· 

Revanche fir ermorte Pony

Von der Leyen: De Wollef ass eng Gefor fir Mënsch an Déier!

Nodeems de Wollef am September 2022 dem Ursula von der Leyen säi Pony zu Hannover gerass huet, huet d’EU-Kommissiounspresidentin eng bluddeg Revanche versprach. De Wollef ass nämlech net nëmmen eng Gefor fir Ponyen, mee och fir de Mënsch, sou d’von der Leyen. An dofir muss e bludden!

▲ Mäererchersstonn mam Ursula von der Leyen. Fir d'Kommissiounspresidentin ass de Wollef neiedéngs eng Gefor fir de Mënsch.
▲ Mäererchersstonn mam Ursula von der Leyen. Fir d'Kommissiounspresidentin ass de Wollef neiedéngs eng Gefor fir de Mënsch.

"Déi ganz Famill ass fierchterlich matgeholl", huet sech d'Ursula von der Leyen (CDU = CSV) am September d'lescht Joer virun der Press beklot, nodeems hirt Pony „Dolly“ op enger Kopp zu Burgdorf bei Hannover vun engem Wollef ermort ginn ass.

Direkt no där grausamer Dot huet si all Hiewelen a Beweegung gesat fir sech ze rächen an de Wollef duerch Erschéissen hinzeriichten. Dat huet d’Verwaltungsgeriicht zu Hannover awer a sengem Uertdeel vum 27. Januar 2023 verhënnert a betount, datt de Wollef ënner Naturschutz steet, an dat soulaang déi bestehend EU-Reegelung net ëmgeännert ass.

Eng Resolutioun vum Europaparlament, déi "zoufällegerweis" Enn November 2022 ugeholl gouf, an an där eng kloer Lockerung vum Schutzstatus vum Wollef gefuerdert gëtt, koum der Madamm von der Leyen zupaass an huet hir dee néidegen Opdriff ginn, dem Wollef EU-wäit de Kampf unzesoen. Ëmmehin ass d’Wollefspopulatioun innerhalb vun zeng Joer vun 12.000 (2012) op geschaten 19.000 (2022) an der EU gewuess. Pro Honnert Dausend Awunner kommen also 4 Wëllef a pro Quadratkilometercarré liewen 0,004 Wëllef - wat net näischt ass!

▲ Ursula von der Leyen mat hirem Pony "Dolly", Foto Instagram VDL.
▲ Ursula von der Leyen mat hirem Pony "Dolly", Foto Instagram VDL.

Illegal Immigratioun

Am vireschte Jorhonnert gouf de Wollef an Europa quasi ausgerott, huet sech awer an de leschte Joren erlaabt, illegal an d’Europäesch Unioun eranzeschmuggelen. Een Deel koum iwwert déi berühmt-berüchtegt Balkanroute, en aneren Deel aus Russland.

Virun allem de Wëllef aus Russland a Wäissrussland ass zanter dem Februar 2022 net méi ze trauen, well et deene just drëm geet, d’Sanktiounspolitik vun der EU ze emgoen an sech an Europa häuslech nidder ze loossen, sou d’EU-Kommissiounspresidentin. D’EU géif déi illegal agereeste Wëllef net méi lassginn, well déi refüséieren géifen, fräiwëlleg an hir Heemechtslänner zréckzegoen, huet si betount. Aus deem Grond hätt si eestëmmeg beschloss, se physesch ze eliminéieren, sou d’Ursula von der Leyen an hirer Kommunikatioun.

Fir den Handlungsbedarf ze ënnersträichen, huet d’Ursula von der Leyen ervirgehuewen, datt dëst Raubdéier net nëmme Ponyen an aner Notzdéieren ëmbréngt, mee och eng reell Gefor fir de Mënsch duerstellt, wat allerdéngs vum WWF (World Wide Fund for Nature) kategoresch ofgestridde gëtt. D’Ëmweltschutzorganisatioun deelt mat, datt „obwohl es mittlerweile 17.000 Wölfe in Europa gibt und somit nahezu täglich Begegnungen zwischen Mensch und Wolf vorkommen, bleiben diese für den Menschen fast immer unbemerkt. In Mitteleuropa gibt es keinen einzigen dokumentierten Fall, in dem ein Mensch von einem gesunden, wildlebenden Wolf angegriffen wurde.“

Oflenkungsmanöver

D’Géigner vum Wollef, virun allem déi Europäesch Jeeërfederatiounen, freeën sech, well d'Jeeër endlech nees nei Trophäen an hire Juegdbuden ophänke kënnen, wat fir eng Ofwiesslung bei deene villen Hirschgeweihe suerge werd.

D’Géigner vun der Ursula von der Leyen geheien hir net nëmme bluddege Revanchismus vir mee beschëllegen d’Kommissiounspresidentin mat dësem Manöver vum Korruptiounsskandal vun de bal zwou Milliarden Covid-Impfdosen, déi si am Alleingang via SMS beim Pfizer-Chef perséinlech fir 35 Milliarden Euro Steiergelder kaaft huet, ofzelenken. Doropshin huet den Europäesche Parquet mat Sëtz zu Lëtzebuerg eng Enquête wéinst Korruptioun, Amtsmëssbrauch a Vernichtung vun ëffentlechen Dokumenter géint d'Ursula von der Leyen lancéiert.


Och interessant:

Kommentare: 2
  • #2

    Hubert Hollerich (Mittwoch, 06 September 2023 03:57)

    Keen Hate Speech, wannechgelift. Souguer wann een der Meenung ass, datt Madamm von der Leyen déi schlechst, déi inkompetenst, déi kalhäerzegst an déi ruckelzegst Persoun ass, déi d'EU je op deem Posten hat, a wann ee politesch nimools kann op enger Linn mat hir sinn, sou musse mer eisen Onmut bremsen an däerfen hir net den Dout wënschen.

  • #1

    Jan (Dienstag, 05 September 2023 11:43)

    Von der Leyen ass e Gefor fir Mënsch a Déer! Vläicht sollt en si erschésen?