· 

Pensiounsskandal

Nach ëmmer keng reaktioun vum sozialminister

Wéi den 29. Mäerz 2023 d'Pensiounen iwwerwise goufen, hu vill Renter ee Schreck kritt. Si krute just eppes Klengs méi wéi 1.000€ ausbezuzelt.

Dës Illustratioun beschreift d'Situatioun op eng satiresch Manéier.
Dës Illustratioun beschreift d'Situatioun op eng satiresch Manéier.

Fir vill Leit mat klenge Renten war et eng schlecht Iwwerraschung virun de Feierdeeg. Amplaz vum ugekënnegte Verloscht vu maximal 84€ wéinst dem Ewechfale vum Steierkredit Energie, hunn si dat Dräi- bis Zéngtfacht ofgehale kritt. Dës Sue sinn de Leit a Form vu Steieren ofgezu ginn. Beim Norechnen hu vill Rentner och nach festgestallt, dass d’Cotisatioune fir d’Krankeversécherung (2,8%) a fir d’Fleegeversécherung (1,4%) massiv eropgesat goufen.

Ganz ville Pensionäre bloufe just nach eppes Klengs iwwer 1.000€ de Mount iwwreg fir ze (iwwer)liewen.

Vum 29. Mäerz un ass den Telefon bei der Pensiounskeess waarm gelaf, déi meescht Pensionäre, déi reklaméiere wollten, koumen dofir net duerch. Eng Rëtsch Pensionären hunn ee Reklamatiounsbréif un d’Pensiounskeess geschéckt, vun deem der hei ee Modell fannt.

Vill Rentner hunn hirem Ierger an hirer Verzweiwlung an de soziale Medie Loft gemaach.

D’Deputéiert Myriam Cecchetti (déi Lénk) huet virun enger Woch, den 3. Abrëll, eng parlamentaresch Ufro un de Sozialminister Claude Haagen (LSAP) geriicht.

Et ass skandaléis, dass sech bis haut weder d’Pensiounskeess nach den zoustännege Sozialminister Haagen geäussert an de betraffene Pensionären eng Erklärung ginn hunn, geschweigs dann – sollt et sech eventuell ëm ee Feeler handelen – de Leit déi ze vill ofgehale Steieren a Sozialbeiträg zréckiwwerwisen hätten.

Och an eiser Press konnt ee bis elo kee Piipcheswuert iwwert dës Gemengheet liesen oder héieren.

Opgrond vun dëser beispilloser Ignoranz, kann ech kengem Pensionär et net verdenken, wann en de Politiker hir blo, gréng a rout Ouschtereeër haut op der Éimaischen an de Kapp geheit huet. hh.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0