· 

Rhodos brennt

"Maacht iech keng Suergen - mir fléien awer"

Hallef Rhodos steet a Flame. Gutt Noochricht fir Luxairsclienten: "Et gi keng Bedenken falls een eng Vakanz op Rhodos geplangt huet, mir fléiwen awer", sou de Generaldirekter Gilles Feith.

▲ De Luxair-Generaldirekter: Mir fléien awer.
▲ De Luxair-Generaldirekter: Mir fléien awer.

Luxairsclienten brauchen sech keng Suergen ze maachen, si kommen an hir wuelverdéngte Vakanz. De Generaldirekter Gilles Feith: "Et gi keng Bedenke falls een eng Vakanz op Rhodos geplangt huet. Mir annuléiere keng Flich." No Ofsprooch mam Transportminister François Bausch (déi Gréng) gouf sech drop geenengt, datt absolut keng Gefor besteet, well schliesslech ass den Norden vun der Insel net betraff. De Gilles Feith huet och nach ënnerstrach, dass 80 Lëtzebuerger evakuéiert goufen, déi haut op Lëtzebuerg rapatriéiert ginn. Deemno wären lo nees Plaze fräi, dat souwuel am Fliger wéi och an den Hotelen. "Et gëtt manner Undrang beim Buffet, wat ee grousse Virdeel fir eis Clienten ass. De LUXI-Club fonktionnéiert normal an ass net sou iwwerlaf, wéi dat normalerweis an dësen Zäiten de Fall ass", sou de Luxairsgeneraldirekter a sengem Message un d'Lëtzebuerger Reesfrënn.

Den Transportminister bestätegt, Lëtzebuerg wär am Gaang d'Fluchrechter auszehandelen fir de Luxairstouristen Reesen op déi italienesch Flüchtlingsinsel Lampedusa, an d'Erdbiewegebitt op der tierkesch-syrescher Grenz, an d'Bëschbrännregiounen a Kanada  an an d'Stauseekatastrophegebitt zu Cherson ze erméiglechen.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0