· 

Vum Lämmes gebass?

Gehierwäsch wierkt souguer bei der Gauche

Eigentlech hat ech mer jo virgeholl, méi op eis Regierungsparteien ze klappen, schliesslech mussen d'Kamelle gerecht verdeelt ginn, soss gëtt et Rapp a Klapp. Ma iergendwéi klappt dat net, well schonn nees eng Oppositiounspartei un d'Dier geklappt huet fir hiert neit Meeschterwierk ze weisen. Natiirlech hunn ech vu Freed an d'Hänn geklappt.

Et ass kaum ze gleewen, op wat fir engem déiwe Niveau sech de Wahlkampf momentan beweegt, virun allem bei den Oppositiounsparteien. D'CSV setzt ausgerechent de Wahlverléierer vun 2013, deen sech sechs Méint no de Wahlen aus dem Stëbs gemaach huet, well en sech ze Schued war, als einfachen Deputéierten an der Chamber ze sëtzen, als Spëtzekandidat op, d'Piratepartei organiséiert eng Wahlversammlung a Brasilien, d'ADR bréngt d'Konschtstéck fäerdeg, sech zwee Méint virun de Wahlen ze spalten, wouropshin den ADR-Dissident Roy Reding seng eege Beweegung mam Numm "Liberté Chérie" grënd, bei där elauter Schwurbler kandidéieren. Ganz bedenklech ass och den Zoustand vun déi Lénk, déi vun alle gudde Geeschter schénge verlooss ze sinn.

Net genuch domat, dass déi Lénk no hirer weltfriemer Fuerderung, déi bankrott Baufirma Manuel Cardoso ze verstaatlechen, ganz nom Prinzip "Gewënner privatiséieren, Verloschter sozialiséieren", ee Shitstorm hu mussen iwwert sech ergoe loossen, hunn si duerno d'Käpp zesummegestreckt an iwwerluecht, wéi si déi absurd Positioun nach kënnen iwwertreffen.

D'Resultat ass ee Post op de soziale Medien, op deem de russesche President Putin ze gesinn ass, wéi e plakesch op engem rosaen Barbie-Päerd iwwert de Strand reid.  Betitelt ass déi Fotomontage mam Hippie-Slogan aus den 1960er Joren "Make Love, Not War".

Ouni den historeschen Kontext och nëmmen usazweis ze beliichten a ganz am Aklang mat der westlecher Russophobie, gëtt an deem Post, op eng kanneresch Manéier, mam Fanger op d'Russe gewisen. Fir déi Lénk ass d'Feindbild perfekt: de Russ ass dee Béisen, mir am Westen sinn déi Gutt. Bausch, Asselborn, von der Leyen, Biden & Co. freeën sech natiirlech iwwer esouvill Zousproch fir hir Krichspolitik, bei där et am Endeffekt just ee Gewënner gëtt, an zwar d'Waffenindustrie. 

Wat soll een dozou nach soen? Mat där aktueller Virgoensweis vun den Oppositiounsparteien kënnen déi Liberal, d'Kaviarssozialisten an déi Militärgréng de Schampes fir den 8. Oktober scho kalstellen.

▲ Screenshot vun der Facebooksäit vun "déi Lénk".
▲ Screenshot vun der Facebooksäit vun "déi Lénk".

Kommentar schreiben

Kommentare: 0