· 

Schueberfouer

"An do ee Schwaarze Mann, deen Tubak Ësst"

Zesumme mat enger Foto gouf kierzlech den Text vum Hämmelsmarsch ("Schuebermëss"), vun eisem Nationaldichter Michel Lentz, op Facebook gepost. Déi véiert Stroph ass speziell. Ma firwat?

▲ Reklamm fir d'Afrikanescht Duerf op der Schueberfouer vun 1929, eLuxemburgensia
▲ Reklamm fir d'Afrikanescht Duerf op der Schueberfouer vun 1929, eLuxemburgensia

Eng gutt Bekannten huet mech op ee Post, deen am Grupp "Eng Postkaart den Dag" püblizéiert gouf, opmierksam gemaach. Ze gesinn ass eng Foto, wahrscheinlech aus dem viirleschte Jorhonnert, op där Musekanten duerch Chimaysgaass zéien an dobei den Hämmelsmarsch spillen. Zesumme mat der Foto gëtt och den Text vum Hämmelsmarsch ("Schuebermëss"), geschriwwe vun eisem Nationaldichter Michel Lentz, gepost. Meng Bekannten huet mer geroden, déi véiert Stroph mol méi genau ze liesen.

Déi véiert Stroph vum Hämmelsmarsch

4. Stroph

An d'Schuebermëss, déi ass dann an hirem volle Glanz;

D'Trompett an d'Gei déi ruffe bei den Danz;

Grouss Schëlter op de Lietsche gi wëll Déieren un,

Wouvun as s'am ofsten nët en Hoor dobannen hun,

Dobannen hun.

Hei weisen si e Riis, dee Sable frësst,

An do e schwaarze Mann, deen Tubak ësst;

All Wonner vun der Welt, déi ka mer hei gesin,

Nëmmen nët e Mensch, deen iech fir näischt géif eppes gin,

Géif eppes gin.


Natiirlech ass déi Stroph ee kloren Hiwäis op déi sougenannte Mënschenzooen, bekannt als "Völkerschau", "village nègre", "spectacle ethnologique" oder "peuplage exotique", déi et och zu Lëtzebuerg bis virum Zweete Weltkrich op der Fouer goufen. Lieweg Mënschen aus anere Kontinenten goufe wéi Déieren ausgestallt a kruten vum Organisateur, deen oft en Zirkus war, d'Uweisung, sech wéi "Wëller" ze behuelen. De Fouerbesicher huet et gefall, d'Mënschenzooen waren ee Publikumsmagnéit a wuel kaum een huet sech Froen iwwer Mënschewürd oder Mënscherechter gestallt. Déi lescht Völkerschau op der Fouer war iwwregens am Joer 1936.

Well ech selwer ee Produkt vun der belsch-lëtzebuergescher Kolonialzäit aus dem belsche Kongo sinn, huet dat ganzt mer keng Rou gelooss an ech hu bei eLuxemburensia no weiderem Material iwwert dës skandaléis Mënschenzooen recherchéiert. Dobei sinn ech op eng Rei Annoncen aus de Joren 1900, 1913, 1929 an 1936 gestouss.

▲ "Le Luxembourg", 29/08/1936, eLuxemburgensia
▲ "Le Luxembourg", 29/08/1936, eLuxemburgensia
▲ "L'indépendance luxembourgeoise", 27/11/1900, eLuxemburgensia
▲ "L'indépendance luxembourgeoise", 27/11/1900, eLuxemburgensia
▲ "Obermosel-Zeitung", 26/08/1913, eLuxemburgensia
▲ "Obermosel-Zeitung", 26/08/1913, eLuxemburgensia
▲ "Escher Tageblatt", 31/08/1936, eLuxemburgensia
▲ "Escher Tageblatt", 31/08/1936, eLuxemburgensia

Diskussioun ëm TikTok-Film

Zanter kuerzem zirkuléiert ee Video um soziale Netzwierk TikTok, an deem op d'Problematik vun de Mënschenzooen op der Schueberfouer opmierksam gemaach gëtt. De Video gouf vun der Presse opgegraff an am Interview mat RTL huet den Historiker Régis Moes bestätegt, datt déi Szeenen, déi am Video ze gesi sinn, der Realitéit entspriechen an effektiv um Glacis gedréint goufen.

