· 

Luxair: Kollisioun mat enger Kampfdrohn?

War et wierklech ee Vull?

De 17. Abrëll koum et bekanntlech um Fluch vun Oslo op Lëtzebuerg zu engem brisanten Tëschefall mat engem Luxairfliger. Eng Fënster vum Fliger ass an der Loft futtigefuer. Wéi d’Press mellt, wir et an der Loft zu enger Kollisioun mat engem Vull komm. Luxembourg-Jungle huet de François Bausch (déi Gréng), deen souwuel Transportminister, Arméiminister an Expert an Aviatiounsfroen ass, em méi Detailer gefrot.

Luxembourg-Jungle: Här Minister, wat huet sech genau iwwert der Ostsee ofgespill? Ass de Luxairsfliger an ee Vull geknuppt?

François Bausch: Ech géing lo keng vireileg Schlëss zéien. D’Enquête leeft nach, mir mussen d’Resultat ofwaarden. Eent kann ech awer lo scho soen: et wat kee Pilotefeeler.

 

Luxembourg-Jungle: A wann sech sollt erausstellen, dass et awer ee Pilotefeeler war?

François Bausch: An deem Fall giffe mir dee Vull selbstverständlech kompenséieren. Als Chef vun de Gréngen hunn ech extra ee Naturschutzgesetz stëmme gelooss, an deem Kompensatiounsmoossnahmen och fir sou Fäll virgesi sinn. Ma, ech ginn éischter dovun aus, dass de Vull am Feeler war.

 

Luxembourg-Jungle: Kann ee vun enger Revanche vun der Natur oder vun de Vulle schwätzen?

François Bausch: Esou wäit géng ech net goen. Firwat sollt d’Natur oder d’Vullewelt sech rächen? Mir hunn hinne jo näischt gedoen, well mat ons Gréngen geet et de wëllen Déieren sou gutt wéi ni virdrun. Kuckt nëmmen zu Ettelbréck, do hu mir de verdriwwene Schmuewelen extra ee Schmuewelstuerm net wäit vun der Gare ewech gebaut, mat Vullegezwitschers aus dem Haut-Parleur fir se bis an hir nei Plastiksnäschter ze lackelen.

 

Luxembourg-Jungle: Här Minister, de Luxairsfliger ass zu Hamburg noutgeland. Wéi sinn d’Passagéier an Däitschland emfaange ginn?

François Bausch: Also, als éischt muss ech betounen, datt et keng Noutlandung war, mee eng Tëschelandung. Dat ass wichteg wéinst der Assurance. D’Passagéier si gutt betreit ginn, fir Iessen an Drénke war beschtens gesuergt. Nodeem d’Scheif gefléckt war an déi lescht Schnittercher eragefeiert waren, goung et direkt weider op Lëtzebuerg.

 

Luxembourg-Jungle: D’Prawda huet gemellt, de Luxairsfliger wär mat enger amerikanescher Drohn kollidéiert, déi géifen nämlech ëfters an d’Fligere knuppen. Kënnt Dir dat bestätegen?

François Bausch: Als Lëtzebuerger Arméiminister kann ech iech versécheren, datt dat Quatsch ass. Dat ass déi rengste Propaganda. Ech hunn d’US-Army perséinlech kontaktéiert fir nozefroen. Mir si schliesslech Verbündeter an ënner Frënn mécht een näischt esou. Ech hu vollst Vertrauen an den Här Biden an a seng Arméi, déi zu de bescht ausgebildesten weltwäit gehéiert. Hir Zilsécherheet an hir Fluchkonscht vun den Drohnen sicht hiresgläichen.

 

Luxembourg-Jungle: Ass Fléien sécher? Kann de normale Bierger berouegt a seng Vakanz fléien?

François Bausch: Natiirlech ass Fléie sécher. Ech hu vollst Vertrauen an d’Technik an an dat, wat d’Hirsteller eis soen. Wann ech de Leit een Tipp ka ginn: bleift vun de Krisegebidder ewech!

Wat de Rescht ubelaangt: maacht et wéi eis Parteipresidentin Djuna Bernard. Bucht Är Rees a flitt roueg an d’Vakanz. Mir brauche schliesslech eng Mobilitéitsrevolutioun. Denkt just drun, déi entstane Knaschtemissiounen herno ze kompenséieren.

 

Luxembourg-Jungle: Här Minister, villmools Merci fir d’Gespréich.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0