· 

Aktioun "Am Short a mat der Killtäsch op Knokke"

Vum Joke zur Wierklechkeet

Den 19. August hate mer op Luxembourg Jungle iwwert d‘Aktioun "Frigobox“ zu Knokke bericht, dat nodeem sech zwou "chic Madammen“ an engem Fernsehsinterview iwwert déi vill Touristen opgereegt hunn, déi am Short a mat der Killtäsch op de Strand kommen. Dat géif sech net fir Knokke passen, sou hir Conclusioun, wouropshin een Internet-User ee Facebook-Evenement lancéiert huet, an deem hien dozou oprifft, de 26. August express am Short a mat der Killtäsch op Knokke ze kommen.

▲ An engem Interview hunn zwou versnobte Madammen ze verstoe ginn, datt Touristen am Short a mat der Killtäsch zu Knokke onerwënscht sinn, dofir ass d'Aktioun de 26. August an d'Liewe geruff ginn.
▲ An engem Interview hunn zwou versnobte Madammen ze verstoe ginn, datt Touristen am Short a mat der Killtäsch zu Knokke onerwënscht sinn, dofir ass d'Aktioun de 26. August an d'Liewe geruff ginn.

De Fernsehsinterview mat den zwou versnobte Quiselen ass an der Belsch viral gaangen an huet iwwer eng Millioun Klicks kritt. Awer och den ugekënnegte Facebook-Evenement huet en enorme Succès kannt – 46.500 Leit weisen sech interesséiert fir de 26. August am Short a mat der Killtäsch op Knokke ze kommen.


Beitrag vum 19. August 2023 op Luxembourg Jungle.


Op Facebook weist sech den Auteur vun der Aktioun iwwerwältegt vum grousse Succès, deen den ugekënnegte Spektakel kennt. "Dëst Evenement huet als Witz ugefaangen“, schreift hien haut. Den Interview mat den zwou arroganten Dammen huet hien als Geleeënheet ugesinn, e Punkt ze maachen a kloer ze soen, "datt d'Mier an an dësem Fall Knokke fir jiddereen zougänglech soll sinn a bleiwen, onofhängeg vu jidderengem eenzelnen senger finanzieller Situatioun.“ De grousse Succès, deen d’Aktioun kennt, erkläert hien sech och mat der Tatsaach, datt quasi "all d'Medien doriwwer bericht hunn.“ Den Auteur vum Facebook-Evenement riicht en dréngenden Appel un all déi Leit, déi de 26. August op Knokke kommen, sech un d’Reegelen an d’Reglementer vun der Gemeng Knokke ze halen a virun allem d’Ëmwelt ze respektéieren.

▲ Iwwersetzung vum Auteur vun der Aktioun sengem Statement haut op Facebook.
▲ Iwwersetzung vum Auteur vun der Aktioun sengem Statement haut op Facebook.

Weider Reaktiounen

E bekannte belsche Rapper ass op engem vu sengen Optrëtter op den Interview mat den zwou Quiselen agaangen an huet opgeruff, sech un der Aktioun "Am Short a mat der Killbox op Knokke“ ze bedeelegen, wat mat freneteschem Applaus vun den Zuschauer quittéiert gouf.

D'Discounterchaîne Liddl ënnerstëtzt d'Aktioun an huet seng Clienten dozou opgeruff, am Short a mat Claquetten an de Liddl-Faarwen op Knokke ze goen. Si huet souguer extra eng Annonce fir dëst Evenement geschalt.

▲ Annonce vum Discounter Liddl aus Ulass vun der Aktioun "Am Short a mat der Killtäsch op Knokke".
▲ Annonce vum Discounter Liddl aus Ulass vun der Aktioun "Am Short a mat der Killtäsch op Knokke".

En zéng Joer ale Song vun der Band SolmitCab ass op eemol nees aktuell ginn. ▼

Souguer auslännesch Press huet sech ugemellt fir iwwert d'Aktioun zu Knokke ze berichten. Et läit op der Hand, datt d'Police, déi mat Dausenden Teilnehmer rechent, hiren Dispositiv fir de 26. August ugepasst huet.

An natiirlech maachen d’Facebook-Useren weider de Geck mat den zwou "chic Dammen“ a posten witzeg Kommentarer, wou hei eng kleng Auswiel ze gesinn ass.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0