· 

Wëldplo an de Lëtzebuerger Bëscher

Laurent Schlau: Et muss massiv geschoss ginn!

An engem remarkabelen Interview op RTL huet de Sous-Direkter vun der Natur- a Forstverwaltung gëschter fir eng massiv Juegd op d’Déieren am Lëtzebuerger Bësch plädéiert fir op déi Manéier der Wëldplo meeschter ze ginn. Luxembourg Jungle huet de Laurent Schlau och interviewt.

Luxembourg Jungle: Bonjour, Här Schlau. Als leidenschaftleche Verfechter vun der Juegd hutt Dir zouginn, selwer kee Jeeër ze sinn. Firwat?

Laurent Schlau: Ech ka kee Blutt gesinn. D’Juegd ass eng extrem bluddeg a grausam Fräizäitbeschäftegung, dat packen ech net. Ech hunn zwar gär een uerdentlecht Stéck Fleesch um Teller, awer da schéin am Plastik verpaakt aus dem Supermarché.

Luxembourg Jungle: Dir behaapt, mir hätten eng Iwwerbevëlkerung vu Wëld am Lëtzebuerger Bësch. Wéi kommt Dir zu där Conclusioun? Hutt Dir d’Wëld gezielt? A wat sinn d’Geforen vun där Iwwerbevëlkerung?

Laurent Schlau: Mir sinn am Moment tatsächlech vun enger schrecklecher Hirsch-, Réi- a Wëllschwäinplo bedrot. Mir hu keng Zuelen iwwert de Wëldbestand, dat ass just esou ee Gefill. Ech hunn dat iwwert den Daum gepeilt. Mee gitt mol eng Kéier an de Bësch a kuckt Iech dat un! Et wimmelt nëmmen esou vu Wëldschwäirotten an Hirsch- a Réihäerden. Oder fuert mam Auto laanscht ee Bësch, da gesitt der se a Reih und Glied do stoen. Se lauere just drop, op d’Strooss ze lafen an Accidenter ze provozéieren. D’Haaptgefor besteet awer doranner, datt d’Wëld eis de ganze Bësch opfrësst. Geschwënn hu mer keng Bëscher méi, wa mer d’Wëld gewäerde loossen. Dofir muss vill méi geschoss ginn. An dat geet nëmme, wann nach méi Klappjuegden stattfannen an d’Saison vun de Klappjuegde verlängert gëtt.

Luxembourg Jungle: Laut Ären eegenen Aussoen goufen d’lescht Joer 6.700 Réi, 6.200 Wëllschwäin a 400 Hirschen geschoss. Ass dann iwwerhaapt nach Wëld an de Bëscher a wat gëtt mat deene ville geschossenen Déiere gemaach?

Laurent Schlau: Jo, et dreift sech nach vill ze vill Wëld an eise Bëscher ronderëm. Fir éierlech ze sinn: bei der Juegd geet et jo haaptsächlech ëm de Spaass, dout ze maachen. Eng gutt Portioun vun de geschossenen Déieren land herno an der Biosdreckskëscht. Een Deel geet bei den Traiteur oder gëtt am Supermarché verkaaft. De Staat wäerd demnächst eng Campagne starten fir d’Consommatioun vu Wëld ze fërderen. Moies Hirschpaté, mëttes Marcassin oder Huesenziwwi an owes Réischnitzel. Wëld kann een de ganzen Dag iessen an et ass gesond.


Och interessant:


Luxembourg Jungle: A wéi ass et mam Bläi am Wëld?

Laurent Schlau: D’Leit sollen net esou kriddeleg sinn. Da léiwer ee Stéck Fleesch mat Bläi vun engem Déier, wat glécklech gestuerwen ass, wéi eent mat Antibiotiquen aus der Massentierhaltung.

Luxembourg Jungle: Kënnt der eis ofzeschléissend nach den Ënnerscheed tëscht enger Klappjuegd, enger Beweegungsjuegd an enger Dréckjuegd erklären?

Laurent Schlau: Et gëtt keen Ënnerscheed. Zesumme mat der Jeeërsfederatioun an den Ëmweltorganisatiounen hu mir vum Staat einfach no engem anere, méi frëndleche Wuert gesicht, well de Begrëff “Klappjuegd” ze vill negativ konnotéiert ass. "Klappen" erënnert d'Leit direkt u "Rapp a Klapp", un eppes brutales. An dee Message soll d'Juegd jo awer net eriwwerbréngen.

Luxembourg Jungle: Här Schlau, villmools merci fir d'Gespréich.


Och interessant:


Kommentar schreiben

Kommentare: 0