· 

Gemauschels ëm de Koalitiounsaccord

D'Kaz am Sak

Virun de Wahlen war deem neie #Luc kee Blitzlicht a kee Mikro ze vill. Soubal hien awer vum Grand-Duc als Formateur genannt gouf, war hie schonn nees een aneren. Dee ganz neie #Luc wollt op eemol vun Informatiounen an Transparenz näischt méi wëssen. 

D'Press gouf am Ufank vun de Koalitiounsverhandlungen net emol an d'Senninger Schlass eragelooss, an eréischt wéi d'Kritiken ëmmer méi haart gi sinn, huet de Formateur #Luc seng Meenung geännert. An obwuel d'Journalisten duerno konnten ënnerdaach waarden, hunn si ausser selbstgefällegen Matdeelungen am Small-Talk-Stil keng Informatiounen iwwer Inhalter kritt. Dëst ass souguer dem Michèle Gantenbein vum Lëtzebuerger Wort batter eropgestouss an am Leitartikel vun haut mécht si hirer Roserei an ongewinnten Téin ordentlech Loft. Virun allem versteet d'Editorialistin net, firwat de Koalitiounsaccord wéi den Hellege Gral verstoppt gëtt.

▲ Leitartikel aus dem Wort vum 16. November 2023
▲ Leitartikel aus dem Wort vum 16. November 2023

Och interessant:


Nach ee Schratt méi wäit geet d'Michèle Sinner an engem Tëscheruff op RTL ënnert dem Titel "Bokassa II". Zum Gemauschels iwwert de Koalitiounsprogramm schreift si: "Säin [dem Luc Frieden säin; - Präzisioun Luxembourg Jungle] Argument, et kéint een den Accord wéinst den demokratesche Prozeduren net publizéieren, wéinst der neier Verfassung, wéinst dem Vott, deen d'Chamber misst driwwer huelen, dem Respekt virun den Deputéierten ass ganz einfach  - pardon - décke Kabes." 

An hirer Schlussfolgerung zitt d'Michèle Sinner souguer Parallellen mat autoritäre Regimer wéi mer se aus de sougenannte Banannerepubliken hir kennen: "De Jean-Claude Juncker, ënnert deem de Luc Frieden laang Krounprënz war, hat de Spëtznumm Bokassa. Mat senger Walcampagne an dëse Koalitiounsverhandlungen huet de Luc Frieden demonstréiert: Och hie mengt, de Pouvoir, dat wier hien. A wie sech a sengem Glanz wëll sonnen, deen huet besser ze follegen. Wéi laang déi sech dat gefale loossen, déi en Donneschdeg net Minister oder Ministerin sinn, ass déi spannend Fro fir déi nächst fënnef Joer."

Souwuel de Nationalkongress vun der CSV wéi och de Comité directeur vun der DP hunn e Mëttwoch, 15. November de Koalitiounsaccord ugeholl ouni e virdru gesinn, geschweigs da gelies ze hunn. Woumat d'Fro vum Follegen, déi d'Michèle Sinner a sengen Tëscheruff opgeworf huet, schonn zum Deel beäntwert wär. D'Parteizaldote vun CSV an DP hu gefollegt a ware bereet, d'Kaz am Sak ze kafen.

Ma och de fréieren CSV-President an aktuelle Spriecher vun der Partei Fokus, Frank Engel, huet nawell kräfteg Kritik um #Luc ausgeübt an huet haut am RTL-Interview op dem neie Premier seng autokratesch Oder opmierksam gemaach. No der Bankekris vun 2008, huet d'Regierung en Emprunt vun zwou Milliarden Euro opgeholl. De #Luc wollt deen Emprunt laanscht d'Parlament maachen, wat natiirlech illegal gewiescht wär. Eréischt wéi den deemolege Premier Juncker drop bestanen hätt, d'Parlament ze befaassen, hätt de #Luc dat dunn schlussendlech gemaach.

D'Kaz am Sak huet bis elo just de Kapp erausgestreckt

Op der heideger Pressekonferenz vum #Luc, dee flankéiert war vum zukünftege Chamberspresident Claude Wiseler (CSV) an dem neien Ausseminister Xavier Bettel (DP), huet hien d'Konschstéck fäerdeg bruecht, deen 207 Säite laange Koalitiounsaccord an drësseg Minuten ze resüméieren.

