· 

Petitioun: Loosst de Wollef mat Rou!

Eng Chance fir de Wollef an eis Ökosystemer!

Lëtzebuerg huet lo och seng Petitioun fir de Schutz vum Wollef! Enn August huet d'Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen matgedeelt, et misst méi einfach gemaach ginn, de Wollef ofzeschéissen, well en eng Gefor fir Mënsch an Déier géif duerstellen. A ganz Europa wieren sech Natur- an Ëmweltschützer géint dës béiswëlleg an domm Ënnerstellung. Zu Lëtzebuerg huet d'Biergerinitiativ "Feral Luxembourg" eng Petitioun gestart.

Virum Hannergrond vun der rezenter Initiative vun der Europakommissioun,déi dorobber ofzielt, de Schutzstatus vum Wollef a Fro ze stellen an ët méi einfach ze maachen, Wëllef ze erschéissen, huet d'Biergerinitiative "Feral Luxembourg" eng nei Pétitioun lancéiert, déi d'Lëtzebuerger Regierung opfuerdert, sech derfir anzesetzen, datt de Schutz vum Wollef, deen iwert d'Konventioun vu Bern vum Europaroot an di europäesch Habitat-Direcive garantéiert ass., erhaale bleiwt. "Feral Luxembourg" argumentéiert, datt de Wollef eng wichteg Roll fir eis Ökosystemer spille kéint.

 

Doriwer raus, misst derfir gesuergt gin, datt d'wëll Déieren an di natierlech Ökosystemer besser geschützt gin. An deem Zesummenhang fuerdert "Feral Luxembourg" iwert e Verbued vun der Juegd an den Naturparken a Naturschutzgebidder nozedenken.

Hei geet et direkt bei d'Petitioun, déi a véier Sproochen (Lëtzbuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch) opgeruff an ënnerschriwwe gi kann: openpetition.eu/!ygmsq

Wat fuerdert d'Biergerinitiativ "Feral Luxembourg" konkret?

D'Fuerderungen vu Feral Luxembourg a vun de Petitionnairen riichten sech un d'Lëtzebuerger Regierung an un d'Lëtzebuerger Europadeputéierten.

 

"Feral Luxembourg" fuerdert d’Lëtzebuerger Regierung op: 

  • sech derfir anzesetzen, datt de Wollef och weiderhin europawäit als eng geschützten Déierenaart gëllt an datt d’Eliminatioun vun eenzelen Déieren nëmmen a kloer justifizéierten Ausnamefäll méiglech ass;
  • sech derfir anzesetzen, datt d’Wëssen iwwert de Wollef an aner sougenannte grouss Raubdéieren an hier Roll am Ekosystem ausgebaut gëtt;
  • zesumme mat den aneren EU-Memberstaaten Propositiounen auszeschaffen, wéi d’Zesummeliewe vu Mënsch an Déier besser gestallt ka ginn a sech kategoresch géint d’Zerstéierung vun de natierleche Liewensraim vun den Déieren anzesetzen;
  • och hei am Land Moossnamen ze ergräifen, déi e bessere Schutz vu wëllen Déieren an hiren natierleche Liewensraim garantéieren. Eis Landschaften an domadder och de natierleche Liewensraum vu Planzen an Déieren däerfen net weider morcelléiert ginn. Di sougenannte „mesures compensatoires“ oder „mesures d’atténuation” däerfe keng bëlleg Excuse fir d’Zerstéierung vun der Natur duerch iwwerflësseg Groussprojeten an Infrastrukturmoossname sinn.
  • konkret Propositiounen auszeschaffen, wéi d’Verbindung tëscht de verschiddene Naturparken a -reserve ka gestäerkt ginn. Fräizäitaktivitéiten an Tourismus däerfen net op Käschte vun der Natur goen.
  • doriwwer nozedenken, d’Juegd an de lëtzebuergeschen Naturparken an an de Natur- a Vulleschutzgebidder ganz ze verbidden;
  • Aktivitéiten, déi zu engem bessere Verständnis vum Fonctionnement vun eisen Ekosystemer bäidroen, auszebauen an ze ënnerstëtzen.

