· 

Vill Zirkus ëm een Zirkus

Besser wéi d'Moral ass d'Doppelmoral

Natiirlech muss en Zirkus d’Reglementer respektéieren an seng Déieren konform zum Gesetz halen. Dass dem Zirkus Crone seng Déieren éire gequält oder net artgerecht gehale goufen, war net de Reproche vun den Autoritéiten, och wann de selwerernannten Déiereschützer Frère Daniel der breeder Ëffentlechkeet dat verklickert huet. Et goung eenzeg an eleng ëm administrativ Prozeduren.

An engem Lieserbréif geet d’Karin Waringo op deen Aspekt an, beliicht awer virun allem d’Tatsaach, datt dee klenge Wanderzirkus, sou wéi vill anerer, oft Deel vun enger Familljentraditioun sinn an dat déi Leit dowéinst, a well se gesellschaftlech ausgeschloss sinn, doru festhalen. Net auszeschléissen ass, datt deen Zirkus vu "Siniti a Roma", respektiv "Gens du voyage", wéi se am franséische Beamtejargon genannt ginn, bedriwwe kéint ginn. Si freet sech, ob déi ganz Aktioun sech net a Wierklechkeet géint si riicht. Zumindest ass et op en Neits gelongen, Lëtzebuerg "zigeinerfräi" ze maachen. Doriwwer eraus geet d’Autorin och op den Aspekt vun der Duebelmoral an. Elo gëtt mam Fanger op en Zirkus gewisen an et gëtt vun Déierequälerei an Déierewuel geschwat, dobei iesse vill Leit Fleesch, vun deenen sech déi mannsten d’Fro stellen, wou et hir kënnt oder ënner wat fir enge Bedéngungen d’Déieren, déi op eisem Teller landen, gehale ginn.

Hei ass de Lieserbréif vum Karin Waringo:

Wéi ech en Dënschden de Mëtte géint dräi Auer um Internet gelies hunn, datt de Käler Gemengerot d’Autorisatioun fir den Optrëtt vum Zirkus Crone a senger Gemeng zréckgezunn hat, ass fir mech eng Welt zesummegebrach. Nodeems sech dunn och nach rausgestallt huet, datt dat net d’Resultat vun der Aktioun vun engem Eenzelne war, si meng Roserei a meng Verzweifelung ëmmer mi grouss ginn.

An Tëschenzäit loosse sech Dozene vu Leit op de sougenannte soziale Medien iwwert den Zirkus aus a felicitéieren de Gemengen: Tatsächlech huet d’Gemeng Péiteng jo kuerz drop nogezunn an dem Zirkus och do d’Autorisatioun entzunn. De Motto ass ganz allgemeng Tierquälerei, déi dem Zirkus virgeworf gëtt.

 

Ech war, wéi di meeschte Leit, net zu Réimech a ka mech folglech nëmmen op dat bezéien, wat ech an de Medie liesen. Den detailéierste Reportage war wuel am LW, deem säi Journalist mat engem Responsable vun der Veterinärsinspektioun geschwat huet. Do goung et awer just ganz allgemeng ëm „sanitäre Mängel“, woubäi festgestallt gouf, datt d’Käfeger grouss genuch gewiescht wieren an d’Déieren och genuch z’iessen an ze drénken haten.

Bei den Déiere schéngt et sech ëm Dromedaren, Lamaen a Waasserbüffelen ze handlen, déi an anere Länner als Notz- a Schaffdéiere gehal ginn. Souguer bei eis am Land fënnt ee Lamaen an de Wisen; a Frankräich gëtt et Bauerenhäff mat Kaméiler an Dromedaren.

Am Géigesaz zu deem, wat vill Leit ze menge schéngen, sinn Déieren am Zirkus hei zu Lëtzebuerg net generell verbueden, mä et sinn nëmmen heemesch Zorten erlaabt, z.B., Päerd, Kéi oder Schwäin. Wann een also lo argumentéiert, Déiren hätten näischt an engem Zirkus ze sichen, misst ee sech mol fir d’éischt fir e generelle Verbuet asetzen.

Nieft den Déieren, déi mam Zirkus weidergezu ginn, gëtt et awer och nach Mënschen: Verschidde Medie schénge mam Direkter vum Zirkus geschwat ze hunn. Heibäi goung et awer nëmmen ëm d’Situatioun vun den Déieren, awer net ëm di generell Fro, ob Déieren a sengen Aen iwwerhaapt eppes am Zirkus verluer hunn. Ech hu selwer probéiert, un den Tony Lartigues ze kommen: Leider huet en awer ne geäntwert.

