· 

Bamfällaktioun am Naturschutzgebitt

Mir kompenséiere jo!

Eng kleng Notiz am Trafic-Info huet mech stutzeg gemaach. Wärend bal zwou Wochen ass d'Strooss tëscht Kautebaach a Wolz gespaart wéinst Beem, déi gefällt ginn ... matzen am Naturschutzgebitt.

Wärend véierzéng Deeg ass d'Strooss N25 tëscht Kautebaach a Wolz fir den Trafic gespaart, well do Beem gefällt ginn. Wann ee bedenkt, datt et haut just e puer Sekonnen dauert bis ee Bam ëmläit, da kann een sech d'Ausmooss vun dëser zwou Woche laanger Aktioun virstellen.

De Skandal läit awer doran, datt den N25 an engem Naturschutzgebitt läit, an zwar souwuel an enger Natura-2000-Zon wéi och an engem Vulleschutzgebitt.

Et handelt sech dobei ëm d'Natura-2000-Zon LU0001006 - Vallées de la Sûre, de la Wiltz, de la Clerve et du Lellgerbaach  an ëm d'Vulleschutzgebitt LU0002013 - Région du Kiischpelt.

Detailer iwwert dës zwee Gebitter kann een op dësem Link vum Ëmweltministère noliesen:

https://environnement.public.lu/dam-assets/documents/natur/natura2000/LU0001006-LU0001008-LU0002013.pdf

▲ Kaart vum Naturschutzgebitt. Extrait aus der Beschreiwung vum Ëmweltministère.
▲ Kaart vum Naturschutzgebitt. Extrait aus der Beschreiwung vum Ëmweltministère.
▲ Extrait vun der Websäit vum ACL.
▲ Extrait vun der Websäit vum ACL.

Well dës Bamfällaktioun an engem Naturschutzgebitt stattfënnt, huet se virdru missten vun der grénger Ëmweltministesch geneemegt ginn. Déiselwecht Ëmweltministesch, déi heiheem d'Fälle vu Beem an engem Naturschutzgebitt erlaabt, huet sech vehement fir de Reebësch am Amazonasgebitt agesat a mam Fanger op déi béis Politiker a Südamerika gewisen. Genau wéinst där Duebelmoral hunn déi Gréng d'Wale verluer.

Awer wat reegen ech mech dann op: Mir kompenséieren dach!


Och interessant:

Kommentar schreiben

Kommentare: 0