"Feral Luxembourg" fuerdert d’Lëtzebuerger Europadeputéierten op, sech zu Bréissel konsequent fir de Schutz vum Wollef, den Aarteschutz an de Schutz vun eisen Ökosystemer anzesetzen.

Ee Plädoyer fir de Wollef

Enn 19. Joerhonnert gouf de Wollef zu Lëtzebuerg an an de meeschten anere westeuropäesche Länner total ausgerott. Vru puer Joerzéngte sinn di éischt Wëllef aus Osteuropa a Richtung Weste gezunn an hunn sech do, wou se gënschteg Bedingunge fonnt hunn, néiergelooss.

 

Nodeems de Wollef 1979 zesumme mat puer honnert aner Déieren a Planzenaarten duerch di sougenannte Konventioun vu Bern fir den Erhalt vun den europäesche wëllen Déieren a Planzenaarten an hier Liewensraim vum Europarot geschützt gouf, gouf en 1992 och iwwer di sougenannten Habitat-Direktive vun der EU geschützt. E gëllt domadder als eng Déierenaart, där hiren Erhalt am Interessi vun der EU läit an däerf nëmmen ënner ganz restriktive Bedingunge geschoss ginn. Am Juni 2020 huet den Europäesche Geriichtshaff an engem Arrêt präziséiert, datt dëse Schutz net op di sougenannten natierlech Liewensraim vum Wollef limitéiert ass, mä och fir Wëllef gëllt, di dës Liewensraim verlooss hunn an sech a mënschleche Siidlungsgebidder ophalen.

 

No der "Large carnivore initiative for Europe" ginn et haut nees eng 17.000 Wëllef an Europa, woubäi di meeschte Wëllef nach ëmmer an Ost- a Südosteuropa liewen. Gréisser Populatioune gëtt et bis well soss just nach an den Alpen an am Norde vu Spuenien a Portugal. Virun zéng Joer goufen déi éischt Wëllef och an eise Géigende gesinn, mee bis well handelt ët sech just ëm eenzel Déieren, vun denen een unhuele kann, datt se „op Passage“ sinn, a net a Ruddelen.

 

Obwuel sech d’Verbreedungsgebitt vum Wollef an de leschte Jore staark vergréissert huet an d’Wollefspopulatioune vrun allem an deene Länner staark zougeluecht hunn, wou de Wollef ausgerott oder sou gutt wéi ausgerott war, ass et falsch dervun auszegoen, datt d’Presenz vum Wollef lo a ganz Europa geséchert wier. Mënschlech Aktivitéiten a vrun allem eng extrem Landschaftszersiidlung an eiser Géigend wäerten eng definitiv Barrière fir eng weider Verbreedung vum Wollef an d’Formatioun vu Ruddele sinn.

 

Trotzdeem entwéckelt sech op ville Plazen an Europa Oppositioun géint de Wollef, déi duerch eng Mëschung vu reellen Evenementer, vrun allem Attacken op Béischten, a festverwuerzelten Ängschte vrum béise Wollef geniert gëtt. Enn August huet d’Presidentin vun der Europäescher Kommissioun, Ursula von der Leyen, d’Memberstaaten opgefuerdert, d’Ausnamereegelen, déi an der Habitat-Direktive virgesi sinn, auszenotzen an hier eng Bestandsopnam iwwert d’Wollefspopulatioun an hiren Impakt ze präsentéieren. Domadder reagéiert si op eng Resolutioun vum Europaparlament vum November 2022[4], bei där et drëms geet, de Schutzstatus vum Wollef a Fro ze stellen an et méi einfach ze maachen, Wëllef ofzeschéissen.

 

Wéi 2017 di éischt eendeiteg Beweiser iwwert d’Presenz vun engem Wollef hei am Land virlouchen, gouf direkt en Aktiounsplang aus dem Hutt gezaubert. Och wann et duerchaus berechtegt ass, Ziichter fir de Verrass duerch Wëllef ze entschiedegen, respektiv Preventivmoossnamen ze finanzéieren, woubäi di meescht Verrëss souwuel vu Wëld wéi och vu Béischten nach ëmmer op Hënn zréckféiere sinn, bleift en negativen Androck: De Wollef ass schonn nees e Problem!

