· 

Ween ass hei korrupt?

Amtsmëssbrauch, Zerstéierung vun ëffentlechen Dokumenter, onerlaabt Beaflossung, Korruptioun - dat sinn d'Uklopunkten vum Europäesche Parquet géint d'Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen am Impfstoffskandal.

▲ Den Europäesche Parquet gëtt der Plainte vun engem belsche Bierger vu Léck géint d'Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen eng Suite.
▲ Den Europäesche Parquet gëtt der Plainte vun engem belsche Bierger vu Léck géint d'Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen eng Suite.

Den Europäische Parquet mat Sëtz zu Lëtzebuerg gëtt der Plainte vun engem belsche Bierger vu Léck géint d'Presidentin vun der Europäescher Kommissioun, Ursula von der Leyen, eng Suite.

Den Untersuchungsriichter huet folgend Uklopunkten zréckbehalen:

  • Amtsmëssbrauch
  • Zerstéierung vun ëffentlechen Dokumenter
  • onerlaabt Beaflossung
  • Korruptioun

D'Affär geet zréck op 2021, wéi d'Ursula von der Leyen iwwer SMS 1,8 Milliarden Covid-Impfdosen bei Pfizer fir ee Gesamtbetrag vu ronn 35 Milliarden Euro kaaft huet.

Am Verglach: de Lëtzebuerger Staatsbudget gesäit Ausgaben (an och Einnahmen) an Héicht vu 26,2 Milliarden Euro vir. An anere Wierder: de Betrag u Steiergelder, deen d'Ursula von der Leyen u Pfizer bezuelt huet, iwwerschrëtt eise gesamte Staatsbudget em méi wéi een Drëttel.

Bis haut weigert d'Von der Leyen sech, d'Detailer iwwert den Deal bekannt ze ginn. Souguer den Europadeputéierten huet si keng kloer Äntwerte ginn.

An dat ass dann ausgerechent déi Fra, déi anere Länner de béise Fanger mécht, well se anscheinend korrupt solle sinn a selwer huet si et fauschtdéck hannert den Oueren.

 

An dësem Artikel vun der belscher Zeitung "Le Vif" vum 14. Juli 2023 kritt een zousätzlech Informatiounen: https://www.levif.be/international/union-europeenne/le-parquet-europeen-sempare-enfin-de-la-plainte-belge-contre-von-der-leyen/?fbclid=IwAR0C_KkOrF0O-Wg-IwF_spZJPSund5Mi1K11LSPLAVO-I0m15t-HUUri2iA


Och dësen Artikel ass ganz informativ: https://www.laselectiondujour.com/ursula-von-der-leyen-visee-personnellement-n1954

Kommentar schreiben

Kommentare: 0