· 

Vill Business English am Koalitiounsaccord

Make Luxembourg great for the Future

Endlech kënnt dem #Luc säi ganzt Talent, säi ganze Knowhow vu Cambridge an Harvard bis hin zu sengem Détour als Vice Chairman vun der Deutsche Bank zu London zur Geltung. Kaum een Abschnitt am Koalitiounsaccord – pardon: am coalition agreement – kënnt ouni Corporate English, also ouni Business English aus.

Als Lëtzebuerger hu mer eis mëttlerweilen u Begrëffer wéi e-Banking, MyGuichet, Hotline, Baby-years, Cloud, Cyber-attacks, Work-Life-Balance, Sandwich, Fast food, Party an All-you-can-eat gewinnt, lo präsentéiert sech endlech de Koalitiounsaccord an enger Form, déi up-to-date ass. Okay, fir munchereen ass den Text a big Mystery, mee dofir ass Luxembourg Jungle jo do fir beim Decoding ze hëllefen.

Et wäert wuel nach vill Waasser d’Musel eroflafen bis eisen e-Government eis Smart Cities in a Smart Nation unhand vu Blockchains emgesat huet, et sief dann mir setzen eng task force an, déi sech Gedanken iwwert d’Security-by-Design mécht. Bis dohinner maache mer de Business to business an de Business to consumer wéi gewinnt - an anere Wierder: Business as usual. Op Basis vum Level playing field mussen d’Reegelen iwwert de Co-working definéiert ginn, soss gëtt d'Emsetze vum Remote working very tough. Mir brauchen Chatbots an eng Digital Academy fir de Follow-up ze garantéieren. Den Training system gëtt opgebaut op de Workflow vum Aim, Learn, Master Achieve (ALMA) a vum Not in Education, Employment or Training (NEET). Aus deem Grond däerfe mer keng Stopline zéien, mee mir mussen de Luxembourg Trade and Investment Office, d’Luxembourg Sustainable Finance Initiative, de Luxembourg HealthTech Cluster, de Luxemborg Urban Garden, d’Luxembourg House of Cybersecurity, d’Luxembourg Tourism Awards an d’Luxembourg Space Agency briefen a konsequent ausbauen. De Logement kréie mer mat Tiny housesCo-living a mat de Programmer Housing first a Fit for 55 an de Grëff. Dofir brauche mer e Makerspace, ee Scale-up an ee Power purchase agreement fir d'Start-up Nation ze managen. Green shipping a Green Business Events hëllefen eis beim Ëmsetze vun der Method Think Small First. Beim Food4Future a Precision Farming gëtt een uerdentleche Blistering am Kader vum 3R–Replace, Reduce, Refine gebraucht a fir d’Realisatioun vum Health Hub muss de Prinzip vum Out of Hospital op enger paperless Basis lafen.

Alles kloer?

Ee Punkt am Koalitiounsaccord hätt allerdéngs kéinten e bësse méi am Detail ausgeschafft ginn, an zwar dee vun den OPCVM-ETF-Fongen.

Fir de Rescht hätten déi puer lëtzebuergesch an däitsch Begrëffer, déi am Accord ze fanne sinn, eigentlech och op Englesch iwwersat kéinte ginn. “Bëllegen Akt” kann ouni weideres an cheap act, “Natur auf Zeit” an Nature for a while, “Beweegungs-Crèche” a movement crib, “Bësch-Crèche” a forest crib, “Bewegte Schule” an Emotional School a sou weider ëmbenannt ginn.

Fir verschidde Programmer an Initiativen vum Staat ass bestëmmt och eng englesch Iwwersetzung ze fannen, déi dann och vill besser kléngen: “Fro de Bauer” – Ask the farmer; “Hallo Handwierk” – Hello Handywork; “Projet Zesumme wuessen” – Project Grow together; “Gesond iessen-méi beweegen” – Eat healthy-make things move; “Kein Abschluss ohne Anschluss” – No finish without connections; “En Dag um Bauerenhaff” – A day on the farm; “Betrib 2030” – Business 2030 oder den héichgeschätzte “Platzverweis” – go away.


Och interessant:


De Koalitiounsprogramm selwer, deen den Titel “Lëtzebuerg fir d’Zukunft stäerken” dréit, hätt vu viran un kéinten “Make Luxembourg great for the future” genannt ginn.

Fir all weider Erklärungen iwwert de Koalitiounsaccord rode mir vu Luxembourg Jungle Iech, ee Schnuppercours fir Business English bei der Harvard University ze maachen oder den Dictionnär Cambridge Business English ze consultéieren. Empfeelenswäert ass och d’Buch “Business English für Dummies”.

All englesch Begrëffer sinn am Koalitiounsaccord nozeliesen, deen een iwwert dëse Link vun eise Kollege vun RTL eroflueden kann:

https://download.rtl.lu/2023/11/18/15d46250b98cd97748d5cdc00bcc1d54.pdf

 

 

Kommentar schreiben

Kommentare: 0