· 

Luxembourg-Qatar

Kritt dee neie #Luc d'Kéier?

D'Aussepolitik huet wärend dem Walkampf kaum eng Roll gespillt. Dobei misst et eigentlech fir jidderee kloer sinn: wat ee Land méi kleng, wat d’Ausland méi grouss ass. Dat meescht spillt sech zwangsleefeg am Ausland of. Et gouf wuel kaum ee Wahlkampf, wou d’Evenementer am Ausland esou eng grouss Roll hätte spille kéinten, wéi dëst Joer. Et dierf ee gespaant sinn wéi sech dee neie #Luc am Noost-Konflikt positionéiert, wou dach deen ale #Luc mam katareschen Emir "ee Kapp an en Aasch war".

Mat banale Reklammespréchelcher, wéi se och vun enger Supermarchéschaîne hätte kéinte stamen, gouf de Wieler de Kapp verdréit. D’DP wollt “méi no bei dir” sinn, d’Zozialisten wollten “#zesummen” iergendeppes vages erreechen, d’CSV hat just hire “#Luc” als Joker, déi Lénk sinn ugetrueden fir “alles ze gewannen”, d’Piraten wollten “eng Stëmm fir ons Déieren” sinn, déi Gréng hu moraliséiert mat “mir schafen Zukunft”, an d’ADR huet sech drop beschränkt, datt si just “Lëtzebuerg gär hunn”. Mat Ausnahm vum Logement, dee wierklech eng Prioritéit vun den Awunner ass, gouf sech op Themen wéi Steieren, Aarbechtszäit, Vëllospisten a sou weider konzentréiert. D’Aussepolitik gouf ausse vir gelooss, obwuel grad si um Ursprong vun der ongemittlecher Situatioun hei zu Lëtzebuerg an a ganz Europa steet.

Keng Partei huet sech getraut, den Ukrainkrich, d’Waffeliwwerungen an d’Russlandsanktiounen a Verbindung ze bréngen mat der Präisdeierecht, der Zënserhéijung, de steigende Failliten, dem soziale Misère oder der wirtschaftlecher Stagnatioun.

 

Dat kéint sech awer änneren, virun allem am Hibléck op d’Situatioun am Noen Osten.

Nach bis virun zéng Joer ass deen ale #Luc reegelméisseg tëscht Lëtzebuerg an Doha hin an hir gependelt a war mam Emir vum Katar, dem Scheich Hamad bin Khalifa Al Thani, quasi per du. Obwuel och deemols scho gewosst war, dass den Emir sech net nëmmen eng Fussball-Weltmeeschterschaft vu sengem ville Geld kaaft hat, mee och ee vun den Haaptsponsoren vun der palästinensescher Terrororganisatioun Hamas war, hat deen ale #Luc keng Bedenken fir him komerodschaftlech d’Hand ze drécken. Annerhallef Milliard Dollar huet de katareschen Herrscher der Hamas an de leschte Joren iwwerwisen. An haut? Wéi steet dee neie #Luc zum Gönner vun der Hamas? Déi net onëmstridden däitsch 'Stiftung für Wissenschaft und Politik' huet d’lescht Joer eng Etude iwwert d’Aussepolitik vum Katar verëffentlecht, déi een hei noliese kann: https://www.swp-berlin.org/10.18449/2022S12/#hd-d43372e2836.

 

2011 an 2012 huet de #Luc, deen haut Formateur vun der neier Regierung ass, eng Rëtsch Lëtzebuerger Betriber un d’kataresch Herrscherfamill verhökert. Betraff waren d’BIL an d’Kreditbank an och d’Cargolux, wou et bal zum Desaster komm wär, hätten d’Gewerkschaften sech deemols net massiv gewiert a fir hire Betrib an domat fir den Erhalt vun den Aarbechtsplazen gekämpft. Een interessanten Iwwerbléck iwwert déi deemoleg Politik vum ale #Luc kritt een an engem Artikel vum Jean-Claude Franck an der Wochenzäitschrëft Forum (Nummer 323): https://www.forum.lu/wp-content/uploads/2015/11/7503_323_Franck.pdf

 

Spannend gëtt et virun allem dowéinst, well dee neie #Luc sech deemnächst tëscht sengem ale Frënd Hamad bin Khalifa Al Thani an Israel entscheede muss. Huet de #Luc sech zum Staatsmann entwéckelt oder mécht hie léiwer weider Geschäfter mat dubiosen Despoten aus dem Orient?

Kommentar schreiben

Kommentare: 0