· 

Wou bleift de Rescht vun eise Renten?

Feeler oder Absiicht?

No mengem leschten Artikel hunn sech vill Leit bei mir gemellt, déi opfalend vill Steieren vun hirer Pensioun ofgezu kruten. Fir en etlech Pensionären fält d'Rent vum Abrëll vill méi niddreg aus wéi de Mount virdrun. Ech hunn ee Modellbréif opgesat fir bei der Pensiounskees ze reklaméieren, dee jiddereen sech ka gratis eroflueden.

No mengem leschten Artikel iwwert déi extrem héich Steieren, déi ganz vill Pensionären - virun allem déi aus der Steierklass 1 - op hirer Rent vum Abrëll ofgezu kritt hunn, sti vill eeler Leit mam Réck widert der Mauer. Oft bleiwen hinnen nach knapps 1.000€ fir ze (iwwer)liewen. Vereenzelter hu bis zu 60 Prozent vun hirer Pensioun ewechgeholl kritt. An alle Fäll, déi ech kontrolléiert hunn, huet d'Ofrechnung hannen a vir net gestëmmt. Déi meescht Pensionären kruten ze vill Steieren ofgehalen. Dat war awer net den eenzege Problem: och déi ofgehale Kotisatiounen fir d'Sozialversécherung hunn net gestëmmt.

Ee Rentner*in bezillt vu senger Bruttopensioun 2,80% fir d'Krankeversécherung an 1,4% fir d'Fleegeversécherung. Wann déi Beträg of sinn, kënnt een op déi besteierbar Pensioun.

Jidderee ka selwer iwwerpréifen, wi vill Steieren en ze bezuelen huet. Et kann een dat um Site vun der Steierverwaltung maachen. De Link ass folgenden: https://impotsdirects.public.lu/fr/baremes/personnes-physiques.html

Kontrolléiert een dat léiwer iwwert déi klassesch Manéier mam normale Steierbarème, sou kann een dat iwwer folgende Link maachen: https://impotsdirects.public.lu/dam-assets/fr/legislation/legi16/a275.pdf

Opgepasst: Fir op de Barème vum monatleche Steiersaz ze kommen, muss een bis op d'Säit 5279 vum Memorial scrollen.

 

Villes deit drop hinn, dass et sech em ee Feeler am grousse Stil handelt, woubäi awer nach net gewosst ass, ween dofir responsabel ass.

 

Wichteg ass, dass jiddereen, dee vun deem skandaléisen Steierofzuch an der falscher Berechnung vun de Soziallaaschte betraff ass, bei der Pensiounskees reklaméiert, an dat am beschte schrëftlech. Dofir hunn ech ee Modellbréif preparéiert, dee jiddereen sech gratis kann eroflueden.

De Bréif brauch een nach just fäerdeg auszefëllen (Numm, Adress, Matricule) an ze ënnerschreiwen. Wann Der un d'Pensiounskees schreift, leet och eng Kopie vun Ärem Bankextrait vum Abrëll dobei.

 

Hei kënnt Dir de Reklamatiounsbréif eroflueden. ▼

Am WORD-Format: https://1drv.ms/w/s!Aq16_Tt-yvM1gQjEbZ1eRAGsSuoN

▼ Am PDF-Format: hei ënnendrënner op "Download" klicken.                                        hh.

Download
Reklamatiounsbréif un d'Pensiounskees
Modellbréif Pensiounen.pdf
Adobe Acrobat Dokument 50.4 KB

Kommentar schreiben

Kommentare: 0