De Régis Moes huet ënnerstrach, datt déi Leit, déi do zur Schau gestallt goufen, bis virum Éischte Weltkrich dozou gezwonge goufen, datt dat sech awer am Laf vun der Zäit geännert hätt. Nom Éischte Weltkrich hätt et sech em "Schauspiller" gehandelt, déi bezuelt a "gecoacht" goufen, sech esou ze behuelen wéi d'Europäer sech den typeschen Afrikaner virstellen.

Ech woen allerdéngs ze bezweifelen, ob wierklech all déi Mënschen, déi um Glacis ausgestallt goufen, dat aus fräie Stécker gemaach hunn a, wéi de Régis Moes betount, och gecoacht goufen, virun allem well op de Biller och eng Rei Kanner ze gesi sinn, dorënner Kanner, déi knapps lafe kënnen.

▲ Screenshot aus dem TikTok-Video. Goufe wierklech och Kanner gefrot, ob se sech wëllen dem Publikum an engem Käfeg presentéieren a goufen si "gecoacht"?
▲ Screenshot aus dem TikTok-Video. Goufe wierklech och Kanner gefrot, ob se sech wëllen dem Publikum an engem Käfeg presentéieren a goufen si "gecoacht"?

Dekolonialiséirung

Mat dëse Mënschenzooen gouf de Kolonialismus op eng infekt Manéier zum Ausdrock bruecht. Dobei spillt et keng Roll, ob dës Mënschen gezwonge waren, sech dem Publikum wéi Déieren ze presentéieren oder ob se bezuelt goufen. Déi Leit goufen entmënschlecht a nom Prinzip behandelt "Mir Europäer sinn déi richteg, déi ziviliséiert Mënschen a mir kënnen mat den onziviliséierten Afrikaner maache, wat mer wëllen."

Och wann d'Dekolonialiséierung an Afrika an de 1950er ugefaangen huet, sinn déi meeschte Länner leider just um Pabeier fräi, wéi déi rezent Putschen am Mali, Niger, Burkina Faso a Gabun weisen. Déi selwerernannten Éischt Welt behandelt déi sougenannten Drëtt Welt nach ëmmer vun uewen erof a beräichert sech hemmungslos u sénge Buedemschätz an un séngen Aarbechtskräften. Kanneraarbecht ass och haut nach oft an deene Länner verbreet. Et ass keen Zoufall, datt déi fréier europäesch Kolonien zu den ärmste, iwwerverschëldsten Länner weltwäit zielen, wou Ënnerernährung a Krankheeten ville Mënschen zum Verhängnis ginn.

Ech wéilt mam Michel Lentz sénge Wierder aus dem Hämmelsmarsch ofschléissen:

An do e schwaarze Mann, deen Tubak ësst;

All Wonner vun der Welt, déi ka mer hei gesin,

Nëmmen nët e Mensch, deen iech fir näischt géif eppes gin,

Géif eppes gin.


E puer interessant Linken:

Kommentar schreiben

Kommentare: 1
  • #1

    Marie-Rose Clemens (Sonntag, 03 September 2023 16:10)

    Op der Weltausstellung zu Bréissel 1958! woar eng ‚Völkerschau‘ , gouf ‚Village Indigène‘ genannt. Mat Recht e riisege Skandal! Nodeems wat d‘Belsch joerzingtelaang an ‚hierem‘ Kongo gedriwwen haten! Dat kann een dréie wéi ee wëllt: dat ass Mënscheveruechtung.