· 

Liewensgefor

D'Juegd ass op!

"Jeeër si Barbaren", "d’Juegd ass doutmaachen, 't ass Mord well et ass geplangt", "d’Juegd, dat ass d’Loscht, doutzemachen", huet den Déiereschützer Armand Clesse 2019 op RTL behaapt. Zwar gouf hien 2020 um Geriicht fräigesprach, ma ech ginn him trotzdeem net Recht! An dofir hunn ech meng gutt Grënn.

Dass d'Juegd "geplangte Mord ass" an dass mir Jeeër "Loscht hunn, doutzemaachen", wéi den Armand Clesse um Radio gesot huet, do sinn ech Honnert Prozent mat him averstanen. Wat ech awer total iwwerdriwwe fannen ass, dass hien eis Jeeër als "Barbaren" bezeechent. Do ass en eendeiteg ze wäit gaangen, an ech kann et haut, dräi Joer dono, nach ëmmer net verdauen, datt en um Geriicht fräigesprach gouf.

Dat kléngt jo sou, wéi wa mir Jeeër déi rengsten Onmënschen, Béischter,  onziviliséiert an ongebilde Monsteren wären. Si mer awer net! Mir si ganz normal Mënschen, déi schaffe ginn, eis Famill ernähren, Kanner hunn, en Haus, ee Mupp an een SUV hunn. Sou wéi aner Leit an hirer Fräizäit an de Basic-Fit, an hir Museksprouf, an hire Yogacours ginn oder doheem virum Schlappekino leien, gi mir an d'Natur, an de Bësch, op d'Juegd. Säit Mënschegedenken ginn d'Leit op d'Juegd, mir féieren dat weider, wat eis Urahnen ugefaangen hunn. D'Juegd ass eng ural Traditioun. An dësem Videoclip gesidd der, wéi ech dat mengen.▼

Kanner, bleift dach ëm Gottes Wëllen bis Enn des Jores aus de Bëscher eraus! Wéi oft muss ech iech et nach soen?! Vun Oktober bis Enn Dezember hu mir Jeeër d'Hausrecht do. Gitt mat ären Hënn anzwousch anescht, maacht ären Jogging op der Strooss, gitt är Champignonen an de Cactus kafen, fuert mam Mountainbike duerch de Park. Dir hutt déi dräi Méint näischt an de Bëscher verluer! Dat ass dach net esou schwéier ze verstoen. Informéiert iech um Geoportail, da gesitt der, dass d'Juegd laang net esou verbreet ass wéi allgemeng behaapt gëtt an dass et ganz Landstreecher ginn, wou mir net joen. ▼

Eng Klappjuegd ass kee Kannerspill a mir kënne keng Garantie ginn, datt dir do lieweg dervukommt. A maacht et och net wéi deen Hännes hei um Vëllo, deen duerch de Bësch gefuer kënnt an haart jäizt: "Ech si kee Réi! Ech si kee Réi!" ▼

Ech freeë mech all Joer, wann et nees lassgeet. Dëst Joer sinn ech direkt fir e puer Juegden ugemellt an op all Juegd ass selbstverständlech fir Iessen an Drénken beschtens gesuergt. Ei! Ech war mer ee neit Schluechtmesser an eng nei Schankesee bei de Frauenberg op Nidderfeelen kafen. Dat Geschir brauch ech genausou wéi meng Flënt. Mat der mobiller Wëldwo kontrolléieren ech d'Gewiicht vun der Wuer ier se bei de Kaempff-Kohler oder bei d'Provençale an de Killwon getesselt gëtt.

Dass d'Juegd net nëmmen eng Gefor fir Spadséiergänger, Champignonssammler a Mountainbikefuerer, mee souguer fir eis Jeeër ka sinn, wéisen dës Biller. ▼

 

Et stëmmt: d'Juegd ass net grad ee bëllegen Hobby, do kënnt schonn eng zolitt Geldsomme zesummen, wann een e bësselchen Wäert op Qualitéit leet. Dofir ass d'Juegd keng Fräizäitaktivitéit fir jiddereen, mee nëmme fir déi, déi sech dat och leeschte kënnen. Et ass wéi beim Golf, beim Fléien oder Seegelen, bei der Konscht a beim Reiden a sou weider. Et gi jo awer genuch Fräizäitaktivitéiten fir déi aner, wéi Spadséieregoen, e Buch liesen, Campéieren, Picknicken a villes méi.

Hautdesdaags geet et net méi duer, eng Flënt ze hunn, nee, et brauch een och ee Schalldämpfer, ee Nachtsichtgerät, ee Sëtzbengel, Spezialkleeder an souguer Drohnen fir d'Wëld opzestöberen.

Mir Jeeër zielen eis zwar zu den Naturschützer, ma réischt wann et knuppt, deen éischte Marcassin exekutéiert an duerno d'Blutt beim Schluechten sprëtzt, fillen ech mech sou richteg wuel.

Direkt beim Hochsitz hunn ech och dëst Joer nees ugefiddert. Et ass zwar verbueden, mee egal, si maachen et alleguer. Et ass méi agreabel, d'Wëld direkt virun d'Flënt ze lackelen an da ... peng! Déi Method ass och vill méi déierefrëndlech, well et erspuert een deem aarme Béischt dee ganze Stress, deen duerch d'Hetz iwwert Bierg an Dall entsteet.

Iwwregens: ech hu mäin Hochsitz bei der Caritas kaaft. Jo, dir hutt richteg gelies. D'Caritas vun Tréier bedreift een Atelier protégé wou si extra fir eis Jeeër Hochsitzer an alle Gréisste bastelen. TÜV gepréift, do kann ee net meckeren. Ech konnt de Präis vum Hochsitz souguer als Don fir de gudden Zweck vun de Steieren ofsetzen. Dat nennen ech Aarmutsbekämpfung op eng nei, innovativ Manéier. 

Ech freeë mech richteg, wann d'Juegd op de Wollef endlech opgeet. D'EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen ass op de Jeeër hirer Säit, d'Enveloppe war déck genuch. D'Ëmweltschützer kënnen sou haart jäizen a sou vill Petitioune maache, wéi se wëllen. Mir Jeeër hunn dee laangen Aarm. Wette mer?

Kommentar schreiben

Kommentare: 0