· 

Viru 25 Joer

NATO bombardéiert Jugoslawien

De 24. Mäerz 1999 huet d’NATO a Jugoslawien déi "humanitär Operatioun" mam zaarte Code-Numm "Baarmhäerzegen Engel" gestart.

▲ Zivilisten virun enger zerbomter Bréck zu Belgrad.
▲ Zivilisten virun enger zerbomter Bréck zu Belgrad.

Ouni UNO-Mandat gouf Jugoslawien vu NATO-Kampffligeren bombardéiert, dorënner och, fir d’éischte Kéier nom Enn vum NAZI-Regime, däitsch Fligeren, déi vun der deemoleger rout-grénger Regierung an de Krich geschéckt goufen.

Bei 2.300 Loftschléi mat ronn 50.000 ofgefeierte Sprengkierperen koume bis zu 2.500 Mënschen ëm d’Liewen.

Zum Asaz koumen och international veruechte Streebommen an Uranmunitioun, wéi d'USA der Ukrain se am Hierscht als "Cadeau" iwwerreecht hunn.

No den Attacke mat Uranmunitioun goungen d’Kribsfäll a Jugoslawien schlagaarteg an d’Luucht an d’Leit leiden haut nach ënnert de Nowéien vun där "humanitärer Operatioun".

D’Fuerderungen no Reparatiounen hunn d’USA an déi aner NATO-Länner bis haut ofgelehnt.

Mat der aktueller Rhetorik vun den europäeschen an amerikanesche Regierungsvertrieder gëtt probéiert, de Krich ze romantiséieren. Aus der Geschicht schéngen se näischt geléiert ze hunn.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0