· 

Endlech Vakanz!

Léiwer am Mier schwammen wéi an der aarbecht

Ei, et ass Vakanz ! Fir mech fänkt d’Vakanz schonn um Findel un. Déi vill "guttgelaunten“ Touristen an dat "frëndlecht“ Personal am Check-in maache richteg Loscht op Reesen.

Mir Lëtzebuerger reese gär, dat wosst ech och ouni dem Statec seng neitsten Étude iwwert eis Reesgewunnechten. Am Joer 2022 hat, laut Statistik, all Awunner am Duerchschnëtt 36 Iwwernuechtungen auswäerts, déi hirersäits op 5 Reesen d’Joer a pro Awunner verdeelt waren. Eis Famill kënnt zwar net op déi 36 Iwwernuechtungen an déi 5 Reesen d‘Joer, awer mir schaffen drun.

 

Déi 36 Auswäertsiwwernuechtungen si, wuelbemierkt, eng Moyenne an ëmfaassen och déi 19 Prozent vun de Lëtzebuerger, déi iwwerhaapt net op d’Rees goungen. Rechent een also déi 19 Prozent aus der Gesamtmass eraus an et bezitt een sech just op déi 81 Prozent vun den Awunner, déi tatsächlech gereest sinn, dann ergëtt sech een anert Bild. An deem Fall verbréngen nämlech déi Leit, déi reesen, souguer 43 Nuechte pro Joer auswäerts. An anere Wierder: de Lëtzebuerger ass méi oft op der Rees, wéi en iwwerhaapt Congésdeeg huet. Wann dat alt net weltrekordverdächteg ass?

▲ Extrait aus dem Statec senger Étude iwwert d'Reesgewunnechten vun de Lëtzebuerger, édition 2023.
▲ Extrait aus dem Statec senger Étude iwwert d'Reesgewunnechten vun de Lëtzebuerger, édition 2023.

Wéinstens gehéiert eis Famill net zu de 19 Prozent vun de Lëtzebuerger, déi iwwerhaapt net an d’Vakanz ginn, mir maachen alles fir am Statec seng Norm ze passen. Eigentlech kënne mir eis guer keng Vakanz leeschten, ma mir ginn awer. A wat ass lass! D’Präisdeirecht, d’Zënsen an d’Ofrechnung vun der Steierverwaltung haten eis bal ee Stréch duerch d’Rechnung gemaach, du hu mir einfach ee Prêt gemaach. Dee kënne mer nees bei der nächster Steiererklärung ofsetzen, sou dass dat alles nëmmen hallef esou wëll ass.

 

Dem Noper sot ech, mir géngen an de Midi, op d’Côte d’Azur, ma a Wierklechkeet gi mer an en Hotelresort an d’Tierkei. Fir d’Côte d’Azur hätte mer nach méi Sue misste léinen, d’Tierkei ass eng flott Alternativ, well se ee gudde Krack méi bëlleg ass. An do wou d’Luxair land, ass iwwerall "All Inclusive". Da ka jiddereen souvill iessen an drénke, wéi e wëll, virausgesat en huet säi Bracelet Dag an Nuecht un an et ass nach eppes vum Buffet iwwreg. Um Fälschermaart kréie mir déiselwecht Saachen ze kafen wéi zu Nice oder zu Cannes am Luxusbutték. Dem Noper fällt dat net op. An, ënner eis gesot, mir ass et egal ob den Erdogan en Autokrat ass, an der Vakanz hält bei mir d’Demokratie op. D’Haaptsaach d’Sonn schéngt a fir Iessen an Drénken ass gesuergt.

 

Hoffentlech sinn net ze vill Preisen do, déi schläichen sech nämlech nuets aus hiren Zëmmeren fir d’Ligestill beim Pool mat hiren Handdicher ze beschlagnamen. Wann ech ee vun deenen erwëschen, dann huet deen et gutt!

 

Ee klenge Problem hu mer allerdéngs nach: Wou gi mer mat eisem Hond hin, dee mer eis wärend dem Lockdown ugeschaaft hunn? Meng Fra huet proposéiert, en am Déirenasyl ofzeginn, mee déi sinn all voll. Also bleift just nach eng Léisung: en einfach am Bësch lafe loossen.

Och an der Vakanz zielt d'Devis: Fir Iessen an Drénken ass gesuergt

Fir mech e bëssen op eis Rees virzebereeden, hunn ech mech am Facebook-Grupp "Luxair Fan Groupugemellt. Gutt, datt ech dat gemaach hunn, well do gi vill wichteg Froen an all méiglech Problemer am Zesummenhang mat der Rees opgeworf, un déi ech iwwerhaapt net geduecht hunn.

