· 

Furri bei der Intecourse

Zero Waste?  Nee merci!

Wat hat de gréngen Energieminister Claude Turmes ee Furri bei der Intecourse zu Ettelbréck. Masseweis Plastiksinten goufen an d’Uelzecht geheit a si geschwommen wat hues de, wat gëss de. An obwuel de Claude Turmes wochelaang doheem an der Bidden trainéiert hat, huet awer en anere gewonnen.

D’Stackelser Intefest ass ee feste Rendez-vous fir déi kleng Inten aus Plastik, déi deen Dag alles ginn fir ënnert déi véier éischt ze kommen, an hire Meeschter oder Meeschtesch mat engem vun de schéine Präisser ze beglécken.

 

Well dëst Joer Wale sinn, huet sech och den Energieminister Claude Turmes (déi Gréng) ageschriwwen a wollt onbedéngt den Éischte ginn an den Haaptpräis gewannen: eng Rees mat enger Montgolfière, gefëllt mat rarem an deirem Gas, mat deem mer jo alleguer spuersam sollen ëmgoen. Awer och den zweete Präis – en Dagesausflug an engem Rennauto - engem reegelrechte Bensinsschlupper – hätt him et ugedoen.

Recherche vu Luxembourg Jungle hunn erginn, datt de Claude Turmes schon als klengen Intebinnes gären op der Dikrecher Kiermes beim Intefësche matgemaach huet.

 

En enttäuschte Claude Turmes no der Intecourse: „Wochelaang hunn ech mat menge Plastiksinten doheem an der Bidden trainéiert, mee leider ass et net duergaang fir ënnert déi véier éischt ze kommen.

 

Ob hien als Gréngen kee schlecht Gewëssen hätt fir bei enger Course matzemaachen, bei där ausgerechent Honnerten Inten aus Plastik an d’Uelzecht pepucht ginn, wou hien sech dach an der Zäit, wéi hien nach Europadeputéierte war, vehement géint de Plastik agesat huet, huet de Claude Turmes geäntwert: „Wat maache schon Dausend kleng Inten an der Uelzecht aus? Mir Gréng hunn eis geännert, et muss ee mat der Zäit matgoen. Mat de Prinzipie vu fréier si mir als gréng Partei net wielbar.

 

Kuckt een sech allerdéngs d’Kommentaren um Claude Turmes senger Facebooksäit un, stellt ee fest, dass seng Bedeelegung un der Intecourse guer net gutt ukënnt an d'Bierger méi Ëmweltbewosstsäin un den Dag leeën wéi de grénge Minister.


Kommentar schreiben

Kommentare: 0