· 

Statistiken

D'Märercher vun de mathematiker

Obwuel d’Alarmglacken op internationalem Plang längst gelaut hunn an den Internationale Währungsfong, enger Spezialagence vun der UNO, scho méintlaang op de wirtschaftleche Réckgang vun der Lëtzebuerger Ekonomie opmierksam gemaach huet, huet eise streng regierungshörege Statec nach bis kuerz virun de Chamberswahlen behaapt, d’Bruttoinlandprodukt (BIP) géif 2023 ëm 1,5 Prozent wuessen.

An esou wéi wann sech déi sozial Problemer iwwer Nuecht a Loft opgeléist hätten, huet de Statec-Direkter souguer nach fënnef Deeg no de Wahlen behaapt, d’Aarmut zu Lëtzebuerg wär zréckgaangen. Natiirlech huet eis Press déi Matdeelung kommentarlos iwwerholl, dat obwuel d’Stëmm vun der Strooss sech beklot, hir Vollékskichen géifen aus alle Néit platzen. 

Schonn de Franklin D. Roosevelt, amerikanesche President tëscht 1933 an 1945, stoung de Statistiken kritesch géinteniwwer an huet dat esou ausgedréckt: "Laut Statistik hunn ee Millionär an een aarme Schlucker je eng hallef Millioun."

Den 8. November koum dunn d’Schreckensmeldung wéi RTL gemellt huet: Lëtzebuerg ass an der Rezessioun. Wärend zwee Quartalen (Period vun dräi Méint) hannereneen ass d’Lëtzebuerger Wirtschaft geschrumpft. Dat war also vum Abrëll un. De Comité économique et financier national (CEFN), engem Gremium, dat dem Finanzministère an dem Wirtschaftsministère ënnersteet an deem seng Roll dora besteet, d’Regierung bei wirtschaftlechen a Finanzfroen ze beroden, deelt mat, datt mer 2023 mat engem Minus vun 0,8 Prozent ofschléissen. Dat ass awer nëmmen am optimistesche Fall esou. Et ass nämlech net auszeschléissen, datt de Wirtschaftsréckgang nach méi hefteg ausfale kéint. Pikanten Detail: Den Direkter vum Statec sëtzt als Vize-Präsident am CEFN. Komesch, datt se beim Statec vun all deem näischt solle matkritt hunn.

Dobei weist den Internationale Wärungsfong (IWF) - eng Ofdeelung vun der UNO - scho säit Méint drop hin, datt Lëtzebuerg an eng Rezessioun rutscht. De Réckgang, deen den IWF berechent hat, louch bei 0,4 Prozent, ass awer schlussendlech duebel sou héich ausgefall. Mee bei der Regierung a beim Statec wollten se näischt vun alldeem wëssen, schliesslech stounge jo Wahlen virun der Dier. Ee vun den Haaptproblemer gesäit den IWF bei den héijen Energiepräisser an de Subventiounen fir d’Betriber an d’Privatstéit, déi aus der Staatskeess bezuelt ginn.

Deen neie #luc kann do weiderfueren, wou deen ale #luc opgehalen huet

Woumat mer bei de Russland-Sanktioune wären, déi der Lëtzebuerger an der europäescher Wirtschaft offensichtlech méi schueden, wéi der russescher. Fir déi Russesch Federatioun huet den IWF nämlech fir 2023 – trotz Sanktiounen – ee Wirtschaftswuestum vun 2,2 Prozent berechent.

D’Europaparlament huet de Problem vun den nëtzlosen an zweckwidregen Russland-Sanktiounen mëttlerweilen erkannt an huet den 9. November mat grousser Majoritéit eng Resolutioun ugeholl, an där d’EU-Kommissioun opgefuerdert gëtt, déi ganz Sanktiounspolitik op de Leescht ze huelen. Weder d’Präisgrenz um russesche Petrol nach d’Ziel, déi russesch Wirtschaft ze schwächen, wären bis elo erreecht ginn, heescht et am Dokument vum Europaparlament.

Winni fängt eis Press un, hirer Aufgab als sougenannte véiert Muecht am Land gerecht ze ginn an de Politiker op den Zant ze fillen? A virun allem: wéi laang sinn d'Leit nach bereet, deem Spillchen nozekucken? Et steet elo scho fest, ween d'Rechnung bezuele wäert: d'Foussvollek.

An esou schléisst sech de Kreess nees, well deen neie #Luc do wäert weiderfueren, wou deen ale #Luc 2013 opgehalen huet.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0