Well fir eis Lëtzebuerger Iessen an Drénken existenziell ass, handelt eng Abberzuel vu Beiträg logescherweis vum Proviant u Bord. Et ass gutt ze wëssen, datt d’Luxair nees Crémant vu Poll Fabaire zervéiert an datt d’Iessen an d’Gedrénks um Fluch komplett gratis ass. A well mir Lëtzebuerger sou grousse Wäert op eng gutt Ernährung leeën, verstinn ech déi vill Laachmännercher ënner verschiddene Poste net, wéi zum Beispill, ob et op der Vakanzendestinatioun och Ricard gëtt oder ob et op engem Nuetsfluch um halwer dräi moies soss näischt z’iesse gëtt, wéi een einfache Croissant. Et handelt sech dobei schliesslech ëm pertinent Froen.

▲ Existenziell Froen ginn op der Facebook-Säit vum "Luxair Fan Group" diskutéiert.
▲ Existenziell Froen ginn op der Facebook-Säit vum "Luxair Fan Group" diskutéiert.

Besonnesch wäertvoll fannen ech déi Beiträg, bei deenen d’Luxairsclienten eng Foto vun hirem Iesse posten. Da kann een sech ee Bild maachen, wat een erwaart, well de Proviant u Bord ass mindestens sou wichteg – wann net souguer méi – wéi ee propperen a séchere Fluch.

▲ Iesse posten ass net nëmmen eppes fir heiheem, mee och fir aus dem Fliger eraus direkt op de Facebook.
▲ Iesse posten ass net nëmmen eppes fir heiheem, mee och fir aus dem Fliger eraus direkt op de Facebook.
▲ Am Fliger gëtt et alles, wat de Lëtzebuerger brauch.
▲ Am Fliger gëtt et alles, wat de Lëtzebuerger brauch.
▲ Den Highlight op all Luxairsvol - ee gudde Lëtzebuerger Crémant aus dem Plastiksbecher.
▲ Den Highlight op all Luxairsvol - ee gudde Lëtzebuerger Crémant aus dem Plastiksbecher.

Op der Facebook-Säit vu "Luxair Fan Group“ ginn et och Leit, déi vun den anere Usere wësse wëllen, ob se déi richteg Vakanz gebucht hunn oder där, déi froe wéi d’Wieder an engem Mount op hirer Vakanzendestinatioun ass. Nees anerer froen, wat fir ee Gezei se undoe sollen, oder wat fir een Handysréseau et an Ägypte gëtt. Dat si jo nach alles ganz normal Beiträg, ma wou ech de Kapp gerëselt hunn, war, wéi eng Fra en Opruff gemaach huet, hir beim nächste Fluch Hondsfudder matzebréngen.

▲ Onverständlech, dass sou vill Leit ee Laachmännchen ënnert déi seriö Froe maachen.
▲ Onverständlech, dass sou vill Leit ee Laachmännchen ënnert déi seriö Froe maachen.

Dir gesidd, dee Facebook-Grupp ass ewéi eng grouss Famill, bei där een deem aneren hëlleft, besonnesch wann et ëm de Kascht geet. Esou soll dat och sinn!

D’Virfreed op eis Wantervakanz ass natiirlech och scho grouss, schliesslech musse mir eis eropschaffen fir un déi 5 Reesen, déi de Lëtzebuerger statistesch gesinn pro Joer mécht, erunzekommen.

Eppes steet fir mech fest: Léiwer am Mier schwammen wéi an der Aarbecht.

An deem Sënn: Schéi Vakanz!


Och interessant:


Kommentar schreiben

Kommentare: 3
  • #1

    Jan (Montag, 21 August 2023 11:09)

    7 Mol Ikea, 4 Mol op Tréer an 8 Mol op Metz, do ass en scho ganz vill am Ausland ënnerwee.

  • #2

    hh. (Montag, 21 August 2023 12:09)

    @Jan: Iwwernuechtungen, net Dagesausflich! De Statec mecht do een Ënnerscheed an déi 36 Deeg grad ewéi déi 5 Déplacementet an d'Ausland bezéien sech all Kéiers op Openthalter MAT Iwwernuechtung(en).

  • #3

    Jan Jan (Dienstag, 22 August 2023 10:47)

    Dat wor mir och kloer, awer „satiresch Säit“