· 

Videostar

De #Luc huet ee Video iwwert sech dréine gelooss. Hien ass frou, well net emol Statisten sinn drop ze gesinn. An engem weidere Bréif un de Jean-Claude, deen der Redaktioun vu Luxembourg Jungle virläit, geet de #Luc an d'Detailer.


Léiwe Jean-Claude,

Hues de mäi neie Video gesinn? Dee muss de der onbedéngt ukucken, du fënns en iwwerall um Internet. Ech si gutt geroden, gell? D’Iddi war déi, mech als „Macher“ duerzestellen, sou wéi’s du ee waars, als een, deen alles kann a bei all Thema matschwätze kann. Vun Tramfueren iwwer Autofueren bis hin zu Vëlofueren – et ass alles dobei. Ech kucken de Film all Dag an ech fannen en all Kéier besser. Ech kommen als talentéiert Perséinlechkeet eriwwer, sou wéi wann ech scho Premier wär.

 

Mam Autofueren hat ech jo nach am mannste Problemer, awer beim Tramfueren hunn ech mech geschuddert, well do hunn ech mech missten ënnert déi ganz normal Leit mëschen.

Beim Vëlofueren ass et mer schwindeleg ginn, well zanter dem fënnefte Schouljoer suz ech op kengem Rad méi. Deemols hat ech ee Vëlo fir d’Kommioun geschenkt kritt, ma deen hat ech verflucht. All déi aner aus menger Klass konnte vill besser fuere wéi ech. Dofir hat ech fir déi Zeen een Double engagéiert, deen kritt een am Film just vun hannen ze gesinn. D‘Zuschauer kréien awer den Androck, wéi wann se mech um Vëlo geséichen, well de Stuntman hat dat selwecht hellblot Hiem un wéi ech.

 

Fir d‘éischte Kéier a mengem Liewen hat ech en Helm op an ech hat d’Geleegenheet, mech an d’Haut vun engem Mënsch eran ze versetzen, dee richteg schafft. Dat huet Spaass gemaach! Fir d’Dréiaarbechten ware mer extra op ee Chantier gefuer an am Dréibuch stoung, ech sollt mam Fanger op ee Kran weisen. Ech hat e bësse gezéckt fir en Helm unzedoen, well ech Angscht hat, d’Leit géife mech net erëmerkennen, awer de Chef-Chantier sot mer, ech sollt mäi Kapp a Rou leeën, et géif absolut keen Zweifel bestoen, datt ech dat wär.

 

Ee flotten Optrëtt war och deen am Bësch. Ech hat mer extra eng Jeansbox an Turnschlappe kaaft, well ech duecht mer, datt een net an der Costumesbox a mat de Lackeschong an de Bësch geet.

 

Ech hat eng hefteg Diskussioun mam Roth a mam Hansen, well déi wollten onbedéngt och eng Roll am Film kréien, ma déi krute vu mir den Diks geriicht, schliesslech sinn ech de Spëtzekandidat an net si. Déi aner néngafofzeg si just Statisten.

 

Sou, léiwe Jean-Claude, ech muss mech elo fäerdeg maachen fir déi nächst Dréiaarbechten. Dës Kéier ginn ech gefilmt wéi ech an de Cactus akafe ginn a muss duerno virun der Kamera kachen. D’Leit kréien dat dann zervéiert, op et hinne schmaacht oder net.

 

Däi #Luc


▼ Imagefilm vum #Luc

Kommentar schreiben

Kommentare: 1
  • #1

    Jean Houmpen (Mittwoch, 09 August 2023 05:14)

    Top !!