· 

Würdegung vun SS-Mann um Bouneweeger Kierfecht

Wéi Nazien salonfäheg gemaach ginn

Et ass kaum ze gleewen wat sech Ufanks des Mounts um Bouneweeger Kierfecht ofgespillt huet. Ronn drësseg ukrainesch Bierger hunn sech um Bouneweeger Kierfecht afonnt fir dem verstuerwenen Member vun der Waffen-SS, Andrij Melnyk, ze gedenken.

Op zwou ganzer Zeitungssäiten geet d’Lëtzebuerger Wort a senger Printversioun vum 4. November 2023 op den Hommage vum fréiere Nationalsozialist an, dee vun 1945 bis zu sengem Doud 1964 zu Klierf gewunnt huet.

Héiflech gëtt de Melnyk am Wort als “Held vun der Resistance” oder als “Widerstandskämpfer” betitelt an nëmmen iwwerflächlech bericht de Journalist iwwert dem Colonel Melnyk seng “Anbiederung an das Dritte Reich”. Dass dem Melnyk seng Organisatioun OUN (Organisatioun vun den ukraineschen Nationalisten) eng Divisioun vun der Waffen-SS war, an zwar der “14. Waffen-Grenadier-Division der SS, galizische Nr 1” gëtt am Wort-Artikel komplett verschwiegen. Genau wéi säi Kampfgefährte a Gesinnungsgenosse Stepan Bandera, an all aner SS-Memberen, huet och den Andrij Melnyk de Führereid missten ofleeën: „Ich schwöre Dir, Adolf Hitler, als Führer und Kanzler des Deutschen Reiches Treue und Tapferkeit. Wir geloben Dir und den von Dir bestimmten Vorgesetzten Gehorsam bis in den Tod. So wahr mir Gott helfe!“

▲ Schonn op der Titelsäit gëtt iwwert d'Würdedung vum ukraineschen SS-Mann um Bouneweeger Kierfecht higewisen.
▲ Schonn op der Titelsäit gëtt iwwert d'Würdedung vum ukraineschen SS-Mann um Bouneweeger Kierfecht higewisen.

Hei ass den Artikel aus dem Wort vum 4. November 2023.


Keng Verherrlechung vum Nationalsozialismus!

Beim Melnyk huet et sech beileiwe net nëmmen ëm eng “Anbiederung an das Dritte Reich” gehandelt, mee hie war en Deel vun der déidlecher, mënscheveruechtender Nazi-Maschinerie, déi an Osteuropa den Doud vun Honnerten polneschen a russeschen Zivilisten, Judden an Zaldoten ze veräntwerten hat. Méi Detailer gëtt een an dëse gutt recherchéierten Artikelen gewuer:

D'Affär ëm d’Feierlechkeeten um Bouneweeger Kierfecht fir de Nazi-Colonel Andrij Melnyk erënnere staark un d’Éierung vum nach liewegen, 98-jähregen ukraineschen SS-Mann Jaroslaw Hunka, Enn September 2023 am kanadesche Parlament a Präsenz vum ukrainesche President Zelensky an dem kanadesche Premier Trudeau. Och den Hunka war am Ufank als “ukaineschen Held” a “Widerstandskämpfer” betitelt ginn, bis d’Press erausfonnt huet, wien hie wierklech ass. De Jaroslaw Hunke huet iwwregens an därselwechter SS-Divisioun gekämpft wéi den Andrij Melnyk, deen zu Lëtzebuerg begruewe läit a gewürdegt gouf.

 

Kee Wonner, datt Lëtzebuerg sech de 4. November 2023 op der UNO-Vollversammlung géint eng Resolutioun gestëmmt huet, an där sech géint d’Verherrlechung vum Nationalsozialismus ausgeschwat gëtt. Dës Resolutioun gouf vun 105 Staaten ugeholl, 52 hunn dergéint gestëmmt, 15 hunn sech enthalen.

▲ Ofstëmmungsresultat iwwert UNO-Resolutioun géint Verherrlechung vum Nationalsozialismus. D'Resultat vun 2022 ass datselwecht wéi 2023. Lëtzebuerg huet dergéint gestëmmt. D'Foto vum Vote staamt aus der Zeitung "Le Monde" vum 7/11/2023.
▲ Ofstëmmungsresultat iwwert UNO-Resolutioun géint Verherrlechung vum Nationalsozialismus. D'Resultat vun 2022 ass datselwecht wéi 2023. Lëtzebuerg huet dergéint gestëmmt. D'Foto vum Vote staamt aus der Zeitung "Le Monde" vum 7/11/2023.

Wat waren dat nach Zäiten, wéi d’Gendarmen den 13. August 1994 ee Grupp vun däitschen Neo-Nazien zesummegeknëppelt hunn, dee sech virun der däitscher Ambassade versammelt hat fir dem Rudolf Heß, dem Hitler sengem Stellvertrieder, ze gedenken. De Fernsehbericht vun deemols bleift wuel nach villen an Erënnerung, a well et esou guttdeet, kann een en hei nach eng Kéier kucken. ▼

Kommentar schreiben

Kommentare: 0