· 

Walen zu Wäiswampich

Wat kënnt nom Rinnen-Regime?

Zu Wäiswampich kënnt et zu engem Wiessel um Buergermeeschterstull, op deem den Henri Rinnen wärend bal dräi Jorzéngte gepecht huet. Déi spannend Fro ass: Wat kënnt nom Rinnen-Regime?

Henri Rinnen, Nach-Buergermeeschter Wäiswampich
Henri Rinnen, Nach-Buergermeeschter Wäiswampich

Zanter 1995 ass den Henri Rinnen (DP) Buergermeeschter vu Wäiswampich. No 28 Joer selbstherrlecher Willkürherrschaft, huet hien den 2. Dezember 2022 ugekënnegt, sech net méi fir déi nächst Gemengewalen opzesetzen.

Och d'Schäffen Norbert Morn a Jos Vesque an d'Conseilleren Marie-Paule Johanns-Hamer an Anita Faber géife kee neit Mandat méi ustriewen, sou den Nach-Buergermeeschter Rinnen op RTL-Tëlee.

Anita Faber - Récktrëtt vum Récktrëtt
Anita Faber - Récktrëtt vum Récktrëtt

Bei der Virstellung vun där vum Henri Rinnen ferngesteierter Ekipp fir d’Gemengewale vum 11. Juni 2023, gëtt allerdéngs kloer, dass d’Anita Faber – eng trei Matleeferin a Gesinnungsgenossin vum Henri Rinnen – ee Récktrëtt vum Récktrëtt gemaach huet an awer nees kandidéiert. Schliisslech muss eng Verbindungspersoun do sinn, déi déi al Politik weiderféiert.

Mam Walslogan "Transparent no vir“ gëtt den Zynismus vun der aktueller Rinnen-DP-Lëscht reegelrecht op d’Spëtzt gedriwwen. D’Despotie an de leschte Mandatsperioden war nämlech alles anescht wéi transparent. Alles huet schonn um Walowend vun 2017 ugefaangen, wéi sech den Henri Rinnen déi demokratesch Reegelen no sengem Goût zurechtgebéit an d’Konschtstéck fäerdeg bruecht huet fir als Véiertgewielten trotzdeem op en Neits Buergermeeschter ze ginn.

Politik mam Briecheisen

Mam Briecheise gouf den Tourismusprojet um Wämper Séi vum Henri Rinnen a senge Marionetten duerchgeboxt, obwuel sech an engem Gemengerefendum am August 2019 insgesamt 60,1 Prozent vun de Walberechtegte géint de monstréise Projet vum belsche Promoteur Lamy ausgesprach hunn. Mat dësem Projet huet de Wämper Schäfferot a seng Matleefer en ëffentlecht Areal vu 45 Hektar fir en Apel an ee Stéck Brout un ee privaten Immobilienhai ofginn, deen do en Hotel, ee Funpark, ee Vakanzenduerf eng Waasserschianlag a sou wieder wäert installéieren. De Bedreiwer Lamy huet, laut enger Konventioun tëscht der Gemeng an dem Groupe Lamy, och d’Recht, en Zonk ronderëm dat ganz Gebitt ze zéien, woumat de fräien Zougang zum Séi der Vergaangenheet ugehéiert. De Wämper Schäfferot a seng Vasallen hunn de Projet bis op d’Äusserst verdeedegt, obwuel net emol eng Impaktstudie op méiglech d’Natur- an d’Ëmweltschied gemaach gouf, wat d’Biergerinitiativ Gemeng Wäiswampich schliisslech dozou verleet huet, geriichtlech Schrëtter um Verwaltungsgeriicht anzeleeden. Als Ersatz fir d’Zerstéierung vun hektarweis Bëscher a Gréngfläche brauch de Promoteur Lamy just ganzer 11 jonk Beem ze planzen.

Den Hotel vum belsche Promoteur Lamy um Wämper Séi gëtt am Volléksmond "dem Rinnen säi Mausoleum" genannt.
Den Hotel vum belsche Promoteur Lamy um Wämper Séi gëtt am Volléksmond "dem Rinnen säi Mausoleum" genannt.

Wat ass aus Wäiswampich ginn?

Wäiswampich haut. Vun Éisleker Duerfromantik keng Spuer.
Wäiswampich haut. Vun Éisleker Duerfromantik keng Spuer.

28 Joer Herrschaft vum Rinnen-Clan huet a ville Beräicher seng Spueren hannerlooss. Den typesch, ländleche Charme vum Éislek ass definitiv flöten. Iergendwéi logesch mat engem Buergermeeschter a senge Matleefer, déi aus Wäiswampech en zweete Kierchbierg wëlle maachen. Al an erhalenswäert Bauwierker goufe systematesch dem Äerdbuedem gläichgemaach an duerch steril gro-wäiss Schongkëschten ersat, wéi een der masseweis ronderëm d’Stad, um Ban de Gaasperech oder um Kierchbierg fënnt. De récksiichtslosen Ëmgang vum Wämper Buergermeeschter a sengem Clan ass dofir méi wéi eng Kéier vun den Denkmalschutzassociatioune kritiséiert ginn.

De President vun der Denkmalschutzfederatioun, Paul Ewen, huet d‘Gemengeféierung vu Wäiswampich dowéinst landeswäit als extreemt schlecht Beispill bezeechent, wou einfach "tabula rasa mam Passé“ gemaach gëtt.

