· 

De grousse Réckfluch

Bis am Abrëll d'Nächst Joer

D’Summervakanz geet op en Enn, moies fréi ass et kal a niwweleg, owes gëtt et ëmmer méi fréi däischter. D’Mécke fänken u rar ze ginn. Kee Grond also fir d’Fënsterschmuewelen (Mehlschwalbe/hirondelle de fenêtre), nach méi laang hei ze bleiwen.

Hir Cousinen a Cousinë, d’Stallschmuewelen (Rauchschwalbe/hirondelle de cheminée) hunn sech scho virun e puer Deeg op de Wee no Süde gemaach. Elo ass et un hinnen. Déi Äischer Schmuewelen hunn sech - wéi gewinnt - Rendez-vous op den Eisebunnsdréit bei der Barrière ginn. Vun alle Säite kommen se erbäi geflunn. Séier nach e puer Mécke gefaang an da gëtt sech op den Droht bei déi aner gesat a gewaart bis s'all do sinn. Wéi aus enger onsichtbarer Päif kënnt de Startschoss an da geet et lass op déi grouss Rees, an Afrika, südlech vun der Sahara. D’Rees dauert, mat den néidege Pausen, tëscht annerhalwen an zwee Méint. Enn Februar fléien se an Afrika fort fir nees mat Zäiten an Europa ze sinn. Zu Äischer waren déi éischt Schmuewelen dëst Joer de 6. Abrëll ukomm. Leider gëtt et fir si ëmmer méi schwéier, Plazen ze fannen, wou hir Näschter peche bleiwen. Modern Ställ a feindlech Schongkëschtenhaiser eegnen sech net fir de Bau vu Schmuewelsnäschter. Awer dat schéngt hei am Land déi mannste Leit z’interesséieren.


Och interessant


Kommentar schreiben

Kommentare: 0