· 

Klappjuegd um Bëschkierfecht

Mussen d'Leit am giele Gilet op d'Griewer goen?

Dass d’Juegd ee barbareschen, brutalen Hobby ass, bei deem harmlos Déieren aus Spaass erschoss ginn, ass gewosst. De Combel vun der Pietéitlosegkeet ass awer ouni Zweiwel zu Bissen um Bëschkierfecht ze fannen, wou d’Leit fir Allerhellegen wollten op d’Griewer vun hire Verstuewenen goen.

Onerhéiert ass et, datt iwwerhaapt op engem Kierfecht, also enger Gedenkstätt fir eis Verstuerwen, gejot a geschoss gëtt. Datt awer ausgerechent op dëse besënnlechen Deeg déi trauernd Mënschen mat Schëlter a rout-wäiss gesträiften Ofspärbännercher drop higewisen, datt eng Klappjuegd stattfënd, ass schonn hefteg. “Prudence! Chasse en cours / Vorsicht! Treibjagd” steet grouss op engem Panneau an der Entrée vum Bëschkierfecht.

Mir sinn eis wahrscheinlech bal alleguer eens, datt d’Behuelen vun de Jeeër an dësem konkrete Fall eng Schan ass. Wat wuel d’Jeeërfederatioun an déi Bissener Gemengeverantwortlech zu dëser Affär soen?

▲ Post op Facebook vum 31/10/2023
▲ Post op Facebook vum 31/10/2023
▲ Ofspärbändchen um Bëschkierfecht zu Bissen.
▲ Ofspärbändchen um Bëschkierfecht zu Bissen.
▲ Warnung wéinst Klappjuegd um Bëschkierfecht zu Bissen.
▲ Warnung wéinst Klappjuegd um Bëschkierfecht zu Bissen.

▲ De ganze Facebook-Post.

Kommentar schreiben

Kommentare: 2
  • #1

    Jos Faber (Mittwoch, 01 November 2023 13:22)

    dat as eröm esoe populistesch geschriwen��as geschriwen wei wann et den 1.November also haut gewierscht wär, op Allerhelegen, dobei as et awer geschter passe‘ert woe iwerall Klappjuegden woren duercht d’Land an wann den Kierfecht am Besch um Loes wor dann as dat Secherheetsdenken wann et oofgespaart wor, glecklecherweis, außerdem as dat och nömmen während der Dauer vun enger Klappjuegd, also max bis 16 Auer …..wat as do den Probleem ???
    duerfir heescht dat Blaat och hei ‚Gesteppels‘ fir opzewiegeln oder Fake ze verbreeden… egal waat �

  • #2

    Hubert Hollerich (Mittwoch, 01 November 2023 13:40)

    @Jos Faber: a mengen Aen ass et skandaléis, datt op engem Kierfecht eng Klappjuegd stattfënnt, egal zu wat fir enger Joreszäit!
    Dat "Blat" heescht iwwregens net "Gestëppels", dat ass just eng vun de Rubriken vu "Luxembourg Jungle".