· 

Wéi de Buergermeeschter vu Wäiswampech de Wunnengsproblem "léist"

200 Wunnengen stinn zu Wäiswampech eidel

Am Interview mat RTL vum 18. Februar 2022 reagéiert de Wämper DP-Buergermeeschter Henri Rinnen op d'Kritik vum President vun der Denkmalschutzfederatioun Paul Ewen, deen d'Gemeng Wäiswampech, a besonnesch Beeler (Beiler),  als absolut negativt Beispill a puncto Duerfverschandlung duergestallt huet.

Den Henri Rinnen bretzt sech domat, dass d'Awunnerzuel vun der Gemeng Wäiswampech an de leschten 20 Joer em méi wéi dat duebelt gewues ass an dass et an der Gemeng 4.800 Aarbechtsplaze ginn.

Iwwert déi scheinbar geschafen Aarbechtsplazen gouf op dëser Plaz schon am Detail bericht. Vun de bal 700 enregistréierten Entreprisen ass déi grouss Majoritéit an d'Kategorie Bréifkeëschtefirmen ze klasséieren.

Ob dat beim geschafene Wunnraum och esou ass, ass méi schwéier ze beuertdeelen. Fakt ass awer, wann een owes duerch Wäiswampech trëppelt, ee just sporadesch Luucht an den Appartementshaiser gesäit. An de meeschten "Wunnéngen" ass et stackdäischter an et kënnt ee sech vir wéi an enger Geeschteruertschaft, wéi an engem Viruert vun der Stad, wou am spéide Nomëtteg, géint fënnef Auer d'Trëttoiren eropgeklappt ginn an d'Quartieren eidel stinn bis den Dag drop.

90 Prozent fir Büroen a Business

De President vun der Biergerinitiativ Gemeng Wäispamwich, Paul Holweck, huet op déi sëllegen Appartementshaiser opmierksam gemaach, déi vu Promoteure gebaut ginn a bei deenen et nëmmen em Benefiss géif goen.

Als Wunnengen getarnt, awer als Büroen a Gewerberaim ugebueden.
Als Wunnengen getarnt, awer als Büroen a Gewerberaim ugebueden.

Deem huet de Buergermeeschter Henri Rinnen widersprach a gemengt, hie géif domat de Wunnengsproblem zu Lëtzebuerg léisen.

Dës Appartementsbléck ginn an den Annoncen vun den Immobiliefirmen als "Résidences" bezeechent, ee Wuert, dat seng Originen am Laténgeschen huet, a wat souvill heescht wéi "habitation", also eng Plaz, wou ee wunnt.

Eng Recherche um Immobilieportal IMMOTOP.LU huet awer erginn, dass déi Residences bal alleguer zweckentfriemt ginn an d'Appartementer zu gewerblechen Zwecker verlount oder verkaaft ginn.

De fréiere Finanzminister a Parteikolleeg vum Wämper Buergermeeschter, Pierre Gramegna, huet d'Virgehensweis vum Henri Rinnen gelueft a seng Bautepolitik als exemplaresch bezeechent, well domat eng Bréck tëscht Wunnen a Schaffen hirgestallt géif ginn.

Dass et sech bei de geschafenen Aarbechtsplazen zu Wäiswampech bal em elauter fiktiv Posten handelt, huet hie vergiess ze soen.

Ob et sech bei de geschafene Wunnéngen ähnlech verhält, geet aus de recherchéierten Zuelen ervir. 

 

Eng wochelaang Beobachtung a Recherche um Internetsite vum Immobilienportal IMMOTOP.LU huet erginn, dass zu Wäiswampech ronn 200 Appartementer a Studioen an den neigeschafenen Appartementsbléck eidelstinn. Just 10 Prozent ginn effektiv zu Wunnzwecker vun den Immobilienagencen ugebueden. Déi aner 90 Prozent fënd een ënner der Rubrique "bureau" oder "local de commerce".

Resultat vun der Recherche vum 24. Februar 2022 bei IMMOTOP.LU

 

Appartementer (zu Wunnzwecker)

Büroen Commercelokaler
Vente 22 33  43
Location 1 43 58
Total 23 76 101

Vunn 200 eidelen Appartementer zu Wäiswampech, ginn der demno just 23 zu Wunnzwecken ugebueden, dovun ass just een eenzegt an der Locatioun. Dës Zuele soe genuch aus! Wéi den Henri Rinnen op des Manéier wëllt de Wunnengsproblem léisen, ass méi wéi fragwürdeg. Mat grousser Wahrscheinlechkeet läit de President vun der Biergerinitiativ Wäiswampech richteg, dass all déi gebaute Këschten aus Beton a Glas zu renge Profitzwecker gebaut goufen an nach weider gebaut ginn.

Kuckt een sech déi Annoncen am Detail un, da stellt ee fest, dass esouguer kleng Zëmmeren vun 11 oder 12 Quadratmeter als Büro ugebuede ginn. Dat maachen knapps 3,5 X 3,5 Metercarré. Déi meescht "Büroen" si scho miwwléiert, sou dass d'Bréifkëschtefirma net emol den Équipement brauch unzeschafen. Dat wat zielt, ass eng Adress zu Lëtzebuerg ze hunn fir gemittlech Steieroptimiséirung oder, schlëmmstefalls, Steierhannerzéiung kënnen ze bedreiwen. Wertvolle Wunnraum gëtt demno vu Scheinfirmen beschlagnahmt, déi zu Wäisweampech eng Adress brauchen. De Wunnéngsproblem gëtt domat iwwerhaapt net geléist. Em richteg Awunner, déi tatsächlech zu Wäiswampech liewen, deenen hir Kanner do an d'Schoul ginn, déi sech um Kultur- a Veräinsliewe bedeelegen, geet et eigentlech guer net. Dat ass och ganz gutt ze verstoen, well ween huet scho Loscht an déi nördlechst Gemeng vum Land wunnen ze goen wann en an der Stad oder am Minett schafft an d'Verbindungen mam ëffentlechen Transport vu Wäiswampech aus, enger Uertschaft, déi net un d'Eisebunnsnetz ugebonnen ass, éischter als miserabel kënne bezeechent ginn?

Mam Bagger duerch de Patrimoine

De Wämper Buergermeeschter léisst de Reproche vum zerstéierte Patrimoine net gëllen. Vun den 80 Gebaier, déi de Service des Sites et Monuments op d'Lëscht gesat huet fir se ze klasséieren, wëllt den Henri Rinnen der just 15 zréckbehalen. "Da si mer gutt", ass seng Schlussfolgerung.

De President vun der Denkmalschutzfederatioun huet dem Buergermeeschter virgerechent, dass déi 15 Haiser, déi ënner Denkmalschutz solle gestallt ginn, 18,75% vun deene virgeschloene Gebailechkeeten ausmaachen. Woumat Wäiswampech ganz wäit vun der landeswäiter Moyenne ewechläit, déi bei iwwer 75% läit.

Net ze vergiessen, dass dank der Bautepolitik vum "Denkmalschützer" Rinnen schonn en etlech al a wertvoll Gebaier hu missten langweilegen, charakterlose Schongkëschte wäichen. An dëser Galerie ginn e puer flagrant Beispiller vun der Zerstéirungswut an der Gemeng Wäiswampech gewisen. hh.

 

Kommentar schreiben

Kommentare: 0