· 

Vëlosummer 2023

Sabotéiert d'Gemeng Kiischpelt bewosst de Parcours?

Extra fir de Vëlossummer hat ech mer an der Citabel fir fënnef Honnert Euro nei Vëlosstrëmp, nei Cyclisteschong, e neie Maillot an nei gepolstert Cyclisten-Ënnerwäsch kaaft, an dann dat doten!

Alles huet sou schéin ugefaangen. No mengem Mentaltraining, engem Café Latte an enger gudder Portioun Enervit-Isocarb, hunn ech mäi 7000 Euro deieren E-Road-Bike vum Asport u mäi Landrover befestegt a si gemittlech moies um 9 Auer um Lampertsbierg fortgefuer, Richtung Éislek.

 

Mäin E-Bike hat ech mer wärend der Pandemie kaaft, waarden allerdéngs nach bis haut op déi versprache Primm vum Ëmweltministère. Anscheinend hunn esou vill Leit sech ee Vëlo kaaft, datt se beim Ministère net nokomme mam Ausbezuele vun de Primmen an eng Verspéidung vun e puer Joer hunn. Ech leien also voll am Trend.

 

Zu Wëlwerwolz bei der Gare parken ech d‘Voiture, am Kiischpelt ass Vëlossummer. Haut weisen ech deenen Éisleker Bauereknëppele mol wat ee Power-Bike ass a richteg Profi-Vëloskleeder sinn! Op der Vëlospist fueren ech souwisou ni, well do gesäit jo kee mech, ech fueren ëmmer op der Strooss. Meeschtens souguer express. Am léifsten hunn ech wann hannert mir ee Bus tuckert, dee mécht da mol gaaaaaanz lues an d’Passagéier hu gutt Zäit mir nozekucken, wéi ech an d’Pedallen trieden a mech an d’Kéiere leeën.

 

Vu Wëlwerwolz op Enscherange ass nach alles gutt gaangen, ech hu gewise, wat ech kann an ech si mer virkomm wéi de Bob Jungels. Awer dunn ass et lassgaangen. "Millefest bei der Raquésmillen“ stoung op engem Schëld, iwwerall geparkten Autoen a Leit, déi iwwert d’Strooss gehuscht sinn. Als semi-professionelle Cyclist hunn ech dat immens gär, wann ech muss fir Foussgänger bremsen! E bësse méi wäit koum och nach d’Fanfare Kiischpelt, déi huet den Hämmelsmarsch gespillt. Ojee, duecht ech mer, schonn nees bremsen. Wéi wann dat net scho genuch gewiescht wier, koum zu gudder lescht och nach eng Päerdskutsch. Nom Slalomfuere laanscht d’Päerdsäppel hunn ech mech gefrot, wat déi Éisleker géint d’Vëlosfuerer hunn. Da kënnt een extra aus der Stad erop fir Vëlo ze fueren an da stellt sech de Parcours als sténkeg Hindernisfahrt eraus. Et hat een de Verdacht, d’Kiischpelter Gemeng géif alles maache fir de Vëlossummer ze sabotéieren. 

Mir Stater sinn sou eppes net gewinnt. Déi nächst Vëlostour geet op de Belval. Ech wollt nämlech schonn ëmmer eng Kéier iwwert déi nei 1,2 Kilometer laang, a 47 Milliounen Euro deier Vëlosbréck fueren. Da fiert wéinstens een drop an si ass net ëmsoss gebaut ginn.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0