· 

Logementskris bei de Schmuewelen

D'Kris am Logement mécht sech net nëmme bei eis Mënschen bemierkmar, mat der Knappheet u Ressourcen, deiere Präiser an héijen Zënsen, mee och bei de Schmuewelen, déi an e puer Wochen nees ukomme fir bei eis d'Summerméint ze verbréngen.
Hire gewinnten Habitat verschwënd ëmmer méi. Un de glaten Schongkëschtenhaiser aus Beton a Glas bleift kee Schmuewelsnascht peschen. Ställ an den Dierfer si bal keng méi ze fannen. Modern Schmuewelstierm mat Näschter aus Plastik a Vullegezwitschers aus dem MP4-Player gi vun de Schmuewelen konsequent refüséiert. Op ville Plazen goufen dës Tierm als sougenannt Kompensatiounsmoossnahm fir déi zerstéiert al Gebaier installéiert, hunn awer a Wierklechkeet just en Alibizweck fir d'Gewëssen ze berouegen.
Och wann d'Schmuewelen an hir Näschter gesetzlech ënner Schutz stinn, ergeet et hinnen net besser wéi den alen Haiser, woumat et op en Neits kloer ass, dass de Pabeier gedëlleg ass.

Zu der Logementskris bei de Schmuebelen ass haut ee Gedicht vum Jacques Drescher am Lëtzebuerger Land. hh.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0