· 

Glyphosat

Deen neien "agent Orange"

Wéi gesäit ee Feld aus, dat eng Glyphosat-Behandlung hanneru sech huet? Beispill: Munzen (Munshausen)

▲ Déi onnatiirlech orange Faarf deit op eng "Behandlung" mat Glyphosat hin. Am Hannergrond: d'Abtei vu Klierf.
▲ Déi onnatiirlech orange Faarf deit op eng "Behandlung" mat Glyphosat hin. Am Hannergrond: d'Abtei vu Klierf.

Op dëser Foto vu Munzen (Munshausen) gesäit een d'Auswierkungen vum Glyphosat op ee Feld, dat mat dësem Herbizid "kultivéiert" gouf. Kee Grashalm a keen Insekt huet hei eng Iwwerliewenschance. Drëps fir Drëps gëtt fir d'éischt de Buedem an duerno d'Grondwaasser kontaminéiert.

Lëtzebuerg war 2020 deen éischten EU-Staat, deen den Asaz vun dësem Gëft verbueden hat, gouf awer am Abrëll 2023 gezwongen, de Glyphosat nees zouzeloossen. Dat wéinst engem Urtdeel vun der Cour administrative. De Kläger war keen aneren wéi de preiseschen Chemieskonzern BAYER, also de Produzent vum Glyphosat.

D'Cour administrative huet den 31. Mäerz 2023 folgende Communiqué püblizéiert:

https://justice.public.lu/fr/actualites/2023/03/arret-47873-glyphosate.html

D'Regierungserklärung, déi de Landwirtschaftsminister Claude Haagen de 7. Abrëll 2023 nom Urteel vun der Cour administrative gemaach huet, kann een hei noliesen:

https://gouvernement.lu/fr/actualites/toutes_actualites/communiques/2023/04-avril/07-annulation-retrait-glyphosate.html

▲ Drëps fir Drëps gëtt fir d'éischt de Buedem an dono d'Grondwaasser kontaminéiert.
▲ Drëps fir Drëps gëtt fir d'éischt de Buedem an dono d'Grondwaasser kontaminéiert.

Net nëmmen an der Lëtzebuerger Press mee och an den europäesche Medien huet den Arrêt vun der Cour administrative d'lescht Joer fir Schlagzeile gesuergt wéi d'Beispiller vun der "Frankfurter Allgemeine" a "Le Monde" weisen:

De 16. November 2023 huet d'Europäesch Kommissioun d'Zouloossung vum Glyphosat, vun deem staark ugeholl gëtt, datt e kriibserreegend ass, fir weider 10 Joer - bis de 15.12.2033 - geneemegt.

Op der Streck bleift, wéi sou oft, de Konsument, dee gezwongen ass, dat ze schlécken, wat ëm ugebuede gëtt.

▲ A weider geet et...
▲ A weider geet et...

Kommentar schreiben

Kommentare: 0