· 

Aktioun "Frigobox“ zu Knokke

Wann de Snobismus hannen erëmschléit

Wee kennt se net oder huet net zumindest scho vun hir héieren? Knokke, déi mondän, chique an deier Uertschaft op der belscher Küst, déi wéinst senge sëllege Luxusbutteker a Gourmetrestauranten oft als Saint-Tropez vum Norde betitelt gëtt, an och bei ville guttsituéierte Lëtzebuerger zu de beléifste Vakanzendestinatioun zielt.

▲ Screenshot vum Videoreportage vun der hollänescher Dageszeitung "De Telegraaf"
▲ Screenshot vum Videoreportage vun der hollänescher Dageszeitung "De Telegraaf"

Knokke ass net nëmmen déi deierst Stad an der Belsch wat Wunnen ubelaangt, ma och d’Präisser fir eng Tut Fritten an eng Cola sinn duebel sou héich wéi an deenen aneren Vakanzenuertschaften op der Kanalküst.

Logesch, datt Knokke e sëllege Playboys a -girls, Bonvivants, Neiräicher an aner Vertrieder aus der High Society unzitt, déi sech um Strand an an de Cocktailbaren der Dolce Vita higinn. Kee Wonner, datt de Snobismus, also d’Behuele vu Leit, déi der Iwwerzeegung sinn, si wäre "quelqu’un“ an dowéinst d’Recht hätten, aner Leit, déi an hiren Aen op der sozialer Leeder ënnert hinne stinn, op eng arrogant, opgeblosen, a blaséiert Manéier ze behandelen, zu Knokke popülär ass.

Knokke - keng Plaz fir Leit am Short a mat Killtäsch

An engem Reportage iwwer d’Liewen zu Knokke-Heist, huet ee Kamerateam vun der hollännescher Dageszeitung De Telegraaf een Interview mat zwou "chiquen Dammen“ opgeholl an op Tik-Tok verëffentlecht. Déi zwou Madamme beschwéieren sech iwwert déi onpassend Tenue vu verschiddenen Touristen, déi einfach net an d'Bild vu Knokke, wou alles deier a chic wär, passe géifen. Besonnesch ofweisend wären déi Touristen, déi am Short ronderemlafe géifen oder mat der Killtäsch op de Strand kéimen. Niewebäi bemierkt: "De Telegraaf" gehéiert dem belsche Groupe Mediahuis, deen och de neie Proprietär vum Luxemburger Wort ass.

▲ Videoreportage vun "De Telegraaf".

Ganz onerwaart koumen déi zwou Damme zu grousser Popularitéit, well de Video vun De Telegraaf viral goung a mëttlerweilen bal 1 Millioun Vüen huet. Et war also just eng Saach vun der Zäit, datt och aner Medien d’Thema opgegraff hunn, wéi zum Beispill hei oder hei.

Reaktioun: Am Short a mat der Killtäsch op Knokke!

D’Reaktiounen bloufen natiirlech net aus an ee Facebook-User huet fir e Samschden, 26. August 2023 zu enger origineller a witzeger Aktioun opgeruff, déi ënner dem Titel steet "Met korte broek en frigobox naar Knokke-Heist Beach" (Am Short a mat der Killtäsch op Knokke-Heist Beach). Sage und schreibe hunn sech bis elo iwwer 42 Dausend Facebook-User hunn fir dëst Evenement ugemellt, wat beweist, datt de Strand och deene gehéiert, déi keng Sue fir Designerkleeder an deier Restaurantsbesich hunn an dofir hire Picknick an der Killtäsch matbréngen. Hei geet et bei dat beléiftend Facebook-Evenement.

▲ Screenshot vum Facebook-Evenement "Am Short a mat der Killtäsch op Knokke-Heist Beach" de Samschdeg, 26/08/2023, 9h00.

Ee Bléck op d'Kommentaren op der Facebook-Säit, op där d'Evenement ugekënnegt gëtt, lount sech op jidde Fall. Fir déi, deenen hir d’Flammänneschkenntnisser grad esou rüdimentär si wéi meng: einfach mat der Iwwersetzungsfunktioun an déi gewënschte Sprooch iwwersetze loossen. Hei eng Auswiel vun de lëschtegste Reaktiounen op Facebook.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0