· 

Ofgehuewen

Wi vill Privilegien brauchen eis Ministeren?

Sinn et net eis Regierungsvertrieder, déi eis gebetsmühlenarteg antriichteren, mir missten de Rimm méi enk zéien, mir missten Energie a Knaschtemissionen aspueren?

Dass verschidde Ministeren wéi d'Mueden am Speck liewen, ass spéitstens mat den Enthüllungen vu "Reporter" iwwert déi exorbitant Spesenofrechnungen vun de Kaviar-Sozialisten Franz Fayot an Étienne Schneider, déi et sech op hiren Auslandsreesen extrem gutt goe gelooss hunn, un d'Dagesliicht komm.

Abee, dass awer ausgerechent de grénge Spëtzekandidat am Zentrum an Nach-Transport- a Krichsminister François Bausch sech an d'Top-Dräi eropgeschafft huet wat d'Benotze vu Privatjets ubelaangt, ass scho grotesk.

D'Leit opfuerderen, si solle mam Vëllo fueren, awer selwer mam Privatjet duerch d'Geographie brausen, ass pervers.

"Mat Gréng e gutt Liewe fir all Mënsch" ass ee vun de Walsloganen. Vläicht ass dee just fir d'Upperclass an den Jetset gemënzt.

https://www.wort.lu/politik/ruf-nach-strengeren-regeln-fur-reisekosten-von-ministern-wird-lauter/3967608.html?fbclid=IwAR1wJ70UZuFgAwrEoNkvcW8MPRRRsxOzxu_B_mlHqQr6GKrgRtkH7WlilQc

Download
Ruf nach strengeren Regeln für Reisekosten von Ministern wird lauter
Artikel Wort online, 6/10/2023
LW Reisekosten MInister 6:10:2023.pdf
Adobe Acrobat Dokument 11.7 MB

Kommentar schreiben

Kommentare: 0