· 

#Luc Hättgär

Den neie Staatsminister am Interview

Mir Lëtzebuerger gebrauchen d’Verb "gärhunn" meeschtens a Säz wéi “Ech hunn dech gär” oder “Du kanns mech gärhunn” an et gëtt éischter seele benotzt. Abee, eise neie Staatsminister #Luc Hättgär verwent et relativ oft an haaptsächlech am Konjunktiv, wat dann esou bei him kléngt: “Ech hätt gär…”.

Mat “ech hätt gär” dréckt de #Luc Hättgär eng gefillsméisseg positiv Astellung zu enger Persoun oder enger Saach aus an hie benotzt den "hätt gär" ëmmer dann, wann et ganz pathetesch gëtt an et him dono ass fir ze beléieren oder ze priedegen. “Ech hätt gär, dass déi Jonk mech méi luewen” oder “ech hätt gär, dass mer de Rimm méi enk zéien, bis un de leschte Krack”.

 

An de soziale Medien ass et de Useren och schonn opgefall an et si lieweg Diskussiounen entstanen. ▼

Hätten an haten, dat waren zwee aarmer Staaten, soen d’Leit, an zu engem, deen onbedéngt eppes wëllt hunn, wat e net ka kréien: “D’Geess hätt och gären ee laange Schwanz gehat a krut nëmmen en Deckel."

Ech hätt gär, wann der dem Premier Hättgär säin Interview op RTL lauschtert an iech selwer är Meenung maacht: https://www.rtl.lu/radio/background/a/2141831.html 

Kommentar schreiben

Kommentare: 0