· 

Ënnerschreift d'Petitioun

Keng Juegd op Wëllef!

Ëmmer méi Länner sprangen der Europäescher Kommissioun bäi a fuerderen, de Schutzstatus vum Wollef ze lockeren an d'Ofschéisse vu Wëllef méi einfach ze maachen. D'Biergerinitiativ Feral Luxembourg huet ee Lieserbréif geschriwwen a rifft op, hir Petitioun fir de Schutz vum Wollef ze ënnerschreiwen.

Virun engem Mount huet d’Presidentin vun der Europäescher Kommissioun, Ursula von der Leyen, ugekënnegt, de Schutzstatus vum Wollef op de Leescht ze huelen an et méi einfach ze maachen, Wëllef, déi iwwert d’EU-Habitat-Direktive geschützt sinn, ofzeschéissen. Bis den 23. September haten all Interesséiert Zäit, hir Informatiounen iwwert d’Bestänn an hir Auswierkungen op Bréissel ze schécken. Op där Grondlag schafft d’Kommissioun dann ee Virschlag aus fir “de Status vum Wollefsschutz an der EU eventuell ze änneren an de juristesche Kader ze aktualiséieren”, wat “zu enger méi grousser Flexibilitéit am Ëmgang mat den ëmmer méi grousse Populatioune vun dëser Zort Déiere” bäidroe géif, heescht et am EU-Jargon. Am Kloertext: Et soll méi einfach ginn, Wëllef ofzeschéissen.

Opgestëppelt vun enger Allianz vu Jeeër a Véiziichter a vu verschiddenen EU-Memberlänner, huet d’Europaparlament scho virun engem Joer, op Demande vun der konservativer EVP-Fraktioun, eng Resolutioun ugeholl, an där d’Kommissioun opgefuerdert gëtt, de Schutz vum Wollef ze lockeren.

An hirer Matdeelung vum September iwwerhëlt d’Ursula von der Leyen net nëmmen d’Argumentatioun vun der Anti-Wollef-Lobby, mee leet nach eng Schëpp no andeems si behaapt, de Wollef wier net nëmmen eng Gefor fir d’Notzdéieren mee och fir d’Mënschen. Dobäi gëtt et bis elo an Europa keen eenzegen dokumentéierte Fall, wou e Mënsch vun engem Wollef ugegraff gouf. De Wollef ass e scheit Déier, dat dem Mënsch aus dem Wee geet. Et trëfft wuel zou, datt de Wollef vun Zäit zu Zäit Notzdéieren, virun allem Schof, attackéiert, wat awer duerch en uerdentlechen Zonk, den Asaz vun Häerdeschutzhënn an d’Presenz vu Schéifer:innen ka verhënnert ginn. Wéi Analyse weisen, besteet dem Wollef säi Kascht haaptsächlech aus Réi, Hirschen a Wëllschwäin. Well sech ëmmer erëm iwwer eng Iwwerpopulatioun vun dësem Wëld beklot gëtt, misst de Retour vum Wollef eigentlech begréisst ginn.

De Wollef ass wichteg fir d‘ekologescht Gläichgewiicht: engersäits hält en d‘Schalewëld a Schach, wat sech positiv op d’Erhuele vun der Vegetatioun auswierkt, anerersäits suergt en dofir, datt de Wëldbestand gesond bleift, well e virun allem al a krank Déieren eliminéiert.

Trotzdeem gëtt a villen europäesche Länner Stëmmung géint de Wollef gemaach. Frankräich, Däitschland an Éisterräich sinn der Kommissioun bäigesprongen an hu sech fir eng Reduktioun vun de Wollefsbestänn ausgesprach.


Och interessant:


D'EU-Kommissioun brauch awer d‘Zoustëmmung vum EU-Ministerrot a vum Europaparlament. Dofir ass et wichteg, datt sech och eis Regierung an eis Europadeputéiert kloer positionéieren. Aus deem Grond hu mir eng Petitioun ënnert dem Titel “Eng Chance fir de Wollef an eis natierlech Ökosystemer” gestart, déi eis Regierung an EU-Deputéiert opfuerdert, sech fir de Schutz vum Wollef anzesetzen (openpetition.eu/!loup). Mir hoffen, datt de Wollef och hei zu Lëtzebuerg genuch Frënnd:innen huet!

 

Hubert Hollerich,

Karin Meyer,

Karin Waringo

Feral Luxembourg, 16. Oktober 2023


De Link fir d'Petitioun ze ënnerschreiwen: openpetition.eu/!loup


Kommentar schreiben

Kommentare: 5
  • #1

    Roland Roland (Mittwoch, 18 Oktober 2023 08:39)

    Kleng Juegd op Wöllef

  • #2

    Chantal Huberty (Mittwoch, 18 Oktober 2023 16:09)

    Fir den Schutz vum Wollef

  • #3

    Robert Paul Grossklos (Mittwoch, 18 Oktober 2023 17:50)

    Sin fir de Schutz cum Wollef !!!

  • #4

    Gaby Biermann (Donnerstag, 19 Oktober 2023 00:59)

    Mir brauchen de Wollef, dofir loosst de Wollef liewen!

  • #5

    Geoffrey Viard (Freitag, 20 Oktober 2023 07:30)

    .