Bei der geschriwwener Press waren dann och net vill méi Detailer gewuer ze ginn. D'Wort schreift:

 Die wichtigsten Punkte zur Koalitionsvereinbarung

  • Die Steuertabelle soll zum 1. Januar 2024 um vier Indextranchen bereinigt werden: „Die Steuerlast sinkt.“ (Luc Frieden)
  • Es wird keine Erbschaftssteuer in direkter Linie und keine Vermögenssteuer für Privatpersonen geben. 
  • Bis 2026 sollen die Steuerklassen reformiert werden, um sie an die gesellschaftlichen Realitäten anzupassen. 
  • Die Steuerklasse 1A soll entlastet werden.
  • Im Kampf gegen Armut soll der Revis gestärkt und ein „guichet social“ eingeführt werden.
  • Der soziale Mindestlohn soll über der Sozialhilfe liegen.
  • Es soll Bewegung in den Bausektor kommen. Es soll mehr gebaut werden. Kurzfristige und zeitlich begrenzte Maßnahmen: „amortissement acceléré“, niedrigere Mehrwertbesteuerung bei Immobilienverkäufen, Erhöhung des „billigen Aktes“.
  • Höhere Abschreibungsmöglichkeiten von Schuldzinsen. 
  • Neue Bauprojekte brauchen mindestens 30 Prozent bezahlbaren Wohnraum, dabei soll der Staat den Privatsektor unterstützen. 
  • „Only once“ bzw. "guichet unique": Privatleute und Betriebe sollten dem Staat nötige Informationen nur einmal übermitteln müssen. 
  • Effiziente Umweltpolitik: zum Beispiel schnellere Prozeduren beim Bau von Windrädern oder Radwegen. 
  • Massive Investitionen in erneuerbare Energien, Fotovoltaik als Standard bei Neubauten.
  • Ein überarbeiteter Platzverweis und die comparution immédiate sollen für ein erhöhtes Sicherheitsgefühl sorgen. Die Gemeindepolizei soll kommen. Die Polizei soll besser ausgestattet werden.
  • Es wird in Luxemburg keine Leihmutterschaft geben, aber die Diskriminierung von Kindern aus Leihmutterschaften im Ausland soll beendet werden. 
  • Alle Diskriminierungen im Adoptionsrecht sollen abgeschafft werden.
  • Zur Verbesserung der medizinischen Versorgung soll das ambulante Angebot gestärkt werden, um Krankenhäuser zu entlasten.
  • Congé parental und Congé maternel sollen verlängert werden bzw. flexibler gehandhabt werden können. 
  • Kinderbetreuung soll ausgebaut werden, der Betreuungsschlüssel in Einrichtungen angepasst werden.
  • Die Steuerlast von Betrieben soll auf OECD-Niveau gesenkt werden.
  • Betriebe, die in die ökologische oder digitale Transformation investieren, sollen belohnt werden. 

Och interessant:


Déi puer Stéchwierder aus dem Wort ginn op eng DIN-A-4-Säit. Wou bleiwen déi aner 208 Säiten a - virun allem - wat hutt der ze verstoppen, Här Frieden?

Bei engem Budgetsdefizit vun aktuell annerhallef Milliard Euro, deen d'nächst Joer anscheinend schonn zwou Milliarden Euro iwwerschreite soll an enger Staatsschold vun aktuell zwanzeg Milliarden Euro, déi an den nächsten zwee bis dräi Joer op drësseg Milliarden Euro klamme soll, freet een sech als Laien natiirlech, wéi déi Lächer solle gestoppt ginn. Ween sech nach un deen ale #Luc erënnert, dee weess, dass no der Bankekris vun 2008 ee strammen Austeritéitskurs gefuer gouf, deen haaptsächlech um Bockel vun de schaffende Leit an de Rentner ausgedroe gouf. Ganz nom Prinzip "Profiter privatiséieren, Defiziter sozialiséieren", goufen d'Banken deemols gerett, an d'Allgemengheet konnt d'Rechnung bezuelen. No wat fir enge Rezepter dee neie #Luc kacht, bleift bis haut ee Rätsel. Gewosst ass just, dass och fir dee neie #Luc den Tripple-A absolut prioritär ass. Honi soit qui mal y pense, oder op Däitsch: Ein Schelm, wer Böses dabei denkt.


Och interessant:


Kommentar schreiben

Kommentare: 1
  • #1

    QBY (Donnerstag, 16 November 2023 10:50)

    Geet dest iwwerhaapt nach ? "Congé parental und Congé maternel sollen verlängert werden bzw. flexibler gehandhabt werden können. " nach mei flexibel wei en schon gemeet gouf? ech menegn do piipst et