Vru ville Joren hunn ech fir d’Lëtzebuerger Land en Artikel geschriwwen, wou ech der Fro nogaange sinn, firwat et zu Lëtzebuerg keng „Zigeiner“ gëtt. Ech hu mech deemools gefrot, wou ech iwwerhaapt siche sollt, well et de Leit schliisslech net op der Stir geschriwwe steet, datt se „Zigeiner“ oder, wéi et haut méi richteg heescht, Sinti oder Roma sinn, an hunn du mol opgesicht, wéi hei mat deene Leit verfuer gouf, déi ee fréier als „fahrendes Volk“ bezeechent huet. Dobäi hunn ech mech och fir d’Wanderzirkussen interesséiert, déi ech nach aus menger Kandheet kennen.

E pensionéierte Gendarme, dee fréier d’Autorisatioune fir Schéiereschlëffer, Lompekréimer etc. ausgestallt huet, sot mer, si hätten di Leit op Häerz an Nieren iwwerpréift, bis du schliisslech de Colportage ganz verbuede gouf. Fir hien hat dat näischt mat de Leit ze dinn, mä et gouf einfach versicht, ambulant Händler duerch komplizéiert administrativ Prozeduren ze decouragéieren.

Wéi ech vru 15 Joer ugefaangen hunn, fir en europäeschen Daachverband vu Romaorganisatiounen ze schaffen, gouf ech och mat der Situatioun vun de franséische „Gens du voyage“ konfrontéiert a weess dohir, datt déi Leit souguer an hirem Land mat enger ganzer Rei vun administrativen Hürden a Contrainten ze dinn hunn, déi wahrscheinlech mat erklären, firwat datt si sou staark un hir Liewensweis an un hiren traditionelle Beruffer festhalen: Dozou gehéiert och den Zirkus.

Ech hunn an de leschten Deeg e bësschen am Internet recherchéiert, fir eppes iwwert d’Fro vun den Zirkusse mat Déiere gewuer ze ginn. Ech sinn op en Interview mam Alexandre Bouglione gefall, an deem hie seet, datt hie sech ëmbrénge wollt, wéi him verbuede gouf, mat sengen Déieren opzetrieden (https://soirmag.lesoir.be/541713/article/2023-10-06/alexandre-bouglione-revient-sur-linterdiction-des-animaux-sauvages-au-cirque-jai). Aner Zirkusleit fäerten, datt d’Leit net méi an den Zirkus kéimen, wa keng Déiere méi do wieren.

Den Zirkus Crone hat keng Tigeren a keng Elefanten derbäi. Ech denken, datt d’Ëmstellung op Wiederkäuer schonn eng Upassung un eng verännert Astellung an der Gesellschaft ass. Déi Eeler vun eis wäerte sech nach un d’Léiwen erënneren, déi op Kommando gebrëllt oder mat der Patt gefacht hunn, an un d’Ponyen, déi op der Schueberfouer am Krees gelaf sinn.

Och d’Wëssenschaft huet e grousse Schrëtt gemaach an an Tëschenzäit ass et net méi sou „abwegeg“, dervun auszegoen, datt och Déiere Gefiller hunn an deemno leide kënnen. An awer verbréngen di meescht vun deenen Déieren, där hir „Produkter“ mir sou selbstverständlech consomméieren, hiert Méckeliewen an engem Stall oder Käfeg. An awer brénge mir Déieren ëm, well mer se net brauchen. Sou z.B. männlech Jippelcher, déi laang vergaast oder zermalmt goufen. An awer ziichte mir Déieren, déi ausschliisslech op ons Besoinen ausgeriicht sinn a méiglecherweis hiert ganzt Liewen ënnert hirem onnatierleche Kierperbau leiden. An awer verfollege mer Déieren, bis datt se vun Erschöpfung zesummebriechen a mer se dann „erléisen“.

Et ass eng Saach, Leit, deenen hiert Liewen een net kennt, an déi souwisou net vun hei sinn, mam Fanger ze weisen an se ze forcéieren, hir siwe Saachen ze paken an onst Land ze verloossen. Et ass eng aner Saach, sech Froen ze stellen iwwer seng eege Gewunnechten, eis produktivistesch Landwirtschaft an eist Verhältnis zur Natur.

A mengen Aen ass Matgefill eng Fro vun enger allgemenger Astellung a bezitt sech deemno genee sou gutt op Mënsche wéi op Déieren. Mä hei goung et wuel net ëm Matgefill, mä ëm bëllesch Sensatioun!

▲ D'Fotoen vum vermeintleche "Skandal" huet de Frère Daniel un d'Press geliwwert, wéi aus dem Tageblatt vum 20. Oktober 2023 ervirgeet.
▲ D'Fotoen vum vermeintleche "Skandal" huet de Frère Daniel un d'Press geliwwert, wéi aus dem Tageblatt vum 20. Oktober 2023 ervirgeet.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0