

Foto: Extrait Luxemburger Wort, 25.3.2023
Foto: Extrait Luxemburger Wort, 25.3.2023

Iwwregens : d’Wuert "Konvent" staamt aus dem Laténgeschen "conventus" a bedeit "eng Versammlung vu Pateren am Klouschter", wat also ganz gutt bei déi Chrëschtlech-Sozial passt.

Natiirlech huet och hien sech net opgedrängt, mee ass vun der Parteispëtzt virgeschloe ginn, sou de Wahlverléierer vun 2013, Luc Frieden, am Interview mam Lëtzebuerger Wort vum 24. Mäerz.

Hie gesäit sech net nëmmen als Erléiser fir d’CSV mee als Retter vum ganze Land, dat sénger Meenung no "a wirtschaftlech schwieregen Zäiten", jo souguer "an enger Kris" stécht an dofir dréngend ee Politikwiessel brauch. Fir dat ze meeschteren, wär säi Profil genau passend, sou de Luc Frieden, deen sech mat sengen "Erfarungen an der Regierung an an e sëllege Lëtzebuerger Societéiten" bretzt.

Mee kucke mer eis mol dem Luc Frieden säi Profil méi genau un.

Nieft sengem guttbezuelten Job als President vun der Chambre de Commerce a senge sëllege Verwaltungsrotsposten bei der Deutsche Bank zu London (eng typesch Lëtzebuerger Firma?), der BIL an dem Groupe Saint Paul, huet de fréiere Finanzminister am Juli 2014, no nëmmen néng Méint als Deputéierten d’Handduch geworf an ass an d’Finanzindustrie gewiesselt. Gutt fir hien, well nom fliegende Wiessel vum Luc Frieden, bei deem hien dee ganze Know-How aus dem Finanzministère der Deutsche Bank iwwerdroe konnt, huet den deemolege Justizminister Felix Braz nach deselwechte Mount ee Code de Déontologie fir Ministeren an Ex-Ministere virgestallt, mat deem endlech kloer ethesch Verhalensregelen ugeholl goufen.

De Luc Frieden, deen 2012 d’Cargolux, d’BIL an d’Kreditbank un den Emir aus dem Katar verschierbelt huet, krut bei de virgezunne Neiwalen 2013 d’Rechnung vum Wieler zerwéiert.

De grousse Wahlverléirer vun 2013

De fréieren CSV-Hoffungsträger, dee bei de Chamberswalen vun 2009 nach mat engem perséinleche Score vu 41.889 Stëmmen optrompe konnt, huet bei de Wale vun 2013 30 Prozent un Zoustëmmung verluer a koum du just nach op 29.441 Stëmmen. D’Wieler hunn sech vum Luc Frieden ofgewend an him kloer ze verstoe ginn, dass si net mat sengem knallhaarde neoliberalen a repressive Kurs, deen op Käschten vun de sozial Schwaachen, vum Salariat, vu Flüchtlingen an Demonstranten an och géint d’Interesse vum Land goung, averstane waren. D’Vertraue vun de Wieler an d’CSV ass zanterhier ëmmer méi an de Keller gerutscht. Krut d’CSV am Bezierk Zentrum 2009 nach 38,6 Prozent vun de Stëmmen an 9 Sëtz, goung et vun do un permanent a systematesch biergof (2013 35%, 8 Sëtz ; 2018 29%, 7 Sëtz). D’Walresultater vun 2009 bis 2018 kann een op https://elections.public.lu/fr.html noliesen.

Soll also ausgerechent de schlechte Verléirer vun 2013, deen, opgrond vu sengem miserabele perséinleche Wahlresultat an och opgrond vum Vertrauensverloscht an d’CSV allgemeng, an d’Oppositioun geschéckt gouf, deem dës Situatioun awer net geschmaacht huet an dofir an d’Privatwirtschaft geflücht ass, d’CSV nees aus der Kris erauszéien? Wat geschitt wann de Luc Frieden nees an d’Oppositioun geschéckt gëtt? Wou sinn d’Garantien, dass hien sech net nees dovumécht wéi virun néng Joer?

De Luc Frieden presentéiert sech selwer als deen eenzegen, deen d’Kompetenz huet, Ekologie, Ekonomie a Soziales zesummen ze bréngen an erkläert, dat wär nëmme mat weiderem Wuestum méiglech. Nohaltege Wuestum, logesch. Wat genau ënner "nohaltegem Wuestum" ze verstoen ass, seet e net. Logesch. Eng seriö Debatt iwwert de Wuestum, deen d’Wunnen an d’Liewen zu Lëtzebuerg ëmmer méi onerschwénglech mécht, et sief dann, et gehéiert een zu der Bourgeoisie, der Bohême dorée, mam gutt gefëllte Portmonni, fënnt deemno mat der CSV net statt. Prioritär wär, dass Lëtzebuerg den Tripple-A behale géif, sou den CSV-Spëtzekandidat am LW-Interview, woumat hien de private Rating-Agencen, déi am Alleingang doriwwer entscheeden, ob ee Staat als räich oder ënner Ramsch anzestufen ass, fräi Hand léisst. An anere Wierder: d’Finanzwelt an d’Geldsäck kréien ënner der CSV vum Luc Frieden och weiderhin de rouden Teppech ausgerullt.

