· 

CNN-Ëmfro

Kee Bock méi op Ukrainkrich

An den USA schéngen d'Leit es dem Ukrainkrich iwwerdrësseg ze sinn. Dat geet aus enger Ëmfro vun CNN ervir, déi de 4. August verëffentlecht gouf.

No néng Joer Krich an der Ukrain, dovun annerhalwem Joer géint Russland, huet de regierungsfrëndleche Fernsehssender CNN de Bols bei den Amerikaner gefillt. An enger Ëmfro wollt CNN wëssen, wéi d'US-Bierger zu der Aussepolitik vum President Jo Biden an zu den Hëllefsleeschtungen vun den USA fir d'Ukrain stinn.

D'Resultat ass iwwerraschend, d'Stëmmung zugonschte vun der Ukrain ass gekippt, wat d'Politiker souwuel déisäit wéi dessäit vum grousse Pull awer net weider ze stéiere schéngt. Wéi ass soss hir Motivatioun ze erklären, der Ukrain ëmmer méi sophistiquéiert a méi déidlech Waffen ze schécken. An engem interessanten Artikel vun CNN vum 4. August 2023 interpretéiert d'Redaktioun d'Resultat vun der Emfro a kënnt zu der Schlussfolgerung, dass dem US-President seng Politik op ëmmer méi eng grouss Ofleenung stéisst.

Tatsächlech stéisst der US-Regierung hir Ukrain-Politik op 53 Prozent Ofleenung, d'Politik a Bezuch op Russland gëtt vu 56 Prozent an déi vis-à-vis zu China souguer vu 57 Prozent ofgeleent.

Op d'Fro ob de Kongress zousätzlech Mëttelen zugonschte vun der Ukrain soll stëmmen, äntwere 55 Prozent mat Nee, nëmmen nach 45 Prozent sinn der Meenung, d'USA sollt d'Ukrain weider ënnerstëtzen.

Ob d'USA am Ukrainkonflikt genuch gemaach hätten, äntweren 51 Prozent mat Jo, 48 Prozent sinn der Meenung, et kéint nach méi gemaach ginn, engem Prozent ass dat egal.  57 Prozent vun den Amerikaner si géint weider Waffeliwwerungen an 83 Prozent si géint eng direkt Amëschung vun den USA a Form vun Truppen, déi an der Ukrain géife kämpfen.

D'Stëmmung huet also changéiert an et géif mech interesséieren, wéi d'Resultat vun esouenger Ëmfro an Europa a speziell hei zu Lëtzebuerg ausfale géif. An den amerikanesche Medien gëtt de Sondage vun CNN hefteg diskutéiert - an hei? Hei hu mer leider nach ëmmer ze vill Politiker, déi der Meenung sinn, et wär sënnlos, eng Léisung um Verhandlungswee ze fannen an deementspriechend verhalen sech och d'Medien.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0