Bréifkëschtefirmen "en masse"

Zu wat den Turbowuestum vum Henri Rinnen aus de leschten 28 Joer gefouert huet, gesäit een am beschten un de sëllege Bréifkëschtefirmen, déi zu Wäiswampich een neit Doheem fonnt hunn, dorënner - wie wonnert et - e sëllegen Transportbetriber. Eng Recherche vun 2022 huet erginn, dass an der Gemeng Wäiswampech net manner wéi 671 Societéiten ugemellt sinn, also sou vill wéi a grousse Gemenge wéi Stroossen, Bartreng, Péiteng oder Déifferdeng. Dës Firmen "wunnen" ganz oft zu puer op enger Adress an de sëllege Residencen, déi an de leschte Jore wéi Champignonen aus dem Wämper Buedem geschoss sinn. Well d'Appartementer vun deene Bréifkëschtefirme meeschtens eidel bleiwen, beschlagname si dee batter néidege Wunnraum.

Eng weider Recherche vun 2022 huet erginn, dass 90 Prozent vun den ugebuedenen Appartementer zu Wäiswampich als Büroen oder Gewerberaim verlount ginn.

Hei huet d'Politik grandios versot. Well dës Entreprise vun de Gemengeverantwortleche geduld oder souguer gefërdert ginn, huet Wäiswampich de Ruff vum lokale Steierparadies fir auslännesch Scheinfirmen kritt.

Genausou gläichgülteg ass d’Astellung vun der Nach-Majoritéit a punkto Natur- an Ëmweltschutz. Et ass dofir keen Zoufall, dass ausgerechent Wäiswampich als eenzeg Gemeng kee vollwäertege Member vum Naturpark Our ass.

Déi nei-al Ekipp vum Rinnen-Clan huet och net wëlles, dat ze änneren. Sou kann een et zumindest aus dem Walprogramm vun der „transparenter“ DP-Lëscht schlussfolgeren.

Als eenzeg Gemeng am Norden, ass Wäiswampech net Member vum Naturpark Our.
Als eenzeg Gemeng am Norden, ass Wäiswampech net Member vum Naturpark Our.

Neie Wand ass fälleg!

Als villverspriechend Alternativ bidden sech d’Kandidature vum Paul Holweck, President vun der Biergerinitiativ Gemeng Wäiswampich, an dem Vincent Geiben, Grënnungsmember vun der Biergerinitiativ, un. Mat hirem Programm stinn si fir eng wierklech Verännerung vun der Gemengepolitik zu Wäiswampich.

De Paul Holweck an de Vincent Geiben setzen sech fir Transparenz a eng Verännerung zu Wäiswampech an.
De Paul Holweck an de Vincent Geiben setzen sech fir Transparenz a eng Verännerung zu Wäiswampech an.

Vu mir also eng ganz kloer Walempfeelung zugonschte vun den zwee Kandidaten Paul Holweck a Vincent Geiben, déi allebéid um Ursprong vun der Biergerinitiativ Gemeng Wäiswampech stinn an domat gewisen hunn, datt hinnen d'Wuel vun den Awunner awer och d'Erhalen vun der Natur an de schützenswäerte Bauwierker um Häerz läit. hh.

Kommentar schreiben

Kommentare: 5
  • #1

    Krausch Carlo (Samstag, 10 Juni 2023 02:32)

    Hubert huel se!

  • #2

    Den Jang (Samstag, 10 Juni 2023 05:27)

    Objektiven Journalismus as wuel net är stärkt an dësen subjektiven Artikel wäist emsou méi main argument. Traureg dass dir hei 2 Kandidaten pusht déi wärrend hieren Joeren an der Gemeng sech selwer beraischert hun op Gonschten vum Bierger an stad....traureg an haalt leiwer op Artikelen ze schreiwen..

  • #3

    Den Jim (Samstag, 10 Juni 2023 09:27)

    Aer Recherchen sin och net di bescht. En Architekt den 30 Joer laang sech Täschen an der Gemeng voll gemat hued ,
    Appartementsgebaier gebaut hued wu leit haut na op hir parkinge waarden, ..... dat soll Retung sin�. Vun engem Geiben guer neg ze schwetzen den bei all klengrm Discour ufänkt ze stotteren an op Geriicht leeft fir eng Plainte ze man,... Vun all dene Plainten sin se all ofgewisse gin.

  • #4

    Den Jim (Samstag, 10 Juni 2023 09:27)

    P.s. Grmeng as am Naturpark Our�

  • #5

    Saskia Lorenzoni (Samstag, 10 Juni 2023 10:20)

    Also een GEIBEN deen onéierenhaft aus der Arméi entlooss gouf an een Holweck deen sech iwerhaupt nach traut, nodeem dass hien Joer fiir Joer d'Gemeng Wampich esou vill honnert-dausende Euro méi kascht huet wéi hien ausgerechnet hat, kann ech iech Här Hollerich wirklech net méi eecht huelen. Den Hàr Holweck as dach nemmen sait Joeren rosen dass hien erausgehait gouf deemols well hien schlecht Aarbescht geleescht huet an och nach sech selwer beraischert haat.... (Komesch dass daat hei net ernimmt gëtt) Wann ären Artikel sollt ironie sin dann hudd der natirlech voll an d'Schwarzt getraff an ech wielen secher net déi 2 an zwar nemmen déi aaner Kandidaten. An waat hut dat alles w.e.g. mat enger DP oder soss enger Partei zedin? Geiben an Holweck sin definitif 2 Kandidaten fir an Poubelle, SIE waren och lang am Gemengenroot an waat as geschit ? Guer an glaad naischt.... Desweideren éier en Projet um Séih entstanen as, häten sie jo och kéinten eng Propose machen... Mee do as naischt gelaaf. Emmer nemmen kritiséieren an selwer naischt naies emrappen.... déi hun mer gär. Haapsaach dir, Här Hollerich an d'Madame Patz bedreiwen rufmord am Numm vun deenen 2 Kandidaten Geiben an Holweck waat mol net erlabt as !