Luc-Leaks

An deem Sënn ass och dem CSV-Spëtzekandidat seng Fuerderung no enger Steierpolitik, bei där d’Betrieber "am Verglach mam Ausland, steierlech attraktiv bleiwen", ze verstoen. Schliesslech war et den Duo Juncker-Frieden, deen d’Politik vun de Steierrulingen, an domat de weltwäite Steierdumping ugeheizt huet, un d'Rulle bruecht huet, wat zum sougenannte Luxleaks-Skandal gefouert huet, deen de Ruff vum Land international geschiedegt huet wéi opgedeckt gouf, dass multinational Konzerner sougutt wéi keng Steiere bezuelen, wärend Privatleit a kleng Betriber de leschte Wak aus der Täsch gezu kréien.

Fir dem normale Bierger net d’Gefill ze ginn, hie géif bei där ganzer neoliberaler Politik schlecht ewechkommen, kritt hie vum Luc Frieden e puer Kamellen dohinner geheit, a Form vu Parolen wéi "𝐷’𝑀ë𝑛𝑠𝑐ℎ𝑒𝑛 𝑚𝑢𝑠𝑠𝑒 𝑛𝑒𝑒𝑠 𝑚é𝑖 𝑁𝑒𝑡𝑡𝑜 𝑣𝑢𝑚 𝐵𝑟𝑢𝑡𝑡𝑜 𝑖𝑤𝑤𝑟𝑒𝑔ℎ𝑢𝑛𝑛" a mam Wahlverspriechen, d’Steiertabell "vun Zäit zu Zäit" un d’Präisdeierecht unzepassen. En Automatismus ass domat ausgeschloss, wat näischt anescht bedeit wéi dass d'Politik vun de verstoppte Steiererhéijungen poulriicht virugeet. A punkto Steierpolitik ass demno net mat enger Ännerung am Verglach zu Blo-Rout-Gréng ze rechnen. Net ze gerviessen: et war de Luc Frieden selwer, deen 2012 decidéiert huet, d’Steiertabell net méi un d’Inflatioun unzepassen, an domat de Grondsteen geluecht huet, dass mer alleguer trotz Indexerhéijungen ëmmer manner Suen iwwreg haten. Iwwerhaapt, och ënnert engem CSV-Premier Frieden, ass mat héchstens enger Indextranche d'Joer ze rechnen, egal wéi héich d'Präisser an d'Luucht schéissen.

D’Wunnéngsproblematik, fir déi d’CSV 34 Joer laang zoustänneg war (vun 1979 bis 2013), wëllt de Luc Frieden mam Bau vun nach méi Héichhaiser léisen a verlaangt am LW-Interview : "D'Prozedure musse vereinfacht ginn. Konkret heescht dat, dass innerhalb vum Bauperimeter keng Kompensatiounsmoossnamen a keng Ëmweltstudie méi däerfe gefuerdert ginn."  Paradoxerweis fuerdert hien och, dass "mer gläichzäiteg d'Ëmwelt musse schützen." An anere Wierder: et gi weiderhin al an erhalenswäert Bauwierker ofgerappt an duerch gro-wäiss Schongkëschten aus Bëtong a Glas ersat, an dat ouni Rücksicht op Biotopen, Liewensraim fir Déieren, Beem a sou weider ze huelen. Wat am Wee steet gëtt niddergemetzelt, genausou wéi mer et aktuell gewinnt sinn.

Privatiséierung a Liberaliséierung

Vu Sozialdialog schéngt de Luc Frieden net ganz vill ze halen. An den éischten dräi Méint mat CSV-Regierungsbedeelegung soll eng Logementstripartite stattfannen. Dës Gespréicher nennt den CSV-Spëtzekandidat zwar "Tripartite" (Dräierronn), ageluede ginn awer just zwee Diskussiounspartner, an zwar d’Vertrieder vu Politik a Patronat, déi dann elleng déi néideg Decisiounen iwwert de Wunnéngsbau huelen, kann een am Wort liesen.

D’Gesondheetspolitik wëllt de Luc Frieden mat méi Privatiséirung reforméieren: "Mir brauchen eng Ouverture zu méi Privatinitiative", heescht et dozou am LW-Interview. Wat dat bedeit, gëtt aus e sëllegen negative Beispiller aus dem Ausland däitlech: aus de Patiente gi Clienten, privat Investisseuren iwwerhuele Spideeler, de Gewënn steet am Mëttelpunkt, Outsourcing an Onsécherheet maache sech breet. Dobei misst grad d’Gesondheetswiesen net profitorientéiert sinn, well dat d’Dier fir eng Zwouklassemedezin ganz grouss opmécht.

Wat geschitt, wa bis eng Finanzhyän um Rudder ass, gesi mer de Moment am beschten um Beispill vu Frankräich. Dofir solle mer ganz gutt oppassen, dass mer net de Bock zum Gäertner maachen. hh.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0