 

Wëllef, Bieren, Luchsen, Fiiss, Wëllschwäin, Routwëld oder Kueben : Wou ëmmer de Mënsch op wëll Déiere stéisst, oder d’Déieren op de Mënsch, kënnt et zu Problemer. Och wann et sécher ass, datt d’ekologescht Gläichgewiicht - duerch d’Agrëffer vum Mënsch! - op d’Kopp gestallt ass, ass et net legitim, d’Déieren, déi sech hiren natierleche Liewensraum zréckerueweren oder versichen, eng Plaz an onser „ziviliséierter“ Welt ze fannen, einfach ofzeknallen. Grad bei de sougenannte Raubdéieren, déi schonn ëmmer als Konkurrenz zum Jeeër a Sammler ugesi goufen, sinn d’Grenzen tëscht enger scheinbar legitimmer Reguléierung an enger neier Ausrottung fléissend. Dobäi beweise Beispiller, wéi déi aus dem Yellowstone Nationalpark, datt grad Wëllef ee positiven Impakt op d’Biodiversitéit kënnen hunn, andeems se eng Iwwerpopulatioun vu Paarhufer an en iwwerméissegt Ofweede verhënneren. A ville Fäll kënnen sinn och als sougenannten „espèce parapluie“ ugesi ginn: Vum Schutz vun hire Liewensraim profitéieren nämlech och eng ganz Rei aner Déieren a Planzen.

Wat ass d'Haltung vun de Lëtzebuerger Europadeputéierten?

Op Antrag vun der EVP/PPE (= CSV), koum et de 24. November 2022 zu enger Ofstëmmung iwwert eng Resolutioun, an där d'Weiche geluecht goufen, de Schutzstatut vum Wollef opzehiewen an d'Ofknalle vu Wëllef an der Europäescher Unioun méi einfach ze maachen. Interessant ass d'Haltung vun de Lëtzebuerger Europadeputéierten. Hei ass d'Resultat vun der Ofstëmmung, wéi een et am Sitzungsbericht vum Europaparlament vum 24.11.2022 noliesen kann:

Fir d'Ofknalle vum Wollef:

  • Isabel WISELER-LIMA (EVP, CSV)

Hire Parteikolleg an Europadeputéirten Christophe HANSEN war fir dës Sëtzung net emol ugetrueden.

 

Fir de Schutz vum Wollef:

  • Charles GOERENS (Renew, DP)
  • Monica SEMEDO (Renew, ex-DP)
  • Marc ANGEL (S&D, LSAP)
  • Thilly METZ (Verts/ALE, déi Gréng)
▲ Ofstëmmungsresultat am Europaparlament iwwert d'Resolution n° RC-B9-0503/2022 vum 24/11/2022
▲ Ofstëmmungsresultat am Europaparlament iwwert d'Resolution n° RC-B9-0503/2022 vum 24/11/2022

Wannechgelift ënnerschreiwen

Wann och Dir der Meenung sidd, dass et wichteg ass, de Wollef weiderhin ze schützen an d'europäesch Fraktioun vun der CSV mat hirer Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen ze bremsen, dann ënnerschreift wannechgelift d'Petitioun vun der Biergerinitiativ "Feral Luxembourg": openpetition.eu/!ygmsq

 


Och interessant:


Kommentar schreiben

Kommentare: 3
  • #1

    Grosch Alain (Sonntag, 17 September 2023 13:51)

    Wann en do ass soll een en do lossen, ausser sie reissen Schoof oder bilden eng Gefor, waat jo nët de Fall ass, am Moment !

  • #2

    Luc Trigatti (Freitag, 22 September 2023 06:04)

    I sign!!!!!!!

  • #3

    Michel Benduhn (Freitag, 22 September 2023 16:02)

    Ech denken de Wollef stellt éng Konkurrenz duer fir d'Jeer an dofir wellen se en lassginn.